Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Song Contest (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=710)


Geschrieben von Minaa am 20.05.2007 um 14:05:

  Song Contest

Hello, léif PG-User smile

Am Moment ass zwar schon den Team Contest am Gespréich, mee ech haat lo och eng Iddie fir e Contest
deen een iergentwann eng Kéier kéint maachen an wollt mol froen waat dir dofunn géingt haalen.
Ech wees net op sou ee Contest schon eng Kéier hei firgeschloo gouf oder net,
falls Jo kenn der mer jo bescheed soen Augenzwinkern

An zwar géing et drem goen, zu iergentengem Titel vun engem Lidd eng Foto ze maachen.
D'Foto misst net onbedéngt och zum Inhalt vum Lidd passen (wann dach, dann emsou besser,
mee daat ass meeschtens awer relativ schwéier ze realiséieren), mee einfach sou sin
daat den Titel vum Lidd zur Foto passt.

E Beispill waat mer grad anfällt (well ech d'Lidd grad lauschtren^^) wier "Under the bridge" vun de RHCP...
do wier et scho guer net sou schwéier eng passend Foto ze maachen.

Waat haal dir dofunn? smile



Geschrieben von Maggele am 20.05.2007 um 14:08:

 

ech wier dobäi smile



Geschrieben von Mano am 20.05.2007 um 14:09:

 

wann ech mech net ieren gouff di iddi schon mol virgeschloen,
mee ech fannen et trotzdem eng gudd iddi!
kinnt een roueg emol maachensmile
jo also bei deem doten lidd ass et nahc relativ einfach ^^
gin awer secher och schweier titelenAugenzwinkern
geiff een sech d'lidd dann selwer raussichen?


P.S. : Super du hues et schon verstanen großes Grinsen



Geschrieben von Minaa am 20.05.2007 um 14:17:

 

@ Maggele: Genau sou großes Grinsen
@ Mano: Ech haat daat amfong sou geduecht daat jiddereen sech d'Lidd selwer kann raussichen, zu dem en eng Foto well maan,
mee eng Alternativ wier z.B. daat ee bestemmt Lidd gewielt géing gin (duerch Oofstemmen oder sou?) an daat dann jiddereen probéiert zu deem Lidd eng Foto ze maachen.
Ech perséinlech géing et awer méi flott fannen wann jiddereen sech individuell e Lidd kéint raussichen smile



Geschrieben von Maggele am 20.05.2007 um 14:21:

 

ech si perséinlech dofir EE lidd ze sichen. et as méi einfach dann ee gewenner ze fannen. anerwäerz géif ech et net als contest mee einfach als projet machen. wat jo coh flott as ....



Geschrieben von Mano am 20.05.2007 um 14:25:

 

Jo dat stemmt, wann jiddereen sech en lidd kann raussichen
gett et vleicht nemmi ganz sou gerecht. mee wann eeen well
maan dass jiddereen en anert lidd huet, kinnt een jo en "lidd zéien"
weess net wei ech dat soll erklaeren ^^



Geschrieben von -Laurent- am 20.05.2007 um 15:36:

 

einfach rem sou eng ketten bilden an jidereen muss dem naechsten dann een lidd soen? an den dann rem dem naechsten?



Geschrieben von Mano am 20.05.2007 um 16:21:

 

jo dat ass och eng gudd iddi!
dann muss een awer eng reihenfolg festleen oder?



Geschrieben von Masterpii am 20.05.2007 um 16:28:

 

Also as eng super Idee mat dem Contest. Waat ech fläit geng gudd fannen, dass een fläit 2 Lidder gin an och fläit zu denen 2 Lidder eng Foto mescht?!
Daat mat der Ketten, fannen ech net sou gudd, well wei wel een dann herno daat bei der Ofstemmung maachen, well den een huet mei en einfachen Titel wei den aaneren.



Geschrieben von spako am 20.05.2007 um 16:32:

 

Fannen d'Iddi och gudd an ech gin dem Masterpii Recht, d'Kette fannen ech och net sou gudd :-)
Weini geet et lass?



Geschrieben von JADE am 20.05.2007 um 16:58:

 

JOP ... ganz gutt Idee!

an ween wielt dann een Titel? Augenzwinkern

hmmmm ... an soll een sech fir d'Foto vum Titel oder vum d'Lidd inspiréieren loossen ...
Beispill: "My way" Frank Sinatra
---> Titel : léisst jo vill Méiglechkeeten op
----> d'Lidd schwätz vun enger Trennung an enger Koppel

ech denken, dass d'Minaa vum Lidd ausgangen ass ... oder?



Geschrieben von -Laurent- am 20.05.2007 um 17:02:

 

hmm dann kinnt jo jidereen einfach seng 5 leifst lieblingslidder heihinner an dann kann een sech eent raussichen ouni seng eegen ze huelen, wann een sech selwer een lidd raussicht fannen ech faul Augenzwinkern



Geschrieben von Maggele am 20.05.2007 um 17:02:

 

ech denken dat ass egal. et sollt ob jiddefall kreativ sin Augenzwinkern



Geschrieben von Masterpii am 20.05.2007 um 18:33:

 

Ech sin fir dem Laurent seng Idee, dass een seng 5 Lieblingslidder raussicht an dann een aaneren fir den 1 respektiv 2 vun denen Lidder raussicht, do keint een et dann eventuell mat der Kettendings maachen!?



Geschrieben von bobinski am 20.05.2007 um 20:33:

 

Gudd iddie! Titel fannen ech gudd...
Do keint een jo och einfach iirgentswei lousen oder sou, ween weien Titel kritt.... Under the Bridge as wiirklech en top Beispill...do hätt ech well eng....lol : [pg_img=12887]


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH