Photogen.lu Forum
Portal Registrierung Mitgliederliste Teammitglieder Suche Häufig gestellte Fragen Zur Startseite

Photogen.lu Forum » Suche » Suchergebnis » Hallo Gast [Anmelden|Registrieren]
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 926 Treffern Seiten (47): [1] 2 3 nächste » ... letzte »
Autor Beitrag
Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen
gloda

Antworten: 6
Hits: 47.349
17.06.2016 13:39 Forum: Material


Super, do sinn ech lo frou iwwer d'Hëllef déi ech gebuede kréien. Ech hu gekuckt wat déi zwee Objektiver weien, a well et just 20g Ënnerscheed sinn mellen ech mech da mol (op direktem Wee) beim Johny.
Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen
gloda

Antworten: 6
Hits: 47.349
Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen 14.06.2016 19:54 Forum: Material


Salut,
Ech géif mer gär e Wäitwénkelobjektiv fir Canon Vollformat ausléinen fir am August 2016 2 Woche mat an d'Vakanz ze huelen. Eppes méi wäites wéi 24mm wier ideal, awer et soll kee Fisheye sinn. Fir dee wou mer aushëlleft soll et natierlech net ëmsoss sinn, an dat gutt Stéck gëtt verséchert smile
Thema: Fotowettbewerb "Go Inclusive"
gloda

Antworten: 0
Hits: 32.205
Fotowettbewerb "Go Inclusive" 24.08.2015 09:11 Forum: [Foto] Rendez-vous


Bis den 30. August leeft nach de Fotosconcours "Go Inclusive – Menschen mit und ohne Behinderung gemeinsam im Bild" organiséiert vun der Ligue HMC. D'Detailer an d'Bedingunge fannt der hei:
http://www.go-inclusive.net/fotowettbewerb/
Ze gewanne gëtt et de Juryspräis (d'Bild gëtt ausgestallt) an e Publikumspräis (Suen). D'Biller déi ageschéckt ginn ginn dono vun der Ligue HMC an hire Partner benotzt.
Thema: Du bass dach Faarweblann
gloda

Antworten: 2
Hits: 96.916
Du bass dach Faarweblann 19.06.2015 15:14 Forum: Multimedia


http://wvw.igame.com/eye-test/?lang=EN

27, allez, ween toppt mäi Score?
Thema: Black Friday: Lightroom 5
gloda

Antworten: 2
Hits: 29.184
Black Friday: Lightroom 5 02.12.2013 20:02 Forum: Fotobearbëchtung


Am Moment a fir déi nächst 2 Stonnen nach gët et bei bhphoto.com de Lightroom 5 (Download Versioun) fir 83.99$ (62€). Dat ass 10€ méi bëlleg wéi d'Studente Versioun am Adobe Store fir Lëtzebuerg. Ech hunn zougeschloen.
Link: http://www.bhphotovideo.com/c/product/98...5_software.html
Thema: F"@!in' Banding
gloda

Antworten: 2
Hits: 26.652
26.10.2013 07:34 Forum: Fotobearbëchtung


Weis eis dono w.e.g. en Vorher-Nachher, dat interesséiert mech.
Thema: Méi grouss Thumbs
gloda

Antworten: 30
Hits: 73.039
06.01.2013 21:30 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Keng Usernames méi? Interessant, u sech.
Thema: Bletz Extender fir Natur Fotografie
gloda

Antworten: 2
Hits: 25.160
01.01.2013 22:11 Forum: Allgemeng OT


Bedenk dass mat denger 1DX wann s de mat d'Blëtz schaffs déi séiertst Verschlosszäit 1/250 ass. (Ausser fir wiessels op FP Modus, mä da verléiers de erëm Luucht). Bei Tele Brennwäiten a bei Déieren déi sech séier bewegen ass dat meeschtens en Nodeel.
Thema: Gorillapod
gloda

Antworten: 8
Hits: 33.284
17.11.2012 17:22 Forum: Material


Ech hunn den DSLR Modell. D'Modeller drënner hunn en "Hals". D.h. déi puer Gelenker ganz uwen droen d'Gewiicht eleng amplaz dass et op dräi Been verdeelt ass. Fir eng DSLR géif ech also dee Modell empfehlen. Si hunn och nach een driwwer fir Filmkameraen, mä dat ass warscheinlech méi wéi s de brauchs.
Fir der eng Iddi ze ginn: Ech hunn den Gorillapod scho mol mat der 5D mat Batteriegrëff an 70-200 2.8 un e klengen Bam geklemmt. Kee Problem. Ech hunn der Mëttlerweil 3, wéi de MetalBambi seet fir d'Blëtzer.

Alles wat ähnlech ausgesäit mä net vun Joby ass sinn onlizenzéiert Kopien. Bei eppes wou ech mäi Fotoapparat drunhänken spueren ech net gär um falschen Enn.
Thema: Rechtleches zu Street Photo ann Usernumm Fro
gloda

Antworten: 5
Hits: 34.456
21.08.2012 20:35 Forum: Technik-Diskussiounen


Wéi gesot, Forum sich, da kéinte mer déi Diskussiounen all op enger Plaz halen. Den do Link hate mer och schonn.
http://photogen.lu/forum/thread.php?thre...5&hilight=cases
Thema: Rechtleches zu Street Photo ann Usernumm Fro
gloda

Antworten: 5
Hits: 34.456
19.08.2012 13:19 Forum: Technik-Diskussiounen


Fotorechter oder Fotorecht - FAQ.
Mir hunn och eng Sichfunktioun am Forum: http://photogen.lu/forum/search.php
Thema: Foto vun der Woch
gloda

Antworten: 7
Hits: 34.075
26.06.2012 16:21 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


D'Fotoe ginn aus dem "Pool" vun deenen déi iwwert d'Woch net-anonym eropgeluede goufen nominéiert. Et ass net méiglech réckwierkend d'Leit vergiessen ze loosse ween se gemaach huet, respektiv spontan Visiteuren dovun ofzehalen et ënner "Neist Fotoe kucken" erauszefannen wann se wéilten. Dee System hu mer jo och, mä fir d'Concoursen, wou d'Biller dann awer am viraus net anerwäerts um Site gewise ginn.
Thema: Refus
gloda

Antworten: 186
Hits: 360.147
20.06.2012 08:21 Forum: Kritiken an Verbesserungsfierschléi


Zitat:
Original von Nathalie
-wei soll een eng kritik kreien bei eng Foto, wou dann mol net ungeholl get?

Ouni Filtrage géif ech mech net ameséieren duerch all d'Fotoen ze kämmen a guer keng Kommentare schreiwen. Ech maache mer och keng Méi eng Kritik ze schreiwe bei Fotoen wou ech den Androck hunn de Fotograf huet sech keng gemaach. De Fakt dass Fotoe refuséiert ginn féiert dozou dass méi Leit méi nëtzlech Kritik kréien.
Thema: Hëllef: sichen automatesch akutaliséierend Diashow
gloda

Antworten: 3
Hits: 29.279
13.06.2012 06:48 Forum: Misc


De Lightroom kann dat maachen, mä e weist dann ëmmer nëmmen déi neist Foto un a waart dann bis eng nei gemaach gëtt ier en déi nächst weist. D'Funktioun heescht 'Watch Folder'.
Thema: Hëllef: sichen automatesch akutaliséierend Diashow
gloda

Antworten: 3
Hits: 29.279
12.06.2012 12:40 Forum: Misc


Op wéi engem Gerät a mat wéi enger Betriebssoftware wëlls de schaffen?
Thema: Fotosgeschäfter an der Groussregioun (Material)
gloda

Antworten: 19
Hits: 68.161
05.04.2012 16:23 Forum: Material


Ech verweisen op dat fettgedréckt am éischte Post. Dësen Thread ass just als Oplëschtung geduecht.
Thema: Botzen vum Sensor vun der DSLR
gloda

Antworten: 4
Hits: 33.667
29.03.2012 09:41 Forum: Material


Tiens. Bon d'Iddi war dass de iwwer d'Forum Sich eppes fënns wat der hëlleft. D'Thema ass schonn oft diskutéiert ginn. Klick uewen ënnert dem Banner op "Sichen" a gëff als Stéchwieder "Sensor" a "botzen" an.
Thema: Botzen vum Sensor vun der DSLR
gloda

Antworten: 4
Hits: 33.667
RE: Botzen vum Sensor vun der DSLR 28.03.2012 19:22 Forum: Material


Am beschte benotz de déi hei Method.
Thema: Concours
gloda

Antworten: 185
Hits: 505.236
17.02.2012 18:44 Forum: Froen zu Photogen


Mengs de iwwert de Thumbnail an der Iwwersiicht? Well wann s de drop klicks steet e jo do.
Thema: ND Filter
gloda

Antworten: 12
Hits: 37.142
03.02.2012 16:35 Forum: Material


Ok, mam EXIF kann een elo ongeféier schätzen wat fir een ND Filter et war.

Kuerz Äntwert: ND 3.0 wéi de Johny an de Galileo en hunn.

Lang Äntwert:
Wa mer dovun ausginn dass et en Dag mat ville Wolléke war gëlt d'Fauschtregel Blend f/8 an e Shutter Speed vun 1/ISO. Säin ISO ass 100 also kréie mer als Basis f/8 bei 1/100. Vun 1/100 op 80" sinn et 13 Blenden, mä vun f/8 op f/22 sinn der neess 3 fort komm, da bleiwen also 10 Blenden Ënnerscheed vun der Fauschtregel zum EXIF. 10 Blende manner kritt ee mat engem Filter mat enger 'optical density' vun 3.0 huet.

Natierlech, wann d'Foto spéit Owes gemaach gouf huet e vläicht iwwerhapt keen ND Filter benotzt. Méng Rechnung huet sech op déi Zäit bezunn wou et hell ass.
Zeige Beiträge 1 bis 20 von 926 Treffern Seiten (47): [1] 2 3 nächste » ... letzte »

Powered by Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH