Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- mei contester (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=908)


Geschrieben von toto am 08.12.2007 um 00:02:

  mei contester

ech sin dofir das heu um site mei contester sollen sinr . Ech meingen ech wär net deen entzegen deen hei een contest geären hät. An sin der meenung adminen oder dei dei sech em den site kemeren dei sollen thema erausichen sou ass et eing herausforderung fir eis.
Geif mech freen dei dei meinger meenung sin das se hei apes schreiwen dat adminen gesin das et viel leit gin dei een contest wellen hun.

(w.e.g den Thread net direkt erem schleissen)



Geschrieben von mmphotos am 08.12.2007 um 01:35:

  RE: mei contester

Et maachen leidergottes nie vill leit bei den contesten mat, geseis de jo an den Galleryen, dofier, mengen ech mol, as den Thread zimlech emsoss...



Geschrieben von Masterpii am 08.12.2007 um 08:44:

 

Ech stemmen iech allen 2 zou!!
Een Beispill zum mmphotos senger Aussoh, as den leschten Contest, wou nemmen 2/3 vun denen wou sech ugemellt haaten mat gemaach hun, et as schued.
Ech denken och heinsdo fir mei Contester ze maachen, mee dann muss een d'leit nach motiveiert kreien fir matzemaachen.



Geschrieben von Johny am 08.12.2007 um 10:32:

 

Et ass leider sou dass vill Leit nemmen bei sou eppes mattmaachen wann et eppes ze gewanne gëtt. An daat gëtt et bei eis net well mer finanziell total onofhängeg sinn an guer kéng Annahmen hun respektiv Sponsoren. Um Ufank war daat eng Eräusfuederung fir op dee Wee bekannt ze ginn, lo hu mer et erreecht, an lo an net all ze laanger Zäit wärt sech an op dem Niveau och bessen eppes änneren, normalerweis.

Allgemeng hues de awer Recht, mee den mmphotos huet der am fong scho perfekt gäntwert. Leit melle sech un, soen zum Thema et wir genial interessant, an herno kennt guer näicht. Do verléire mir och d'Loscht eis nach interessant Themen äuszedenken, waat relativ normal ass.

PS: Ech si frou dass de awer endlech dee richtegen Deel vum Forum fonnt hues mam richtegen Thread op daat opmirksam mëss waats de wells erreechen smile



Geschrieben von MarcGerard am 08.12.2007 um 10:47:

 

wat kann een dann um system änneren dass méi leit sech motivéieren ?



Geschrieben von toto am 08.12.2007 um 10:48:

 

unglücklich schued. mee das dan wuel realiteit. ech meingen zwar net das et drun leit das et neicht ze gewannen get, eichter den leit fehlt et un zeit an locht. sie hun kee bock sech un en beschtemeten thema sech den kaap ze zerbriechen.

sorry johny dass ech dech an der lech ebessi genervt hun smile



Geschrieben von yoshi am 08.12.2007 um 10:55:

 

wann een eppes well maan fennt een emmer zait Augenzwinkern



Geschrieben von spako am 08.12.2007 um 11:33:

 

do hues de scho Recht yoshi ;-)

ech denken dat souwuel Zait wei d'Inspiratioun wuel secherlech Faktore si fierwaat net vill Leit matmaachen, an et wier vlait eng Iddi mol eng alternativ "Form" vum Contest ze fannen ...

ech haat daat heite schon viru mei laanger Zait proposeiert, an et ass net sou gudd ukomm, aawer ech maachen et einfach nach emol ;-) hei ass ee Copie paste vun deem Thread deen ech deemols gepost haat...

---------------------------------------------------------------------------------------------------
"Et get een Daag an eng Auerzait festgeluecht (no Oofsprooch am Forum sou dat vill Leit kenne matmaachen), z.b. samsden den 24. juni um 19.00.

Em dei Zait get dann ee neie Thread am Forum gestart wou den Admin 5 verschidden Themen uget an zu all Thema soll dann jidferreen dee matmache well an Zait vun enger Stonn jeweils eng Foto maachen an eroplueden.
No +/-enger Stonn kann da kee mei eppes roplueden...

uschleissend kann da waehrend 1-2 Deeg vun all Memberen oofgestemmt gin wei eng Foto an der jeweileger Kategorie gewonnen huet..

Ech hoffen daat war lo net zevill konfus, mee ob alle Fall hun ech daat eng ganz flott Idee fonnt..."

-------------------------------------------------------------------------------------------------------
hei da nach de Link fir dei uschleissend Diskussioun nozeliesen

http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=290&threadview=0&hilight=spako&hilightuser=0&page=1


et ass vlait nach ememr sou dat et zevill komplizeiert ass daat ze organiseieren an de Forum as am Reckbleck hei um Site wuel och net dei beschte Plaaz fier et ze maachen, ech wees et net, mee eng alternativ wier et einfach d'EXIf daten als referenz ze huelen weini eng Foto gemaach gouf fir ze kucken op se eligible wier...

ech denken dei bessi mei knapp Zait bei deser Art vu Kontest dei engem zur Verfuegung steet immens reizvoll, well ee muss kucken eenz ze gin mat deem waat ee bei Hand huet... do huet da souwuel een "aalen Hues" wei och ee "Jungspund" genuch Reiz ...



Geschrieben von toto am 08.12.2007 um 11:49:

 

ech sin dobei.

et kann een och dan z.b
Et huet een 3 categorien
1. Themes
2.Lens
3.Zeit.

an all category huet een dann z.b
1. Theme : portrait ,landschaft,architektur, ...
2. Lens: Tellephoto , standartzoom, grand-angle,macro, ...
3. Zeit: Dach , nuecht , konchtlut, ...

jo et pickt een sech dofuner emmer een eraus ( ech huelen mol portrait,grand-angle an nuecht) dann muss een z.B en portrait mat grand-angle an der nuecht machen.

smile hoffen all mench versteht dat hmm Zunge raus



Geschrieben von Mano am 08.12.2007 um 11:51:

 

Also echgeing mer och oft mol rem eng keier en contest wenschen, mee ech fannen ochd ass mei leit missten matmaachen, soss ass et net esou flott.

@spako: also ech fannen dat eng gudd iddi, mee ech geing dann awer vleicht bessien mei wei 1 stonn zur verfügung stellen, vleicht eischter 3 stonnen oder sou, well soss kinnt et jo virkommen dass een dat net matzeiten matkritt?



Geschrieben von Johny am 08.12.2007 um 12:00:

 

Daat matt der Zäit a Loscht stëmmt absolut! MEE d'Leit fannen KOMESCHERWEIS vill eischter Zäit wann een eppes ka gewannen dobäi. Daat ass nunmol esou an daat ka keen änneren.

Nei Ideen fir d'Contesten hellefen och net sou wirklech vill .Beim Team Contest, waat jo eng nei Idee war, do hun deck vill Leit herno net mattgemaach. An dann nach sinn, wei ech fannen d'Resultater (de gréisten Deel op jiddefall) enttäuschend gewiecht. An dann huet et och kee Sënn, wa sws nemmen 3 Teams d'Saach anstänneg maachen...

spako: Déi Idee ass interessant, wirklech, mee lo mol éierlech, wee mengs de vun de Leit do mattmaachen? Do fenns du keng 10. An ech mengen lo domat Leit dei henro wirklech eppes roplueden, net just firdru soe se geife mattmaachen :/ Waat een sou eppes méi aschränkt, waat manner Leit mattmaachen, egal lo a weienger Form d'Aschränkung ass.

Ech sinn emmer op fir Kritiken a Verbesserungen, an och fir nei Ideen fir de Contest, just leider muss een och kucken ob se wirklech eppes ginn kënnen.

Wann PG als a.s.b.l. an durno och als affiliéierte Fotosclub ugemellt ass, kënne mer un der Situatioun warscheinlech eppes änneren ...



Geschrieben von spako am 08.12.2007 um 21:08:

 

majo Johny wanns de mengs dat d'Leit eng kleng "motivatioun" als Usporn brauche fir matzemaachen, da wier et vlait eng Iddi sech een Belounungssystem afaalen ze loossen, een net Materiellen natierlech, aawer eben sou een deen am Site integreiert ass, bessi wei de Skill eben ( bessi wei an der Spillschoul; gudd geschafft= 1 smiley ;-) ) do keint ee sech jo eng Saach afaale loossen...

ech fannen et aawer schued wann een eppes net mecht "well jo souwisou rem kee matmescht" (ech schwetzen lo allgemeng an net onbedengt vun daer Art Contest dei ech virdrun ugeschwaat hun wuelbemierkt!)

ech denken wann een eng gewesse Reegelmeissegkeit an eppes kritt, dat dann den Interessi och mei grouss get fir matzemaachen, vlait net dei eischt puer Keieren, aawer vlait duerno... wann ee gesait wei et geet asw... ech fannen et immens onmotiveierend an engem Contest matzemaachen wou et 3-4 Meint dauert bis d'deadline ass..dann huet een iergendsei kee richtege Bezuch mei derzou... zevill Zait ass genee sou schlescht wei net genuch an deem Beraisch.

wann lo aawer all Mount ee Contest ass, da si vlait Meint wou manner Leit matmaachen an Meint wou mei Leit matmaachen, an duerch dei kleng extrinsesch Motivatioun sin ech secher dats de mei Leit derzou kriss matzemaachen...ausserdem ass jo och nach naischt geschidd wann eemol baal kee matmescht, aawer ee Versuch fannen ech wier et waert ;-)

mee ech hu jo einfach schwetzen, ech muss et jo net organiseieren a programmeieren ;-)



Geschrieben von Masterpii am 09.12.2007 um 00:47:

 

Also Spako, ech fannen deng Iddi op eng Maneier gudd, mee op dei aaner Maneier schlecht.

wei schon ugeschwaat gin as, sin vill leit dei net all daag hei um site sin, respektiv em dei Zeit op Pg kenen kommen wou themen freigeschalt gin. dann kent nach dobei, dass demno wei eng themen et gin, vill leit net meiglechkeet hun fir daat enger Stonn hinzekreien, entweder well et un material fehlt oder un soss eppes, fläit och, well se net dohin kommen wou se et wellen maachen.

et keint een Zeitspann fläit mei grouss maachen (z.B.: 2 Deeg), mee opjidferfall, eng Stonn as ze weineg, an ech mengen do sin ech net den eenzegen den daat seet. Ansonsten gefällt ma deng Iddi awer ganz gudd, well een mei spontan muss Fotoen maachen goen.



Geschrieben von mmphotos am 09.12.2007 um 09:30:

 

Wei waer et dann wann als belounung den gewenner d'recht haett fier eng gewessen zeit mei Fotoen op den Site ropzelueden, iegent eps an dei richtung...keen finanziellen preis, mee eppes waat um site praktesch aknn sinAugenzwinkern



Geschrieben von Mano am 09.12.2007 um 11:02:

 

voila dat mat den mei fotoen roplueden wollt ech och grad virschloenAugenzwinkern
vu que dass jo souvill leit sin, dei et besser geingen fannen wann een der mei keint roplueden,
wier dei belounung vleit en ansporn?



Geschrieben von Johny am 09.12.2007 um 14:06:

 

"vill" ? Zwee leit dei et bis lo ugeschwaat hun ass fir mech definitiv net vill well et soen der emmer nach vill méi dass et gutt wir. An ech wees net ob daat sou immens gutt ass, 1. ass et eng Belounung wou een nach laang näicht derfu muss hun an 2. Wann deen dann däerf z.B. 4 Fotoen an 30h roplueden amplaz vun zwou ass et egal ob en e Contest gewonn huet oder net, e kritt trotzdem net sou vill Kommentarer weiwann en se verdeelt roplued. Dann ass een dach nach eischter bestrooft domat...

@spako: Mer haaten nach nie e Contest wou Deadline 3 - 4 Méint war. Beim eischten waren et zwou Wochen, daat war villen ze kuerz, an dei aner hu mer all 1 Mount gemaach gehaat.

Matt der Reegelmeissegkeet keins de awer Recht hun.



Geschrieben von spako am 09.12.2007 um 16:36:

 

ok ech wees lo net genee wei laang et gedauert haat bei deem TeamContest aawer ech wees dat daat mir sou fierkomm ass wei wann et emmer an d'Onendlecht no fir verschiebt gi wier.. subjektivt Empfannen also ;-)



Geschrieben von Johny am 09.12.2007 um 17:55:

 

Do haate mer den Datum just geréckelt well soss schlussendlech nach manner mattgemaach hätten, war bei all denen aneren awer net esou smile



Geschrieben von Kwitchibo am 09.12.2007 um 18:23:

 

Hallo ech schreiwen mol wei ech daat gesin ...

Bsp : TeamContest ech hun meng Idee dohin geschriewen all Mensch WOW gesoot immens flott ech hun et schluss entlech jo och duechgezun et hun sech TONNEN leit ugemellt awer bal keen hat eppes opweisesdeen 1 Datum vum Contest... dofir as en jo verreckelt gin an do waren e puer mei leit dann dobei mee ganz vill hun awer net mat gemach wou sech awer offiziel ugemellt haten wat ech zimlech NULL fannen et as wei et iwerall as emmer MECKEREN awer selwer AN HAND HUELEN MAAN DEI ALLMANST !!! AN DAAT NERFT MECH MEGA

MECKEREN JO MEE DANN AWER OCH KENNEN SELWER EPPES ORGANIESEIREN AN BESSER MAAN!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!!

ET AS NET NEMMEN HEI ESOU OP ET OP DER AARBECHT AS AN ENGER A.S.B.L ET AS EMMER ESOU

MARC



Geschrieben von Johny am 10.12.2007 um 21:37:

 

Op der Startsäit e link direkt op de Fotograf setzen matt sengem Avatar oder senger beschter Foto ... wir daat eng gutt Belounung ärer Meenung no?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH