Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 100 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Nikon D40... an elo?
marischen

Antworten: 8
Hits: 41.095
17.09.2015 15:14 Forum: Material


Fir dëst Thema anstänneg ofzeschléissen smile : Ech hu mer eng Nikon D7100 kaaft a si bis lo absolut zefridden, virun allem well ech mäin 50mm lo a vollem Emfang notze kann. Merci nach eng Kéier fir är Hëllef!

Marie
Thema: Nikon D40... an elo?
marischen

Antworten: 8
Hits: 41.095
12.09.2015 20:30 Forum: Material


Villmols Merci @jps an @schiefer ! Dir hutt mer scho vill gehollef smile
Thema: Nikon D40... an elo?
marischen

Antworten: 8
Hits: 41.095
11.09.2015 22:25 Forum: Material


Ok Merci, gutt ze wëssen :-)
Thema: Nikon D40... an elo?
marischen

Antworten: 8
Hits: 41.095
10.09.2015 18:30 Forum: Material


@ Johny

Dass d'Kamera selwer keng dpi mécht weess ech, ech hat allerdings gemengt dass d'Opléisung indirekt eppes matt den dpi ze dinn hätt smile Also dass eng héich Opléisung e Print matt villen dpi méiglech mécht an eng kleng Opléisung eben just matt manner dpi. Wéi ech dorob komm sinn: Wann ech eng Foto matt menger D40 maachen an am Photoshop d'Bildgréisst gekuckt hunn stoung do emmer iergendeppes matt 250 dpi. Oder: Ech wollt eng Kéier bei engem Fotoconcours mattmaachen. D'Bedingungen waren Fotoen matt op mannst 300 dpi... Ech hat suguer eng Kéier beim wort nogefrot wéieng Opléisung d'Fotoe missten hunn fir gedréckt ze ginn. Vun Opléisung gouf an der Äntwert näischt gesoot, just datt se missten 300 dpi hunn.

Souvill zu den dpi Augen rollen
Thema: Nikon D40... an elo?
marischen

Antworten: 8
Hits: 41.095
Nikon D40... an elo? 10.09.2015 12:16 Forum: Material


Salut!

Viru bal 10 Joer hat ech mer eng Nikon D40 kaaft (6,1 Mpx, deemols na WOW) an 2 Objektiver matt integréiertem Autofokus-Motor: AF-S Nikkor 18-55mm 3.5-5.6 & AF-S Nikkor 55-200mm 4-5.6 plus nach en Objektiv ouni Motor Nikkor 50mm 1.8. Dat läscht ass mettlerweil mäi Lieblingsobjektiv och wann den Autofokus logescherweis net geet (wat bei oppener Blend vläicht souwisou schwiereg ass? och op déi Fro dierf gären geäntwert ginn Augenzwinkern ). Bon, meng éischt Fro ass elo folgend:

Wéieng Kamera misst ech lo kaafen fir datt meng Objektiver nach drop passen? Mecht den integréierten AF-Motor do eventuell Problemer? Eng nei Kamera well ech virun allem well meng aal just Fotoen matt ENNER 300 dpi mecht (ech brauch awer eigentlech min. 300 dpi), praktesch wier och wann se méi Fotoen pro Sekonn kéint maachen. Et muss net dat bäscht (an deierst) sinn wat ze kréien ass, éischter eng gutt Basis-Standard-Kamera. Ech ginn léiwer bëssi méi fir gutt Objektiver aus.

Zweet Fro: Mäin 50mm Nikkor-Objektiv ass super, mee optimal wier e Zoom-Objektiv wat trotzdem d'Blend grouss opmaache kann (fir Portrait-Fotoen). Wéieent kéim do a Fro?

Ech hu scho bessi gegoogelt mee ech gin net gutt matt de Fachbegrëffer eenz a wier frou wann deen een oder aner sech kéint bessi Zäit huelen a mer puer Tipps ginn smile

Merci!

Marie
Thema: Du bass dach Faarweblann
marischen

Antworten: 2
Hits: 96.986
22.06.2015 17:14 Forum: Multimedia


yes 31 :-P (no 10 mol probéieren)
Thema: fleissend
marischen

Antworten: 7
Hits: 105.593
RE: groofilter 14.09.2014 21:03 Forum: Foto-Techniken


Wat ech fir mäi bezuelt hat weess ech net méi, mee 15 € kéint hikommen :-)
Thema: fleissend
marischen

Antworten: 7
Hits: 105.593
14.09.2014 17:29 Forum: Foto-Techniken


Salut,

Dass d'Waasser ausgesäit wéi Damp kennt doduech datt méi laang beliicht ginn ass z.b. während 10 Sekonnen. Fir dat am Daag ze maachen brauchs de e Grofilter fir vir op d'Objektiv ze schrauwen, soss wier d'Foto herno iwerbeliicht. Well ech keen Expert dora sinn an dat ganzt och net gutt erklären kann hunn ech der e Site rausgesicht wou dat ganzt relativ detailléiert beschriwen ass:

Link

Wann ee sech virdrun nach guer net matt Beliichtungszäiten an Filteren beschäftegt huet muss ee sech bessi raliesen fir dat ganzt ze verstoen. Vläicht ass hei um Site jo och nach iergendeen deen dat gutt erkläre kann :-)

LG
Marie
Thema: Copyright - Konferenz / Diskussioun
marischen

Antworten: 49
Hits: 148.418
22.08.2014 12:42 Forum: Misc


Dat:

http://www.rtl.lu/lifestyle/people/561350.html

:-)
Thema: Walen 2013
marischen

Antworten: 2
Hits: 24.295
16.10.2013 09:28 Forum: Allgemeng OT


Hunn dee Site scho viru puer Deeg entdeckt, muss soen datt et wierklech eng ganz gutt Initiativ ass. D'Emsetzung fannen ech och wierklech gutt gelongen (d'Méiglechkeet kënnen 2 oder méi Parteien ze vergläichen, dat ganzt ouni Schnick Schnack).

Leider, an dofir kann de Site natierlech net, weist dat ganzt just nach méi däitlech op, dass d'Programmer bei bal all de Parteien zimlech ähnlech klengen. Ofgesinn vun e puer méi krasse Géigesätz déi d'Nimm vun de Parteien am Fong schon (missten Augen rollen ) verroden, ass et des Kéier méi schwéier wéi soss, sech fir eng Richtung ze entscheeden.

Dobäi denken ech och un smartvote.lu. Ech hunn den Froebou lo schon 3 mol ausgefëllt, emmer an der Hoffnung, d'Resultat geng iergendwann (wat méi Kandidate mattmaachen) méi kloer ausfalen. Mee de Géigendeel war natierlech de Fall. Ech "misst" also lo theoretesch enger Partei meng Stëmm ginn, deenen hiere Positiounen ech just zu 54% zoustëmmen, well dat den héchste Score war souzesoen. Fannen dat schon zimlech demotivéierend. Ech denken also, datt ech bei wäitem net den Eenzege sinn, deen den 20. Oktober "das kleinere Übel" wiele muss.
Thema: Gaanz aal Fotoen
marischen

Antworten: 14
Hits: 41.960
02.07.2013 16:02 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech verstinn net firwat dat KEE Sënn sollt maachen smile
D'Rubrike si jo enner anerem och do datt een eng Foto resp. eng bestëmmt Zort vu Fotoe besser remfennt. Wann lo een sech besonneg fir aal Fotoen interesséiert (Ech z.B .an et gett bestemmt nach e puer aner Nostalgiker hei um Site) wier e bestemmt frou wann et soueng Rubrik géing ginn.
A wann den "Inhalt" vun der Foto nun emol schon 40-80 Joer zréck läit, firwat dann net sou eng Rubrik man? Augenzwinkern
Natierlech muss lo net jiddereen säi ganze Familienalbum roplueden, mee ech si mer sécher datt se och fréier scho woussten wéi ee gutt Fotoe mecht.
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
marischen

Antworten: 31
Hits: 76.272
11.09.2012 13:06 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


@Jade

Also dat verstinn ech natierlech. Wat ech gemengt hunn war dass ee Sonndes jo kéint fir déi kommend Woch Fotoen an d'Ofstëmmung setzen. En plus ass Sonndes jo (wéi de Gaga scho soot) den éischten Dag vun der Woch... Augenzwinkern
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
marischen

Antworten: 31
Hits: 76.272
10.09.2012 22:22 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Dass ee Sonndes keng Foto kann an d'Wochenofstëmmung ginn well schon eng Ofstëmmung leeft fannen ech net immens logesch an och iergendwéi net fair. Ëmmerhin ginn déi Fotoen déi Sonndes ropgeluede goufen dann jo iergendwéi "vergiess"? Oder ieren ech mech? Augen rollen
Thema: Feature request: Wochenofstëmmung - Biller eraushuelen
marischen

Antworten: 31
Hits: 76.272
09.09.2012 20:29 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Ech weess net ob dat vläicht schon thematiséiert gouf, mee ech froe mech firwat et net méiglech ass Sonndes eng Foto an d'Wochenofstëmmung ze setzen?
Thema: Ausgewandert
marischen

Antworten: 8
Hits: 32.819
17.04.2012 20:08 Forum: Allgemeng OT


Schéin Andréck vu Madeira :-) War virun ongeféier 7-8 Joer eng Kéier do (a bestemmt net déi eenzeg a leschte Kéier) an dengem Video no hunn ech nawell vill schéi Plazen nach net gesinn (d'Insel ass zwar kleng, an awer kritt ee se an enger Woch net ganz entdeckt).
Madeira ass wierklech eppes ganz besonneges..

Alles Guddes do ennen :-)
Thema: "Makrolensen"?
marischen

Antworten: 13
Hits: 34.880
27.11.2011 15:31 Forum: Material


Zitat:
Original von marischen
D'Lens ass vun B+W an den Zwescherank vun hama


smile
Thema: "Makrolensen"?
marischen

Antworten: 13
Hits: 34.880
25.11.2011 17:34 Forum: Material


Du daerfs Augenzwinkern Ech hunn se zu Rëmeleng am Photo-Cine Schaeffer kaaft. D'Lens ass vun B+W an den Zwescherank vun hama. Ech hunn eng Nikon-Kamera, ech denken awer dass dat ob all Spiggelreflex misst passen. Souwisou geet een zu Remeleng net ereaus ouni gutt beroden ginn ze sinn smile (Wann et nach sou ass wéi viru puer Joer)

Marie-Claire
Thema: "Makrolensen"?
marischen

Antworten: 13
Hits: 34.880
25.11.2011 15:03 Forum: Material


Hello,

ech hunn mer virun puer Joer och eng Makrolens kaaft well d'Makroobjektiver jo awer zimlech deier sinn. Ech hat mengen ech 25 € bezuelt.

Wat ech bei der Makrolens flott fannen ass, dass een se (matt engem zousätzlechen Adapter oder wéi nennt een dat) ob all Objektiv schrauwe kann, an eben och ob e Wäitwenkel.

Hei mol e puer Links vun Fotoen déi ech matt verschiddene Brennwäiten matt enger Makrolens gemaach hunn:

Link, Link, Link, Link

Fannen et eng ganz gutt Alternativ wann een wierklech just well Makrofotoe maachen, also net och nach Portrait'en oder sou.

Marie-Claire
Thema: Faarweblann
marischen

Antworten: 36
Hits: 75.593
21.04.2011 19:27 Forum: Fotobearbëchtung


12 Freude

Fannen dat zwar lo net sou schlecht
Thema: Google ass däi Kolleg
marischen

Antworten: 9
Hits: 36.993
22.03.2011 22:05 Forum: Projet Virstellungen


Also dozou muss ech awer och lo mol meng Meenung soen! smile

Ech fanne Google eng super gutt Saach. Du fënns praktesch ob all Fro eng Äntwert, brauchs net méi éiweg a Bicher ze bliederen an virun allem du muss kee Mënsch méi fir eppes froen, Google mëscht dat schon.

A grad dat ass et, wat ech mëttlerweil éischter schued wéi praktesch fannen. D'Leit kommunizéieren hautdesdaags schon bal just nach iwwer Internet (Facebook, Skype, MSN, Email etc) wat duerch d'Smartphones och nach gefördert gëtt. An dann däerf een de Leit mol keng Froe méi stellen, et soll een dach d'Maschinn domat "nerven".

Dat ass lo eng radikal Siicht vun dëser Saach. Natierlech nervt et iergendwann an engem Forum, wann d'Leit permanent wéint der selwechter Fro en neien Thread opmaachen. Mee ech erliewen och am Alldag datt ëmmer rëm gesot gëtt "Ma, google dat dach einfach!". Souguer Proffe genéieren sech dofir net.

Anerersäits bréngen d'Leit et dann awer fäerdeg sech stonnelaang wéint enger Nichtegkeet am Forum d'Hänn wonn ze tippen a sech verbal ze zerklappen. Mee dat geet lo bëssi ze wäit... Augenzwinkern

Ich habe fertig!
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 100 Treffern Seiten (5): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH