Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Team Contest (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=672)


Geschrieben von Kwitchibo am 17.05.2007 um 19:33:

 

ma dann kuke ma daat dach mol wei weini an wou ween wisou ! :fröhlich



Geschrieben von BlackPanther am 17.05.2007 um 19:41:

  heyy

haha! ENDLECH!!^^
as gudd wann neemlech mei wei just -ech sen derbai- geschitt...^^



Geschrieben von Mano am 18.05.2007 um 21:09:

 

sichen mer en partner an dann kucken ech vir iddeen ze fannen smile



Geschrieben von -Laurent- am 19.05.2007 um 11:07:

 

ok an wei gin d equipen gebild?
an wini faenken mer un Augenzwinkern



Geschrieben von patty am 19.05.2007 um 11:17:

 

Zitat:
Original von Kwitchibo
ma dann kuke ma daat dach mol wei weini an wou ween wisou ! :fröhlich



ech hun eng Idée smile (jo ech liewen och nach)

ma dier hudd dach glaich 1 woch vakanz?! vum 28 bis den 3ten!
ma dann keint een den contest ufänken smile an dann 3 wochen daueren loosen!

ech geif fierschloen mier hun 1 woch zait eis en member (partner) ze siichen mat deem een well d'Fotoen man an daat geet daat och offiziel geschriwwen , hätt ech dei idée lo eischter gehat geing ech soen mier fänken den 21 un eis en Partner ze siichen an dann hätten mer zait bis den 27ten an dann hätten mer 3 wochen zait d'fotoen ze man daat wier en fierdeel fier dei wou vakanz hun!

(wier mier egal ech hun keng vakanz)

wier daat eng idée?



Geschrieben von Mano am 20.05.2007 um 13:53:

 

Ech fannen dat eng ganz gudd iddi vir d'vakanz mat anzebrengen!
dann hun och bestemmt mei leit zeit vir matzemaachen Augenzwinkern
vir sech ab muer en partner ze sichen ass awer eischter vun virdeel,
well dann huet een deen schon vir d'vakanz smile



Geschrieben von -Laurent- am 20.05.2007 um 15:38:

 

majo dann ass ab muer allt brunftzeit ^



Geschrieben von Masterpii am 20.05.2007 um 16:29:

 

Mescht dann net een zoufälleg Vakanz an der Geigend vu Liechtenstein?? ^^ hrhr



Geschrieben von Maggele am 20.05.2007 um 16:44:

 

asou masterpii... heescht dat ech muss mer een anere partner sichen??? hätt et gäer mat däer probéiert! unglücklich

@patty
wanns du nach fräi bass: ech well unglücklich smile



Geschrieben von Masterpii am 20.05.2007 um 16:51:

 

Bon, ech hat wou mat dem Thema ugefaangen gin as, gesot dass ech just vum 7. - 12. mei zu Letzebuerg sin! Dann eben dei nächste Keier Maggele!! Ech bleiwen jo net eiweg hei zu Liechtenstein, also mengen ech mol!!



Geschrieben von -Laurent- am 20.05.2007 um 17:06:

 

Majo den Ploro an den -Laurent- bilden dann mol een team Augenzwinkern



Geschrieben von Mano am 20.05.2007 um 18:16:

 

Frutsch an Mano sin dann och en team



Geschrieben von Masterpii am 20.05.2007 um 18:38:

 

As fläit een hei den zu Luzern, Chur oder dei Geigend an der Schweiz respektiv Innsbruck (Eistreich) op d'Uni geet??



Geschrieben von patty am 20.05.2007 um 20:22:

 

@ Maggele: jop ech sin nach frai!



Geschrieben von paulwagner am 20.05.2007 um 21:51:

 

Maja deen heiten an de Flexmex kéinten scho mol als team ugesi ginn



Geschrieben von BlackPanther am 20.05.2007 um 22:11:

 

hmmm...jefferson? (haat da schons eng mail iwert den forum geschekkt...mee schengt dann nik ukomm ze sen...)
wansde loscht hoss just say a word...Augenzwinkern

an wann nik:kiischti ech sen dabai!;o)



Geschrieben von patty am 20.05.2007 um 22:37:

 

hmm ierten mer eis lo groupen siichen (obwuehl dat net schlecht ass) misst sech mol en admin hei mellen deen daat ganzt activeiert?!

//Edit: sou saach mam admin ass geklärt smile mier sollen fier d'eischt mol gruppen man smile



Geschrieben von Kwitchibo am 20.05.2007 um 22:58:

 

wei daat as geklärt ???
Gruppen as jo mol okay
mee et war jo meng weinegkeet wou dei idee haat!
an ma wessen jo nach net genau wei....



Geschrieben von Johny am 20.05.2007 um 23:04:

 

Kwitchibo, du haas mech daat och schonn eng Keier gefrot Augenzwinkern

Also ech geif firschloen, et sou ze maachen:
All Gruppen festléen, enzwech op manst een Kommentar maan matt alle Gruppen drann, fir d'Iwwersiicht ze hun. Dann maan ech e Contest op, wou een 3 Fotoe ka roplueden (waren jo 3 pro Team, oder?) an een pro Team muss dann d'Fotoen roplueden. An dann w.e.g. net den een dei eng an den aner dei aner, mee een se allen 3.

Da musst dir just nach soen wei der d'Oofstemmung wellt maan, well matt mei wei 1 Bild ass daat mei kriddleg. z.B. keint een maan, wann een Team 1. Plaz krut matt enger Foto, dass daat gewennt, mee och gesamt kucken, waat mengen ech besser wir. D.h. daat Team matt dene meeschte Punkten herno gewennt einfach.



Geschrieben von Kwitchibo am 20.05.2007 um 23:07:

 

okay also 3 Foto pro Team an ech fannen daat TEAM mat denen meschten Punkten gewennt!!!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH