Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 54 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »
Autor Beitrag
Thema: Sichen Adobe Photoshop CS3
Baba

Antworten: 2
Hits: 27.252
RE: Sichen Adobe Photoshop CS3 25.04.2013 14:13 Forum: Material


Oh wosst nët datt daat geet pro Mount.
Daat mëscht et jo rem mei interessant.

Merci fier den Tipp.
Thema: Sichen Adobe Photoshop CS3
Baba

Antworten: 2
Hits: 27.252
Sichen Adobe Photoshop CS3 25.04.2013 13:30 Forum: Material


Salut Alleguer

Ech sichen een oder eent daat eventuel den Photoshop CS3 huet an eventuell verkaafen willt.
Wann eent oder een daat well maachen kann et oder en nech jo hei uschreiwen.

Villmols Merci gesot

Baba
Thema: Nuetsopnahmen
Baba

Antworten: 7
Hits: 33.170
09.12.2010 22:48 Forum: Foto-Techniken


Merci xaph32 an McQueen an gloda an mmphotos

Jo en Stativ hun ech an daat geet an d'Valise.
Jo a wann ech erem kommen wärt bestemmt net genuch Plaaz an der Valis sin. Mee mier sinn zu 11 déi op NY ginn dann fënnt sech emmer an enger Valise genuch Plaaz Augenzwinkern

Ech sin ganz benzeg fier op NY.

Merci fier är Hëllëf.

Merci och McQueen fier den internet-Site deen ass ganz interessant.
Thema: Nuetsopnahmen
Baba

Antworten: 7
Hits: 33.170
04.12.2010 21:39 Forum: Foto-Techniken


Merci gloda

Et ass nët datt ech nët motiwéiert sinn, am contraire. Mee ech wees jo nët wéi daat genau elo do ass Augenzwinkern
Mee ech wärt probéieren d'Théorie esou gudd emzesetzen wei meiglech.

Waat ass dann vun Objektief am beschten ubruecht. Ech hun just zwee Objektiever. En Sigma 18-200mm F3,5-6,3 DC OS an en Sigma 24-70/F2,8 EX DG Asp. Makro daat ganzt un enger Canon EOS 1000D. Ech wollt mier eventuell nach een Objektief , villäicht en UWW, leinen. Mee ass daat iwerhaapt ubruecht fier Panorama Fotoen zemaachen?
Thema: Nuetsopnahmen
Baba

Antworten: 7
Hits: 33.170
Nuetsopnahmen 04.12.2010 19:58 Forum: Foto-Techniken


Salut Alleguer

Ech brauch allt erem mol är Hëllëf.
Ech gin an 2 Wochen op NY an mier do geplangt och Owes Fotoen maachen ze goen. Virunallem ginn mier bis an Brookly eriwer fier Nuetsopnahmen vun der Brooklyn-Bridge an am Hannergrond NY-Skyline. Elo hun ech awer guer keng Erfaarung domadden.
Waat fier en Objektiv wier do ubruecht?
Wéi soll een Beliichtungszäit an Blend astellen? Ech wees dann kann een och ausprobéieren mee ech wollt awer elo nët deen ganzen Owend domadden verbrengen fier ze probéieren.
Ech wollt och en groussen Panorama maachen. Wéivill eenzel Biller sollt een minimum maachen? Ech wees datt een do schon sollt emol déi nàmlech Beliichtungszäit huelen an och déi nämlecht Blend. Mier wärten nët parallel zu der Breck sinn, waat et nët méi einfach mecht.

Nojee dier gesidd ech sinn en Noob Augenzwinkern

Ech soen iech elo schon villmols Merci fier är Hëllëf.

Alain
alias Baba
Thema: Weieen Computerbildschirm kaafen fir mat Fotoen ze schaffen?
Baba

Antworten: 22
Hits: 64.560
20.11.2010 22:02 Forum: Material


villmols Merci ob jiddferfall fier deng Aentwert
an dein aalen Monitor ? hues de deen nach?
ass deen nach gudd?
hehe
Thema: Weieen Computerbildschirm kaafen fir mat Fotoen ze schaffen?
Baba

Antworten: 22
Hits: 64.560
20.11.2010 10:58 Forum: Material


wei ass et dann mat deem zesummenspill vun Grafik-kaart an Monitor.
Ass daat wichteg? sollt daat och ofgestemmt sinn oder ass daat nët esou wichteg?
Thema: Photoclib zu Lëtzebuerg
Baba

Antworten: 21
Hits: 87.162
27.02.2010 18:23 Forum: Emfroen


Aslo ech sinn am mom just an engem Club an deen mecht vill a gudd Saachen. Ajo. ech sinn just am PhotoGen Augenzwinkern

Matt der Rudelbildung ass awer an an all Zocht vun Club oder Musek oder soss.
Ech sin och nach an enger Musek an do gëtt et daat och emmer. Ob ejo déi Jonk an déi Aal ode naier an mei net mei sou naier derbäi sinn. Gleichgesint gesellt sich gern heescht et jo. Soulaang d'Tolleranz vun dem engen Rudel vis-avis vun engem aaneren Rudel do ass, ass jo alles OK. Also an enger _Musek geet et net aanescht. soss kennen mier keng Musek zesummen maachen.
Am Photoclub muss et net aanescht sinn. Wann mier emmer, ob Ruddelen oder net, un engem Strang zeien mol an dei eng oder aaner Richtung, dann ass et gudd.
Thema: Vun wou sid dir alleguer?
Baba

Antworten: 8
Hits: 33.071
21.01.2010 23:50 Forum: Allgemeng OT


Hehe dat huet den Armand awer elo gudd gesot Zunge raus

m.b.G. vun Déifferdang
Alain
Thema: 10/100 (/1000) ?
Baba

Antworten: 15
Hits: 36.386
31.12.2009 13:20 Forum: Allgemeng OT


Villmols Merci Charly
Daat hun ech elo verstaanen.

Also ass et gudd op manst een Router(Modem/Router) ze hun deen IP-adressen verdeelung mecht , daat kann een jo do astellen. Vun do aus fiert een dann op den GigaSwitch an mecht mat deem Verdeelung un d'Geräter (PC, NAS, etc. ..) en GIGabit Router sou wéi den mikE daat gemeet huet brauch een dann nët well den Internet souwéisou méi lues ass wéi den Modem Router. Ausser et schléisst een och nach gären Geräter un den Router déi och GigaLan ennerstetzen.

En Gudden Rutsch wënschen ech Allen déi dest elo liesen.
Thema: 10/100 (/1000) ?
Baba

Antworten: 15
Hits: 36.386
31.12.2009 11:35 Forum: Allgemeng OT


Waat ass eigentlech den ennerscheed vun engem Roter an engem Switch.
Ech duecht vum Fontionnement hier wier et baal daat selwescht. Just dass en Switch keng IP adressen kann verginn. Mee wanns du zwee apparater un den Switch hängs kënne déi jo ennerteneen iwwert den Switch mateneen kommunizéieren. Ann en Router mecht jo daat selwescht. Dësst ass alles eischter eng Frô, nët eng Äntwert. Villäicht kann jo een mier daat elo erklären.

Villmols Merci am Viraus.
Thema: Problem beim kommenteieren
Baba

Antworten: 13
Hits: 34.828
24.11.2009 14:28 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Dann misst ech daat jo och nach eng keier nomaachen.
Ech haat d'Säit effektiv 2 Stonnen opstoen an hun duerno ereicht mein Comment geschriwwen an späicheren wëllen.

Ech soen dier Bescheed.
Thema: Problem beim kommenteieren
Baba

Antworten: 13
Hits: 34.828
24.11.2009 13:44 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Sou ech haat den Probleem elo just et ass elo den 24.11.2009 um 13:44
An ech hat esou vill geschriwwen. M....
Thema: Problem beim kommenteieren
Baba

Antworten: 13
Hits: 34.828
11.11.2009 20:35 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Haat och schon puermol deen Probleem.

Als Info ech benotzen FF 3.5.4
Thema: Video-Fichier mat der Extensioun AVI
Baba

Antworten: 8
Hits: 42.958
RE: Video-Fichier mat der Extensioun AVI 03.11.2009 06:51 Forum: Multimedia


Zitat:
Original von Jean-Jos
Kann ee mer hëllefen a soe [ also engem, dee näischt vun Informatik versteet Augenzwinkern ], wat ech mache muss, fir e Video-Fichier mat der Extensioun AVI kënnen ze kucken.
Ech hun um Net e bësse rondrëm gekuckt a gi nët eens (do geet vu codecs Rieds, déi beim Windows Media Player näischt sin ?!? )...
THX


Salut Jean-Jos

Probéier mat desem Player deng AVIen ze kucken. Du kanns bei der installatioun jo auswielen datt en just AVI en ofspillt an dass déi aaner Videoformater emmer nach vum Windows Media Player ofgespillt gin. Mee du kannst natiirlech och soen dat alles soll vun GOM-Player ofgespillt gin wanns du den WMP guer net méi wëlls benotzen.

Hei den link.
<<GOM Player>>

Also ech hun bis elo gudd Erfaarugen mom GOM Player gemeet.

Vill Spaass domadden.
Thema: Tiger um iMac extrem lues
Baba

Antworten: 14
Hits: 40.158
RE: Video-Fichier mat der Extensioun AVI 03.11.2009 06:48 Forum: Multimedia


.
Thema: Warning Message
Baba

Antworten: 4
Hits: 28.836
28.08.2009 14:57 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Effektif am JPG sin keng Metadata drann.
Mee ech mengen daat kënnt vum PS. Do gett et iergend eng Astellung fier dat den PS exif och an dem naien Bild ofspäichet. Mee just hun ech dei nach net font.
Wann also een et wees, deem soen ech elo schons Merci.

Ech hun en CanonEos 1000D. Mee dohier kennt den Probleem net well ech all d'Info am Adobe Bridge gesinn.
Thema: Warning Message
Baba

Antworten: 4
Hits: 28.836
Warning Message 27.08.2009 23:07 Forum: Hëllef um Portal oder am Forum


Salut
Wei ech elo eng Foto eroplueden wollte hun ech der zweter säit desen Warning Message kruut:
Zitat:
Warning: exif_read_data(47257.jpg) [function.exif-read-data]: Incorrect APP1 Exif Identifier Code in /var/www/virtual/photogen.lu/htdocs/foto/add_foto_infos.php on line 133

Ech benotzen Firefox 3.5.2
Thema: USA & Taxen
Baba

Antworten: 23
Hits: 69.879
14.08.2009 08:58 Forum: Material


Salut Alleguer

Ech haat och schons mol eng Kéier eppes aus den Sates bestallt (Eng Tombone). Daat Geschäft wou ech se bestallt hun gett et och an Frankräich. Mee obschon ech aus Frankräich keng Taxen bezuelt hätt wor se asu den USA mat den Taxen nach 1200€ méi bëllëg ewei an der EU.

Also Taxen bezuelen oder net kënnt emmer drops un. Vergläichen an ausrechnen sollt een emmer.
Thema: photoGPS
Baba

Antworten: 3
Hits: 27.292
11.08.2009 09:30 Forum: Material


daat eenzegt wou een emmer muss drop obpassen, dat d'Auerzäit op deenen zwee oder drei (mam PC) Apparater sou gudd wéi méiglech déi selwescht ass. Dan huet d'software et duerno méi liicht fier déi richteg GPS daaten bei dei entspriechend Foto ze setzen.
Ech benotzen desen soft elei:
http://www.itravel-tech.com/download/datalogger/sj01.htm
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 54 Treffern Seiten (3): [1] 2 3 nächste »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH