Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Lusch Rout Punkten?! (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=723)


Geschrieben von Foxi am 26.05.2007 um 21:09:

  Lusch Rout Punkten?!

Gudden Moien,
hun mer lo weini eng Canon EOS 400D zougeluecht. Hun geschter probeiert puer nuetsfotoen ze maachen, do ass mer opgefall dass op Fotoen mat laanger Beliichtungszeit komesch rout Punkten op der Foto ze gesin sin.
Hun daat ganzt och emol getest andeems ech den Verschloss um Objektiv geloos hun an emol eng Foto mat laanger Beliichtungszeit gemeet hun.
Och do wuaren dei rout Punkten ze gesin.

Meiglech dass do eppes um Sensor net ass wei et soll?

Hun eng Beispillfoto als Unhang matgescheckt.

Sin gespaant op Er Meenungen. smile



Geschrieben von Alphonse_M am 26.05.2007 um 21:29:

 

Nennen sech doudeg Pixelen, ech un och eng 400D an ech hun och geschter Owend beim Bletzfotograféieren gemierkt dass ech där em déi 4 hun. Wuel e Sensor aus China hrmpf...oder einfach normal bei 10 milliounen vun deenen. Brauchs dech awer net opzereegen well déi ginn per software eweggemaach.



Geschrieben von Knolles am 26.05.2007 um 21:36:

 

http://de.wikipedia.org/wiki/Hotpixel



Geschrieben von GrAl am 26.05.2007 um 21:39:

 

Ech gesin an dengem Bild zwar ken en sou en Pixel me dat läit warscheinlech u mengem Ecran.
Dofir mengen ech datt "rout Punkten bei laanzäitbelliichtung" hotpixel sin, keng doudeg Pixel. Doudeg Pixel sin "doud", emmer, ob kurzzäitbeliichtung oder laang, op nuets oder am dag.

Hotpixel trieden emmer bei laangzäitopnamen op (oder zumindest falen se do just op) an sin meeschtens rout.
Fir eng gene Erklärung vun Hotpixel, google e bessi, dat ass mer elo ze vill ze schreiwen :-)



Geschrieben von Shantideva am 26.05.2007 um 21:52:

 

Salut,

Ech hun genau daat selwescht och bei menger EOS 350D. Emmer wann ech bei heiger ISOzuel laangzeiteg beliichten trieden heinsdo vereenzelt roud oder violett punkten op unglücklich . Daat passéiert mir heinsdo well ech jo vill Fotoen an schlechtbeliichtenen Hielen maachen.

Et geht awer duer dass nemmen e bessi Lucht op deen Pixel fällt fir dass en net méi roud oder violett ass. Mam PS kriss du déi jo awer schnell eraus an se entstinn jo just an Extremsituatiounen. Bei mir faalen se awer nach ennert d'Toleranzgrenz... smile



Geschrieben von Foxi am 26.05.2007 um 22:04:

 

Ech soen erch mol all merci vir är äntwerten.

Googlen mol bessen duerno.

Bis denne



Geschrieben von Knolles am 27.05.2007 um 08:07:

 

Zitat:
Original von GrAl
O! Den Knolles wor 3 Minutten méi séier ewéi ech smile


an daat mat engem steiwen Knei großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von bobinski am 27.05.2007 um 11:49:

 

...merci Knolles fiir de link! ganz intressant.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH