Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Kommiounsfoto (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=967)


Geschrieben von Masterpii am 05.03.2008 um 18:02:

  Kommiounsfoto

Hallo all zesummen.

Ech soll vun menger Kusinn Fotoen fir d'remercimentskarten fir hier Kommioun maachen, an ech wollt hei mol foren, ob dir mir fläit Idden keint gin, wei een dei interessant keint maachen. Hun selwer 2 Ideen, mee wollt awer nach mei Ideen kreien an mech dann entscheeden.
Geif mech iwwert all Firschlag freen.

Thanks am firaus

Patrick



Geschrieben von Mika am 05.03.2008 um 21:01:

 

Well d'Famill mei "konservativ" Fotoen, d.h. naischt extravagantes, mee däer typescher Fotoen fir op d'Remerciementen? Also wann soueppes, bei menger Kusine hunn ech et sauflott fonnt, einfach Fotoen mat engem rouegen Hannergrond dobaussen Augenzwinkern wann ech d'Fotoen vu menger eegener Kommioun kucken keint ech nach emmer katzen dass alles am Studio fotografeiert ginn ass, dei gefaale mir iwwerhaapt net. Bon, mee Iddien hunn ech lo am Moment keng, just Präferenzen fir dobaussen (wann d'Weeder et erlaabt).



Geschrieben von Minaa am 06.03.2008 um 11:43:

 

Ech muss demnächst och Kommiounsfotoen fir eng Frendinn maachen mee bei mir war de Problem mat der Location séier geléist - vu que daat all d'Kanner aus däer Famill zu Dikkrech am Park fotograféiert gin sin, muss ech daat dann lo och sou maachen ^^
Mee kann dem Mika do nemmen zoustemmen, et ass wierklech am beschten wanns de raus an d'Natur gees, daat gin menger Meenung no wierklech di schéinsten Fotoen! Meng eegen Kommiounsfotoen goufen deemols och all am Studio gemaach an ech fannen daat guer net flott... Also e rooden der och, soubal d'Wieder eng Kéier matspillt an e schéinen Park oder ze goen an d'Fotoen do ze maachen.



Geschrieben von Irotschka am 06.03.2008 um 19:09:

 

ech kënnt jo lo soën, gei mol do oder do kucken,
mais daat hun së hei nët sou gären Augen rollen



Geschrieben von galileo am 06.03.2008 um 21:50:

 

@"Irotschka"...kenns du do nach eng Plaz déi ech nët kënnen wou een Beispiller fënnt...da so mir se trotzdem....ass jo e fräie Forum hei...;-)

Kann Inspiratioun fir d'nächst Joer bei mengem Meedchen och secherlech gebrauchen...



Geschrieben von Masterpii am 06.03.2008 um 23:03:

 

Also fir d'eischt mol Merci. Also ech wollt se souwiesou am freien maachen, mee hat am fong gemengt, wei een se interessant oder mei spezi8ell keint gestalten!
Zum Beispill: Is it love?!

wann da iegendwelch ideen hudd, ech wier iech dankbar!! großes Grinsen



Geschrieben von JADE am 07.03.2008 um 00:00:

 

Ech sichen och Masterpii ... hun och dëst Joer esoueen Fest ...
ech sin awer der Meenung, dass bei "is it love" ët daers "gudden" zevill ass fir eng Kommuniounsfoto ... ech fannen "weniger ist mehr" bei esou engem Thema ... fröhlich

ech gin och eraus an d'Natur ...
hun och nach keen Fotograf (sin ze spéit un) (an och nach keen Resto, niewenbäi gesoot ... an ët ass den 30.3. ... geschockt )
ech wert dann schon selwer mussen op den Knäppchen drécken ... unglücklich

an Irotschka ... ech deelen dem Galileo seng Aussoen ... awer du kanns ons se jo per PM ungin großes Grinsen Augenzwinkern



Geschrieben von Dan am 07.03.2008 um 08:58:

 

Matserpii ech gin dem Jade hei Recht.
Ech wees nët op eng Kommiounsfoto daat Richtegt ass fier kreativ ze sin.
Ech denken dass do eng gutt gemachen Outoor Foto hieren Zweck ganz gutt mécht.
Ganz wichteg fannen ech dat waat baal jidfereen hei och seet, dass se dobäussen ass.



Geschrieben von Minaa am 09.03.2008 um 14:46:

 

Et kennt natiirlech drop un waat déi Leit, fir déis de d'Fotoen mess, gär hätten, mee menger Meenung no ass et fir Kommiounsfotoen am beschten wanns de sou "traditionell" Fotoen mess. Ech hun meng Fotoen lo e Samsden gemaach, ganz einfach an engem Park bei enger Seil, engem Baam, verschiddener mat enger Käerz an der Hand, aanerer mat engem Gebietbuch etc. - eben sou wéi di meescht Leit Kommiounsfotoen gewinnt sin.
Fro denger Kusinn hir Elteren einfach waat si gär hätten, wéi si sech déi Fotoen firstellen, well schliesslech sollen si jo duerno mat de Fotoen zefridden sin.



Geschrieben von toto am 09.03.2008 um 21:22:

 

an wann se neicht sollen gin , et ass jo famil die verzeien der et smile



Geschrieben von Masterpii am 09.03.2008 um 22:51:

 

Hehe, Toto, also ech hun se och geschter gemaach, an sie sin awer ganz zefridden domat, och wann dei hei um site et guer net sin, mee bon!! Jidferengem seint!
Thanks un alleguer fir d'Tipps!!



Geschrieben von toto am 10.03.2008 um 20:07:

 

dann ass et jo nach gut gang smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH