Thema: Asbestgefor an der CT? |
|
Ech si schon der Meenung dat een net ze oft soll gréisser Quantitéiten vun Asbestfaseren anotmen, an aal Industriegebäier wéi z.B. d´CT si Platzen wou éichter méi grouss Mengen unzetreffe sin. Ech well hei keng Panik machen, sin awer der Mennung dat eso ue Forum och soll fir d´Bewosstmachung vun eventuellen Risiken déi beim Fotograféieren op méi ongewéinlech Platzen kennen optrieden sollgenotzt gin.
|
|
Thema: Asbestgefor an der CT? |
|
Ech hun zoufälleg mat engem Matarbeschter vun enger Firma geschwat, déi sech haptsächlech em Asbestsanéirung an der Industrie kemmert. Vun him krut ech d´Bestätegung vun enger Vermutung déi ech schon méi lang hun: d´Centrale Thermique (CT) zu Esch as zimmlech stark mat Asbest (amiante) kontaminéiert. Asbest as agesat gin fir d´Réier a Leitungen ze isoléieren an war als Brandschutz an den Iewen dran. D´CT as an engem desolaten zoustand an op ville Platzen as déi Isoléierung futti a setzt Asbeststéps fräi. An denen läschten Joerzengten hun Kofferdéif am ganze Gebai gewütet an allméiglech Materialien erausgerappt ouni drop opzepassen, dat Materialien aus Asbest dobäi beschiedegt gi sin.
Ech gesin dat nach emmer Leit d´CT besichen gin an sech wahrscheinlech dem Risiko net bewosst sin. Ech war och méi wéi eng Kéier do, ouni Mondschutz. Ech hun zwar emmer drop opgepasst net zevill Stéps opzewirbelen, mee ganz bewosst war ech mir dem Risiko och net. Asbest as wann en a fester Form gebonnen as net problematesch; riskant get et wann Asbestisoléirungen oder-plakken beschiedegt gin an déi Faseren an d´Loft fräigesat gin. Dess Warnung gellt net nemmen fir CT, mee fir eng ganz Rei vun aalen Industriegebäier déi sech lues a lues an hier Bestanddeeler opléisen.
|
|
Thema: Wou belleg Batteriegreff kaafen? |
|
Hallo,
kuck emol bei ebay oder amazon, do fennst du Kopien vum Original. Ech hu mir geschter eng Kopie vun der Mark "Delamax" mat 2 Akkuen fir 90 € (Sony Alpha850) kaaf. Ech hun e bessen a Foren nogelies fir erauszefannen op déi Mark ok as an op d´Akkuen och halbwegs eppes sin. Insgesamt sind d´Leit zefridden mat dem Material.
|
|
Thema: gesättegte Pixel? |
|
Salut gillez,
ech sin zwar keen Expert, mä sou wéi ech dat verstinn schwätzt een vun engem gesättegte Pixel, wann de Pixel e Maximum un Luucht opgeholl huet, d.h. bei absoluter Sättegung (100%) as deen Pixel op der Foto ganz wäiss (iwwerbiliicht). Et mecht Senn keng Pixelen ze consideréieren wou iwwer 90% Sättegung leien, well do sou gudd wéi keng Detailinformatioun méi vorhanden as, déi een jo grad beim HDR wellt behalen.
|
|
Thema: Sony SLT Alphaserie + Nikon Adapter |
|
Salut,
et get esou en Adapter, mee doduerch dat d´Distanz zu Sensor net méi richteg as hues du eng ganz Rei vun Aschränkungen:
When using the adapter mount, please take note of the following issues:
1. Autofocus (AF) is not available;
2. Stop-down metering is used. Spot metering mode does not work properly.
3. Although it is possible to use the A (aperture-priority AE) mode in auto exposure, the aperture display is not available.
4. In the P (Program AE), or S (Shutter speed-priority AE) mode, the shutter releases, but the auto exposure control does not work.
5. The distance scale on the Nikon AI lenses may not indicate the actual distance. Always use the viewfinder for focusing.
6. Since the Sony Alpha and Konica Minolta DSLR cannot recognize AI lenses, please unlock the shutter after mounting the Nikon AI lens on the Alpha system.
|
|
Thema: Geschäfter hei zu letzebueg ? |
|
Salut,
ech hun an der lescht mäin Material (Stativer etc.) beim Fototrade zu Gasperech kaaf. D´Material as vun der Mark B.I.G an ech fannen dat et präislech a qualitativ ganz korrekt as. Si un eng Rei vun Standart Studiosachen am Geschäft an de Rescht kann iwwer Katalog bestallt gin. Hei as de Link, do fennst du och de Katalog fir erofzelueden: http://www.alles-big.de/
|
|
Thema: Eng Mouse déi net klickt |
|
Hu mech nach net drugetraut. Huet et wäert sech een net ze deieren ze kaafen wéi zb. Wacom Bamboo Fun Pen & Touch (Medium)?
|
|
Thema: Eng Mouse déi net klickt |
|
Hallo,
ech war an der läscht öfters genervt vum klicken vu menger Mouse zumols wann ech am Photoshop geschafft hun. Och mäin Matbewunner war mat der Zäit genervt wann ech an der Stuff gephotoshoped hun an hien nierwendrun wollt a Rou liesen oder soss eppes machen. Dorops hin hun ech mech op d´Sich gema no enger Mouse bei där een d´Klicken net esou fill héiert a war iwwerrascht dat esou eppes net esou einfach ze fannen as. Et get eng bekannt Mark déi esou eng hierstellt, dess huet awer schlecht Kritike kritt well se d´halschend vun der Zäit net ordentlech funktionnéiert. Dun hun ech an den USA eng Firma fonnt, déi sech op esou eng geräuschlos Mouse spezialiséiert huet (quietmouse.com). Ech schaffen elo säit e puer Deeg domat a sin déck zefridden. Den éischte Moment as et ongewinnt mee et spiert een ganz gudd un de Fangeren wéini een d´Tast gedréckt huet. Präis ongeféier 25 €.
Villäicht as jo den een oder aneren, deen och genervt as vum Klick klick klickklick...
|
|
Thema: Power vum Bletz reduzéieren? |
|
@ Dan D-80
Merci, ech kucken mol no wat et do sou get vun Gels fir op de Bletz. Ech sichen eng Variant fir um Bletz d´Power ze reduzéieren ouni mussen un d´Blend a Belichtungszäit ze goen.
|
|
Thema: Power vum Bletz reduzéieren? |
|
Eng Fro un d´Strobists ennert iech:
Ech hun 2 Minolta Bletzer déi ech kann op 1/32 Power reduzéieren. Wat kann ech machen wann dat mir nach ze stark as an ech d´Bletzer net kann méi wäit vum Sujet eweg setzen? Get et esou eppes wéi eng ND-Filter Folie mat där ech d´Bletzkraft kann reduzéieren ouni d´Farwtemperatur ze beaflossen? Oder wees een eng aner Méiglechkeet?
Merci
Jim Urbain
|
|
Thema: Zirkus-Shooting |
|
Salut Marc,
ech fannen déng Idee ganz gudd a kann dir ubidden ze jongléieren (3 Bäll oder 3 Keelen)
|
|
Thema: Photoshop Froen |
|
Hat dee Problem och schon; ech ka mech awer net erenneren op ech e geléisst kruut. Probéier mol mat CTR-SHIFT-ALT-E.
|
|
Thema: Photoshop Projet III |
|
MarcGerard
- mmphotos
- Gaga
- Johny
- Metalbambi
- marischen
- krautheim
|
|
Thema: E User fannen op Photogen |
|
Merci fir den Tipp
As zwar a mengen Aan net dee glécklechste Wee fir een ze fannen, mee besser wéi näischt.
|
|
|