Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Weis Eis Déng Hompage (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=756)
Geschrieben von Incognito am 20.08.2007 um 16:18:
decken gas
deng hp an virun allem deng billder sin A+ ... genial ..ech sin neidesch
lol ... ech verspriechen dat ech emmer rem laanscht kucken kommen fir deng updates ze checken
Geschrieben von gloda am 23.08.2007 um 00:52:
gloda.net
Sou, mäin Site
gloda.net kennen der zwar schon e puer vun ierch, mee ech hun elo endlech den Portfolio dran integréiert an sin och amgang méng al Posts am Blog op Verdermann ze bréngen. Fir den Moment sin 3 Galerien am
Portfolio, mee ech wärt an den nächsten Deeg all Kéiers eng bäisetzen. Wann ech nees zréck an England sin wärt sech och am Blog nees méi doen, dat heescht et sin nees flott Studentinnen do déi drop waarden en Shooting mat mer ze machen
>>
http://gloda.net
Geschrieben von Garry am 23.08.2007 um 02:08:
RE: gloda.net
@Gloda: hun dech verlinkt ob mengem myspace site
aah merde jo..dee fennt jo lo kee mei:
www.myspace.com/crieteegarry
@some others : dier sidd och verlinkt gi btw...
t'as naischt ... an tippt lo net een nom aanere merci! waat ech mei begreisse geng waer mer all ufaenke geiffe mei zesummen ze schaffen also spuert iech aer Wieder a maacht eppes draus .. op wei eng Art a Weis och emmer ...
ciao
Geschrieben von Neckel am 27.08.2007 um 09:56:
RE: gloda.net
Puer kleng Updates ->
http://pnb.at.gg :-)
Hm .. just meng Guestbook Seit well net su ganz
... leider kann ech o keent selwer schreiwen, kann vleicht een mer eetn rooden ? ..
Merci
Geschrieben von Mojoo am 27.08.2007 um 12:09:
RE: gloda.net
Firdrun huet se mir vill besser gefall.
P.S.: Deng Schréiwwéis ass grausam !
Geschrieben von Neckel am 27.08.2007 um 12:23:
RE: gloda.net
Ook ...
Merci fir d'Info
Geschrieben von Mojoo am 27.08.2007 um 12:39:
Meng Bemierkung war konstruktiv gemengt
.
Wanns de schon Englësch schréiws, schréiw et weinstens richteg. Du hues jo net vill Text ob denger Homepage, also misst dat jo schnell verbessert sin
.
Geschrieben von ApplEric am 27.08.2007 um 12:45:
@ Neckel: Den Dany hudd zwar recht, den Design vun der HP wor firdrun vill besser...
Dat mam Engleschen, do hun ech lo keng Ahnung, hu jo schließlech Vakanz... :-)
@ Dany: Hoffentlech huss de bei mir nach net verbessert, do wärten och nach vill Fehler dra stoen...
Also, wee verbessere well, hei ass dann och mein Site, deen ech mer allt zesummegebastelt hun, leider senn ech nach net derzou komm, all d'Gallerien ze maachen.
http://www.appleric.tk
Geschrieben von Neckel am 27.08.2007 um 13:28:
lol ech weess Dany
An den nächsten Deeg wärten dann puer Updates kommen
@Eric ... io kann gutt sin mam Design ... mee ech muss emmer villes probeiren bis ech eppes hun wat mir gutt gefällt, an wou ech net rem no 3 Deeg soen, boah ass dat scheiss gin ..
Hmm bei dir gesin ech lo su direkt keng Fehler, vleicht heinsdo d'Sätz anescht dreien an Widderhuelungen verhenneren
Geschrieben von Annick am 29.08.2007 um 10:19:
Jo... hei dann och eemol meng :
www.delfin.hot.lu
Geschrieben von Incognito am 30.08.2007 um 09:05:
mein beitrag ...fir déi déi mein site nach net kennen.
et huet et neien design...hun den CMS gewiesselt ...an den design gleich matt.
http://www.famill-ewert.eu/tom
Geschrieben von Mano am 09.10.2007 um 20:24:
Majo ech hun mech dann mol ameseiert en neien Design ze man
->
My Site <-
sot mer är meenung
ps. fotoen kommen no an no
Geschrieben von Johny am 10.10.2007 um 01:29:
Ma ech fannen den Design, sou einfach wéi en gehalen ass, immens gutt. just d'Fotoen lueden am Moment op jiddefall bessi laang, dat stéiert op der Page
Geschrieben von Mano am 10.10.2007 um 15:05:
Jop fotoen sin nach provisoresch
dei kommen nach no an no an virun allem an komprimeierter versioun
freet mech dass et der awer gefellt!
Geschrieben von Johny am 10.10.2007 um 15:21:
Ech sinn allgemeng e Fan vun einfachen an propperen Designs, iwwerlueden etc fannen ech net immens
Do musse se schonn extrem gutt sinn fir dass ech se flott fannen.
Geschrieben von MarcGerard am 11.10.2007 um 00:34:
ech hu méng säit provisoresch geännert!
et as rem net vill, mee desskéier fällt et op!
bedauerlecherwesi rendert mäi programm verschidde grafiken schlescht! (bei der Galerie)
a soss? as et net zevill blöd?
marcgerard.tk
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH