Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Team Contest (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=672)


Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 14:05:

 

Done, hun d'Zäit verlängert. Kwitchibo: ech soot am fong esou du solls et maachen well ech am fong den eenzege sin den d'Zäit och wirklech ka verlängeren um site Augenzwinkern



Geschrieben von kola am 06.07.2007 um 14:22:

 

Ech hun elo grad gesinn, den Contest ass verlängert ginn bis den 03. August ... Augen rollen
Daat ass relativ schlecht, well den Weekend vum 03. bis den 05. August sinn ech nët do ! unglücklich

Ass et dofir nët méigelech den Contest bis den 03. September ze verlängeren ?



Geschrieben von Masterpii am 06.07.2007 um 14:25:

 

Awer net 4 Wochen... 1 woch wier jo ok, fläit maximal 2, mee awer net nach een Mount mei... et gin och aaner leit dei eppes ze din hun, respektiv haaten, mee dei beschweieren sech net!!! Fannen daat egal waat eierlech gesot!!!



Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 14:33:

 

@kola: Wisou? Ass dach egal, du kanns dach deng Fotoen roplueden virdrunn, ass dach kee Problem wanns de dann net do bass? De Voting leeft jo och eng Woch laang...

@Masterpii: Maach mol lues amplaz ze probéiren hei dech als besser duerzestellen wei dei aner großes Grinsen De Sënn vum Contest ass de Spaass, an wann just 3 Gruppen Fotoen ropgelueden hun, waat huet daat dann fir e Sënn? guer keen. Léiwer den Leit hier Zäit loossen smile



Geschrieben von Masterpii am 06.07.2007 um 15:18:

 

Wou hun ech mech dann besser duergestallt?? tze... hun just gesot dass ech et egal waat fannen!!! Wanns de wels kann ech och bessen ugin, ech hat meng Fotoen innerhalb vun 3 Deeg!!! Pro Daag een thema!

An dann nach eng fro, sprecht zwar net fir mech an den pelz zou, mee aaner memberen secher, wann een eng Foto schon ropgelueden huet, an awer eng besser Idee huet an dei och sou kann emsetzen, kenen dei se dann nei roplueden???



Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 15:21:

 

Ech äntweren der wanns de ufänks méi Respekt ze weisen. Ob Kommentarer dei sou en Toun remginn muss ech net äntweren smile

PS: Wann ech der en Tipp däerf ginn: een ! oder een ? geet duer, et mussen der net 3 sinn.



Geschrieben von Mano am 06.07.2007 um 18:01:

 

Super dass et verlängert gett!!!!! großes Grinsen

Eng kleng reproche:
mir hun eis lo deck gehetzt dei lescht deeg an hun iwwerall ofdreck well mer
an der schoul gepennt hun winst den kuerzen nuechten vir nuetsfotoen, mee egal trotzdem gudd
dass mer nach zeit hun smile



Geschrieben von -Laurent- am 06.07.2007 um 18:19:

 

hmm schued lo hun den laurent an ech eis extra drungin fier alles an engem coup ze machen an dann gett verlaengert unglücklich

hmm bah fannen ett haett een sollen den datum lossen emmerhin kann een sech jo seng zeit andeelen respektiv wei mir alles op den letzten steppel pushen ^^

mee bon, sou geseit een dann winnenstens mei fotoen Augenzwinkern


edit: wees lo net op dei user dei schon fotoen ropgelueden hun d funktioun hun fier se rem ze laeschen, mee giff awer soen dadd dei dei hier schon ropgelueden hun se och rem nei ropsetzen duerfen emmerhin hun se lo een mount mei zeit an daat konnt jo keen wessen oder? also mir sin net an dem fall



Geschrieben von alma am 06.07.2007 um 19:30:

 

zum verlängeren soen ech just
wann een den 12 auer bus net kritt wart deen och net bis 17 auer :-)

et ass schon richteg dass et elo vielleicht erem mei interessant get, mee eng woch wir och largement duer gang.
délaier sin do fir an ze haalen, och am speideren liewen.



Geschrieben von Masterpii am 06.07.2007 um 20:12:

 

@Laurent: hat ech jo och schon gefrot,mee angeblech an engem falschen Toun...

@alma:Gin der honnertprozenteg Recht!!



Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 20:12:

 

Kwitchibo, kanns du w.e.g. iergendwei de Leit bescheed soen? Well lo hunn der scho vill awer nach Fotoen ropgelueden an dei sollen awer och Chance hun besser Saachen nach kennen ze maachen. So hinnen, wa se wellen hier Fotoen nei roplueden, sollen se mir eng PM schreiwen, matt den Titele vun hiere Fotoen, dann läschen ech déi an se kënne se nei roplueden.

@Masterpii: Lies mäin "PS:" vun uewendriwwer nach eng Kéier.



Geschrieben von tomdi am 06.07.2007 um 20:39:

 

also ech fannen daat zwar och net an der Rei.... unglücklich

Et wor jo awer genuch Zait am vieraus fier d'Fotoen eropzelueden.

Tom



Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 20:51:

 

Verlängeren mer, meckeren dei dei nach haut färdeg gi sinn, verlängere mer net, krei mer gesot et wär awer net genuch Zäit geweecht. Et kann een net jidferengem et gutt maachen, mee ech haat awer bessen mei Respekt erwaard. Ech soot zwar ech geif mech schummen wann ech no sou laanger Zäit näicht hikritt hätt mee daat ass eng perseinlech Saach smile



Geschrieben von KeeBlitz am 06.07.2007 um 23:15:

 

Zitat:
Original von Johny. Et kann een net jidferengem et gutt maachen, mee ech haat awer bessen mei Respekt erwaard.

wéi mengs de dat? ech well elo keng grouss Polemik eropschwieren, mé wat as mat dénen, déi just dé Moment vum Vote an der Vakanz sin, an evt kén Zougank zum Net hun? domm gaang, ??............mee et soll jo Spass man cool



Geschrieben von Johny am 06.07.2007 um 23:25:

 

Also eierlech gesot hun ech es geschwenn genuch. De Kwitchibo mecht sech d'Arbecht daat op d'Been ze kreien, ech maachen den Deel um Site, an wann een dann nach probéiert herno fäin ze sinn kennt näicht aanescht wei gemeckers. Ech fir mäin Deel brauch mer daat net unzedinn.

Wen lo eppes un mengem Comment hei fennt soll sech emol eechthaft Gedanke maachen , an domat mengen ech och wirklech Gedanken, net just kuerz "ah, jo", weivill Arbecht et ass iwwerhaapt esou eppes op de Been ze halen (PG). An da fanne Leit et schlemm wann esou e Contest verlängert gëtt? Also éierlech ...



Geschrieben von KeeBlitz am 07.07.2007 um 00:21:

 

ech sin enttäuscht, dat sech der vill net drun gehal hun ( an/oder och net konnten), kann awer dermat liewen.



Geschrieben von Focus am 07.07.2007 um 01:32:

 

effektief hun mer eis dék gehetzt fir alles zur Zait färdeg ze kréien.

ech fannen et Schued das verlängert gin as; wann en den Bus verpasst hëlt een eben den nächsten. Ech hun och schons den Délais verpasst vir eng Foto ropzelueden. As eben Pech. An wann ech gesin das awer dék iwwer 20 Fotoen do sin, geet et jo awer duer fir lass ze léën mat Voten. Einfach direkt dono déi nächst Themaen lancéieren.

Ech sin lo um 1:30 aus dem Bett vir ze voten..., an mer Konkurenz unzekuken verwirrt



Geschrieben von -Laurent- am 07.07.2007 um 02:50:

 

jo bon johny du schreifs "sie haetten net genuch zeit kritt" oder iergendwei an dem senn mee bon war een fixen datum endweder ett packt een ett sech ze organiseieren an der zeitspann, oder ett hetzt een sech den letzten daach, daat mam vereckelen ass allt eng drett alternative dei engem liewen fill ze einfach micht Augenzwinkern

fannen ett interessant enner drock ze schaffen, mee bon natirlesch respekteiren ech aer meien fier sou eppes ze organiseiren mee dann kann een och erwaarden dadd aer delaien respekteiert gin ^^

naja nuecht dann allt nach een mount dann iwerschaffen mir eis sachen och mol nei ^



Geschrieben von patty am 08.07.2007 um 14:15:

 

ech hun lo net alles gelies mee daat waat ech gelies hun geet mer duer sou gesaid een wei een lait rem kann falsch aschätzen

@ Masterpii : et geet em den spass, ok et ass bessen onfair well dier är fotoen schon ageschekt hudd sou hätt der mei zait beim retoucheieren etc gehat , mee fier nemmen 1 woch ze verlängeren ass blödsin...

waat mei fair dann wier wär eng lösch funktioun fier d'fotoen wous de se kanns rem läschen an nei roblueden oder d'fotoen gin einfach all geläScht an dann musst der se rem nei roblueden ???
mee daat kann ech net bestemmen muss een beim Johny nofroen!

et gin nach lait dei net den ganzen daag fierum pc hänken an mussen schaffen goen z.b .. an dei net emmer d'meigelechkeet hun sech zait ze huelen fier eng foto ze man , flait aanerer reegen sech ob weinst den wieder well et am moment souvill reent ... dei sin lo frou dass nach 1 mount drun gehangen geet!

Ech wees och dass ech mer hät sollten zait huelen fier dei fotoen ze man!
-->> Mee ech sin net verpflicht et ze man ...<<-- et ass keng mussen Saach mee eng kennen!!!!

main partner huet och vill ze din an daat respekteieren ech och!

Bis dann



Geschrieben von Johny am 01.08.2007 um 21:56:

 

Nach 2 Deeg, dës Kéier gëtt net verlängert smile Et feelen nach vill Fotoen ...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH