Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPhone (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=801)


Geschrieben von Pelz am 03.03.2009 um 21:13:

  Iphone Accessoire

Hey hey
Ech hun een klengen Problem. Ech hun mier virun enger Woch en Oplueder vun Griffin kaaft, fier an den Auto ze stiechen (Zigarettenanzünder) fier mäin IPod an den IPhone. Um Paack stoung och drop et wier extra fier den IPhone (Den Vendeur bei Lineheart soot daat och an huet mir deen extra gin)
Lo kennt, wann ech den IPhone drun schleissen awer dohin stoen, et wier een Accesoire deen net dofir geduecht wier asw...
Huet nach een soueen Problem mat Accessoiren vum IPhone?
Mäin IPod leeft 1A iwwert deen Stroum.



Geschrieben von mmphotos am 03.03.2009 um 21:21:

  RE: Iphone Accessoire

Krein och eng info wann ech en an daat normalt dock stiechen, en freet mech fier an den flightmode ze goen, mee soss klappt et awer.



Geschrieben von mikE am 04.03.2009 um 19:07:

  RE: Iphone Accessoire

Olà Pelz an mmphotos

hun en charger vun xtrememac fier den iPhone an na nie esou eng Meldung kruut (benotzen de charger elo 6 Meint ongefier).

Hues de schon eng keier probeiert den iPhone ganz äus ze maan an rem un? Fläit geet "et em dann besser" smile

cheers
mike



Geschrieben von mikE am 28.06.2009 um 17:53:

  Rass am iPhone

Moin,
e kolleg vu mer huet e rass a sngem wäissen 3G deem vum Vibatiouns-Knäppchen ungeet an sech a Richtung Aapel lues a lues weider mecht.
Dei bei Vox hun em gesoot dass do op kee Fall Garantie drop ass.

Ech kann mech ufanks drunn erenneren dass dei Ress vun Appel als Fehler unerkannt woren an se do op Garantie getosch hun. En huet en sech am Dezember 2008 kaaf.

Ass daat dann lo na emmer sou, oder huet Appel seng Positioun dozou geännert?

Merci
Mike



Geschrieben von MarcGerard am 29.06.2009 um 01:35:

 

ech luede mäi iPhone och iwwert den zigarettenziips, an en huet och scho gemeckert apropos net kompatibel an sou! zwar scho lang net méi. en huet et an der zäit sou all 2 wochen engkéier gemach großes Grinsen wann ech dann einfach cancel gedréckt hun oder nachengkéier nei agestach hun as et gangen.

et gin 2 méiglechkeeten hei:

1: et gett eng zahnfee

oder2: den iPhone suckt gewalteg, a wann mäin abo endlech ofgelaf as kafen ech mer sou ee 50€ handy an en notitzblock, dat geet emmer!



Geschrieben von mikE am 29.06.2009 um 08:27:

 

Zitat:
Original von MarcGerard
oder2: den iPhone suckt gewalteg, a wann mäin abo endlech ofgelaf as kafen ech mer sou ee 50€ handy an en notitzblock, dat geet emmer!


...asser wann kee Pobeier mei am Notizblock ass, oder keng Tent am Bic, ober Bläisteftspetz brecht oof.... Augenzwinkern ;P



Geschrieben von deendo am 29.06.2009 um 12:06:

 

... deen dichtegen Iphone ass dach souwisou permanent platt! ;-)



Geschrieben von MarcGerard am 01.07.2009 um 11:54:

 

Zitat:
Original von deendo
... deen dichtegen Iphone ass dach souwisou permanent platt! ;-)


... wann ee "push" ageschalt huet. as deen ausgeschalt hält e vill méi lang ....



Geschrieben von Johny am 01.07.2009 um 13:24:

 

Zitat:
Original von MarcGerard
Zitat:
Original von deendo
... deen dichtegen Iphone ass dach souwisou permanent platt! ;-)


... wann ee "push" ageschalt huet. as deen ausgeschalt hält e vill méi lang ....


Jep, an ofgesinn dovun, huet zimlech all "Smartphone" deen Akku-problem. Mee d'Leit verglaichen den iPhone dann mam Akku vun normalen klengen Handyen, an dee Verglach ass falsch smile



Geschrieben von the_zipper am 01.07.2009 um 13:43:

 

Naja, daat ass lo wei een et geseit, ech wees dass ech mech lo hei geint dei vill Iphone User stellen, mee en ass wirklech emmer platt. Ech geiff souguer behaapten dass et een vun de schlechtesten Akku'en um marché ass. Ech hun een Smartphone (Samsung Omnia) an deen hällt awer locker 5 Deeg durch. Vun dohier huet nach lang net all Smartphone daat.



Geschrieben von Johny am 01.07.2009 um 16:36:

 

En Apparat ass ëmmer ofhängeg vun deem deen en bedingt, do ass et beim iPhone net anescht. A ween Push & Fetch un huet dass et all véirel Stonn gemaach gëtt, ass selwer Schold wann säin Akku séier eidel gëtt. Do géif et Samsung, HTC asw net anescht goen, well soueng 3G Verbindung brauch all Kéier vill Akku.



Geschrieben von Sicho am 01.07.2009 um 18:57:

 

main BlackBerry ass stänneg online, empfängt iwwert 100 E-Mailen am Daag, send andauernd seng GPS-Donnéen un Google Latitude, rifft stänneg Facbeook oof, kritt mei wei genuch SMS'en den Daag asw. an hält op mannst 3 Deeg um Stéck großes Grinsen

den iPhone huet effektiv eng schappëg Batterie.



Geschrieben von Johny am 01.07.2009 um 23:12:

 

Also ech hun 4 Kolleegen déi alle 4 dee selwechten HTC haten, an den huet net méi laang gehal wéi den iFöhn smile



Geschrieben von Sicho am 01.07.2009 um 23:49:

 

Zitat:
Original von Johny
Also ech hun 4 Kolleegen déi alle 4 dee selwechten HTC haten, an den huet net méi laang gehal wéi den iFöhn smile


et sierf dobai gesoot main BB ass "just" EDGE-fäheg Augenzwinkern

btw anscheinend soll den 3GS extrem waarm gin, sou waarm dass souguer d'Faarw hannen vu, Cover sech ännert (-> divers Gerüchter/Berichter am Internet)



Geschrieben von Johny am 01.07.2009 um 23:51:

 

Zitat:
Original von Sicho
et sierf dobai gesoot main BB ass "just" EDGE-fäheg Augenzwinkern

btw anscheinend soll den 3GS extrem waarm gin, sou waarm dass souguer d'Faarw hannen vu, Cover sech ännert (-> divers Gerüchter/Berichter am Internet)

Dat mam EDGE ass schonn e Riesen-ënnerscheed. An dat mam Verfierwen ass just beim 3GS, net beim normalen 3G .. an just bei deene wäissen, a ween hëllt dann schonn e wäissen Zunge raus



Geschrieben von Sicho am 02.07.2009 um 00:01:

 

Riesenennerscheed giff ech et lo net graad nennen mee een Ennerscheed ass et schon, jo

mee do spillen souwisou nach souvill aaner Fakteuren mat ... wann een zB anzwousch wunnt wou d'Netzsignal relativ schwaach ass muss een Handy mei staark funken wei wann en direkt "vollen Nougat" huet asw. an et giff een et net gleewen mee souguer d'Aussentemperatur kann eng kleng Roll spillen.

an natierlech oft vergiess: Bluetooth. deen suckelt wei Sau!

nichtsdestotrotz as meng subjektiv Wahrnehmung (an ech hun vill Handy'en deeglech am Grapp) dass en am Verglach zu aaneren Telefonen Akkumeisseg schwaach op der Broscht ass.



Geschrieben von Johny am 02.07.2009 um 00:07:

 

Wann Donnéen méi séier era kommen (3G) musse se och méi séier veraarbecht ginn, an dat ass et wat méi Stroum suckelt.

Bluetooth, stëmmt .. mee den hunn ech bei mir sws ëmmer aus.

Ech behaapten och net dass den iPhone e gudden Akku huet, ech wir och frou wann e géif méi laang halen, mee déi Vergläicher à la "main nokia 3310 huet 7 Deeg gehal an iPhone just 1, blöden Dreck do", gi mer op de Keks Augenzwinkern Perséinlech lauschtren ech am Auto iwwert den iPhone Musék, an wann en um Radio dann ugeschloss ass, lued en och op, sou ass mäin am fong ni platt oder bal um Enn.



Geschrieben von Sicho am 02.07.2009 um 00:14:

 

am groussen Ganzen ass jo eigentlech net den Verbrauch den Probleem, mee d'Kapazitéit vum Akku. Wann deen mei giff hierginn wier beim selwechten Verbrauch jo mei laang Akkuleeschtung dran. Een vun den Grënn wisou et "détestable" ass dass een net selwer beim iPhone kann den Akku wiesselen. Do hun dei aaner Smartphones nämlech een Fiirdel: souguer wann d'Batterie "nemmen" d'selwecht oder souguer manner laang hällt wei beim iPhodes ( Augenzwinkern ) dann kann een na emmer eng zweet Batterie als Reserve derbai hun ... fiirun allem z.B. op stonnelaang Bus- oder Zuch- oder Fluchreesen (ech haat lo fiir d'Vakanz 14h Bus op mech geholl - also Allez 14h an Retour 14h Augenzwinkern ) ass daat fiirun allem bei engem Handy, deen een och als MP3-Player benotzen kann baal eng Frechheet dass een just op een Akku ugewissen ass bzw. dass een net mei een staarken kann dran maachen.



Geschrieben von deendo am 02.07.2009 um 09:37:

 

Ech hun den Androck dass den Iphone mat der neier Firmware (jojo, ech hun geupdated) e bëssen méi laang hällt bis en platt ass. Kann awer reng subjektiv sin, oder ech spillen manner mam Telefon wéi virun 2 Wochen (!?).

Zu mengem läschten Post: ech haat déi Push-Notification, den GPS, an Bluetooth ausgeschalt an esouguer d'Displayhellegkeet op en minimum reduzéiert. Domat hun ech et vun 2 op maximal 3 Deeg gepackt.



Geschrieben von mikE am 02.07.2009 um 12:55:

  RE: Rass am iPhone

hi,
huet zoufällegerweis een eng info heizou? großes Grinsen

merci
mike

Zitat:
Original von mikE
Moin,
e kolleg vu mer huet e rass a sngem wäissen 3G deem vum Vibatiouns-Knäppchen ungeet an sech a Richtung Aapel lues a lues weider mecht.
Dei bei Vox hun em gesoot dass do op kee Fall Garantie drop ass.

Ech kann mech ufanks drunn erenneren dass dei Ress vun Appel als Fehler unerkannt woren an se do op Garantie getosch hun. En huet en sech am Dezember 2008 kaaf.

Ass daat dann lo na emmer sou, oder huet Appel seng Positioun dozou geännert?

Merci
Mike


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH