Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Fotograféieren am Reen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=758)
Geschrieben von Maggele am 21.06.2007 um 13:22:
Fotograféieren am Reen
salut!
an de leschte puer wochen hat wuel net nemmen ech problemer domat fir am reen misse fotoen ze man. do wollt ech emol wësse wéi der äer kamera op konzerten, roportagen a.s.w. firum reen schützt.
ech selwer hu mech scho bal dru gewinnt an enger hand gläichzäiteg 't kamera an de präbbeli ze halen. mee dat nervt wéi sau! soss kann ee jo nach plastikstuten iwwert 't kamera zéien. jenodem wéi nerven déi och! elo huet mer een eppes gezielt vu klenge prebbelien déi ee kann un 't stativ klemmen, oder suguer un de blëtzschong
dat hun ech witzeg fonn. hun awer am www näischt gescheites fonnt.
sou, elo as et mengen ech un ierch
Geschrieben von -Laurent- am 21.06.2007 um 14:19:
een handduch driwer, das mein trick
an den prabeli an d geneck stiechen dann huet een 2 haenn frei
Geschrieben von Garry am 21.06.2007 um 14:21:
RE: Fotograféieren am Reen
Lol.. jojo..dei Fro stellen ech mer an de leschten Deech och dauernd...
also daat mam Prabelli un d Statif as nawell relax diermno waats de mess mee do geht eng fest Klaamer awer och duer..do mus de der net onbedengt en adapter kaafen dofier....
Mat der Plastikstuut maan ech zimlech oft.. Mee ech huelen do emmer su duerchsichteger datt ech och mol kann un der Kamera piddelen ouni an d Tuut rafueren ze missen..bessi scotch ronderem d Objektif an da geht daat awer mus just oppassen datt se grouss genuch as net datt se beim focusseieren oder zoome beemol verdruddelt oder waat wees ech ^^
Optimal Leisung: en Ennerwaasserboitier..rofl.. 1500 E bas de da lass..lol..nee..also awer net optimal..
kee Plang.. geng mech interesseiere mol eng alternatif leisung ze heieren ....
aaah!..dech enner Daach stellen as o net schlecht an e Kaffee drenke goen
oder bau der e Prabelli un en Hut, just da mus de emmer riit stoe blaiwen
bescht Leisung: huel de Jempi mat a so: du Prabelli, ech Photoen.. lol...
Geschrieben von mmphotos am 21.06.2007 um 14:21:
Kris och sou "ganz apparat kondomen
" dei gin relativ gudd, an hun vis-a-vis vun der Tuut den firdeel dass se dei richteg form hun
Geschrieben von Garry am 21.06.2007 um 14:24:
@mm : du mengs su cut-down versions vu mellen ennerwaasser boitieen??? wou kritt een da sou eppes ??? *blinzel* ^^
an as daat gut fier all Objektif oder just fier de boitier ?
Geschrieben von -Laurent- am 21.06.2007 um 14:26:
hmm waat nach geht een groussen prabeli an dann um rucksack festbannen
naja oder einfach fier 20.000 euro wasserfest geschier kaafen...
Geschrieben von mmphotos am 21.06.2007 um 14:27:
et as amfong eng tuut an richteger form, 2 sou gummien hun 10 euro kascht, as also lo net dei mega qualiteit mee erfellt sein zweck. Hun se zu ettelbreck am Fotocenter kaaft.
maan schnell eng Foto an posten dei dann rop.
Gidd o Pg kuken
hei
Geschrieben von Garry am 21.06.2007 um 16:19:
hehe.. gesait zwar extrem bloed aus mee ka mer awer fierstellen datt daat Dengens do gehierlos praktesch as.. den 2in1 Diffusor as jo de Wahn
Just fier all dei Leit dei permanent rem op de Bildschirm kucken an d Kamera mat kippen as ett vlaicht fier d'Leit dei ronderem stin net su agreabel
Daat ka mol an d Aan goen ..hrhr^^
merci fier de link
Geschrieben von Maggele am 21.06.2007 um 17:08:
Geschrieben von -Laurent- am 21.06.2007 um 17:11:
sichtfeld eingeschraenkt ^^
also photogen ass ett schon sech mat all meiglechem schrott ze demerdeiren ^^
fier wasser vun sech ze haalen
Geschrieben von Maggele am 21.06.2007 um 17:23:
u mech kann 't waasser roueg kommen. am géigendeel: ech knéien, leen a sëtze mech an den dreck, reen, dat kréien ech guernet matt. as mer och schäiss egal. wanne ch mengen ech misst mech leeen, da leene ch mech. och am reen
Geschrieben von Garry am 21.06.2007 um 18:29:
... rischitsch sou
mier as ett och egal wann eppes bescheuert ausgesait ... oder ech vun uewe bis enne besuddelt sin.. fier eng gut Photo daerf ee Mol en Opfer maan .... ^^
Geschrieben von spako am 21.06.2007 um 18:47:
majo ech hu sou eng ganz toll Duuschhaube aus engem Motel matgoe gelooss... getest hun ech se allerdengs nach net... ech sin emmer zevil beschaeftegt fier drun ze denken mai Fotoapparat anzepaacken...an engem Schlued war ech allerdengs och nach net dermat dobaussen ... ech froe mech ob dei "Gummien" dann och verhenneren dat een Drepsen ob d'Lens kritt... well daat nervt mech emmer... de Präbbli ass bestemmt nach ememr dei beschten ... natierlech mat deem 2te Mann bei Hand ;-)
Geschrieben von BlackPanther am 21.06.2007 um 18:56:
harhar!daat nennen ech een aktuellen thema!!
also ech hun no dä leschter sindflut an dei ech mam welo gerooden war EMMER eng tuut dabai...dann as et nemlech mol igal op den rucksaak WIERKLECH wassserdicht as oder nik...^^
fir fotoen ze man hun ech dann na en anren gefrierbeutel...en klengt ronnt lach wou dLens dueschpasst drageschneppelt an daat ganzt mat schkotsch festgepöscht an zougepöscht...daduesch kukn kann een na, sämtlech astellungen man och nach...eenzech dAusgesin as nik sou immens...^^ (do steet dann Toppits op da Sait...
)
fir opgesprongen Kanaldekklen ze dokumenteiren an dei zimlech heftech wandgeschwindichkeeten uewen op den Koppen festzehaalen gung et awa mei wei duer!!
hun awa irgendswou am Inet na sou Strempen aus waaserdichtem material font fir iwert objektiv an boitier ze zeien , mat strekklen fir zouzezeien an Läscher fir dHänn ranzestieschen...
fannen den dämlechen Link awa nik mei rem...wann en nees optaucht posten ech en na...
en koleesch fun mer huet sech en Aarm fun engem Gillet (wou een dei kann roofhuelen) driwergezun...dann brau een keen Scotch an waaserdicht as et o...
@maggele: daat nennen ech mat Seil an Leiw dabai!
Geschrieben von gloda am 22.06.2007 um 00:12:
@ annemie: Link putt?
Geschrieben von GrAl am 22.06.2007 um 08:54:
Dat einfachst ass emmer nach en Prabbeli oder en Gefrierbeutel mat Scotch festgemet. Leider kanns de dat vergiessen wann et anstänneg reent oder vill Gedrecks ass sou wéi um Viirowend vun Nationalfeierdag.
Virun Joeren hat ech mol en eva-marine-Geheis wéi ech mat Kanu ennerwe wor. Déi eva-marine sin zwar absolut waasserdicht an och relativ gënschteg me d'Bedengung vun Fotoaparat ass gewunnechtssaach an fiirchterlech onpraktesch wanns de en Objektiv oder Akku wiesselen wëlls.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH