Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Blog: Urban Exploring zu Lëtzebuerg (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=818)


Geschrieben von luxplorer am 28.08.2007 um 19:37:

  Blog: Urban Exploring zu Lëtzebuerg

Salut!
Ech sin elo lang genuch hei, an ech giff elo gäeren mäi Blog ganz offiziell man.
Ech hu mech bis elo un een zevill grousse Public geriicht (England an de Rescht vu bekannten UE-Länner, z.b. Frankräich..)
De Problem as dass den zoulaf esou grouss as dass een als klenge Lëtzebuerger net opfällt!

Ech giff mech freen wann verschidde leit sech de Blog engkéier ukucken an mech e bessen ennerstëtzen! Ech hun nach vill wëlles, an ech well et net fir mech behalen!

hei as de Link:
http://luxplorer.tk

De Blog huet natiirlech RSSfeed !
Ech giff mech iwwer vill Aktivéierunge freen!

Greets
LuXplorer



Geschrieben von Annick am 29.08.2007 um 09:31:

 

Bei mär steet "Die Webseite kann nicht angezeigt werden." wann ech op dee Link ginn.



Geschrieben von Neckel am 29.08.2007 um 10:01:

 

Dann huet dein PC een Problem Augen rollen



Geschrieben von MarcGerard am 29.08.2007 um 12:20:

 

bei mäer geet et: as amfong een normale opera-blog! mee egal, dorems geet et jo net! gefällt mer amfong! bessi iwwerdriwen, mee ech kucken mol méi dacks dran!

wat as dat dann iwwerhapt GENEE ???



Geschrieben von luxplorer am 29.08.2007 um 19:35:

 

Ok, ech gin ierch eng kleng Beschreiwung.

(Fir dei wou et gäeren mei genau hun: http://de.wikipedia.org/wiki/Urban_Exploring )

An hei dann meng Kurzfassung:

Wann een op onerlabten Terrain geet -al Arbed gebeier, aner al industrien awer och Anlagen dei nach intakt an aktiv sin wei z.b. Profil Arbed, Chanrieren oder suguer Bürosgebeier- an do dann Photoe meet.

Wichteg:

-Och wann ech Wäert drop leen geet et net dorems GUDD Photoen ze man, mee amfong just einfach Photoen!

-Eng geschriwwe Reegel: Et gett näischt geklaut, kapott gemach, nee net emol upake soll ee Sachen op deene Platzen. Dat as zum eegene Schutz, an aus Respekt firum Proprietaire.A fir onopfälleg a friddlech/ongestéiert kënnen ze schaffen. Ausserdeem währ et total Niveaulos! Ech perséinlech paken nemmen dann eppes un wann et dorems geet iergendwou erop ze kletteren. Soulang wei ee Proprietaire nimols(!) mierkt dass een op sengem Terrain wor get et och kee Grond sech Suergen ze man.

Fir de Recht kann een sech mellen deen intresseiert as!
Ech weess vu verschidde Leit hei um Site dei ganz bestemmt inspireiert sin.



Geschrieben von Catchmeifyoucan am 29.08.2007 um 19:46:

 

Moien Luxplorer ech fannen daat do zimlech interessant
ech man amfong genau daat ...



Geschrieben von luxplorer am 29.08.2007 um 20:11:

 

Schein!
Ech hu mer dat bal geduercht wous du dech ungemellt hues!



Geschrieben von MarcGerard am 29.08.2007 um 20:13:

 

Ech eigendlech coh! obwuele ch elo fir mäin exame scho bal neirens méi woar!
ech wollt dech jo schon emmer mol treffen luxplorer, mee elo nächste mount as den examen! muss emch nach vill firbereeden! iergendengkéier as den daag dann do!



Geschrieben von Shantideva am 29.08.2007 um 22:23:

 

Majo, meng Astellung dozou kenns du jo och... smile Mir kennen och mol bei Gelegenheet eppes zesummen ennerhuelen, ech gin jo ganz regelmeisseg (iwert an och ennert dem Buedem) op den Tour...



Geschrieben von Catchmeifyoucan am 30.08.2007 um 02:53:

 

Mir kennen och mol bei Gelegenheet eppes zesummen ennerhuelen, ech gin jo ganz regelmeisseg (iwert an och ennert dem Buedem) op den Tour...

daat klengt immens interessant smile



Geschrieben von luxplorer am 30.08.2007 um 13:45:

 

Och wann den Forum net fir een Treff geduet woar !



Geschrieben von Shantideva am 30.08.2007 um 15:00:

 

...stemmt, daat ass och besser per PM, fir Iweraschungen ze vermeiden...



Geschrieben von luxplorer am 29.10.2007 um 17:18:

 

Ech hu mäi Blog geupdated!
Ech woar am Deifferdenger Heischuewen:
luxplorer.tk



Geschrieben von luxplorer am 06.01.2008 um 17:17:

 

Update um Blog...
Et as eppes geschitt smile http://my.opera.com/luxplorer/blog/



Geschrieben von Kwitchibo am 07.01.2008 um 11:58:

 

ohhhhhhhhhhhhhhhhh damn..................:S



Geschrieben von Mika am 07.01.2008 um 21:29:

 

Du bass jo awer nach liewech wech komm großes Grinsen mee do geseit een awer mol wei seier jidereen erwescht kann ginn....mee bon, mir erwärden fotoen vun dir Zunge raus

Augenzwinkern



Geschrieben von luxplorer am 07.01.2008 um 22:58:

 

ech hun der net vill gemach, mee se existéieren nach.
ech waarden awer eng zäitchen bis ech se online setzen.
also bis dass e bessi gras driwwer gewuess as.
ech hu genuch aner sachen dei ech anzwischenzeit eropluede kann.
apropos "wei seier jidereen erwescht kann ginn." :
dat doe woar e bessi ee mei eng deck firma dei immensweit exporteiert an doduerch secher dat eent oder anert betriebsgeheimnis vir sech behale well. fleit man ech t photoen iwwerhapt net online mee nemmen op den drock fir dei ausstellung
http://my.opera.com/luxplorer/blog/2007/12/08/paus
bis dohinner muss ech nach vill sammelen, souwuel al sachen wei och nei sache man.



Geschrieben von Lorryson am 08.01.2008 um 10:01:

 

ech mengen du wees ech sin och een vollen Fan fun Urban Ex, Bunkeren , industrie, Ruinen asw sin keen friemd Wuert fir mech.rotes Gesicht ))



Geschrieben von mmphotos am 08.01.2008 um 10:07:

 

Wars de bei DHL ransmile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH