Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PG Update (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=647)


Geschrieben von Johny am 29.07.2007 um 01:18:

 

Sou, Neiegkeeten: Ech hung 2 Deeg bei engem blöden Problem, bis ech en geschter endlech emgaange sinn, iwwer 3 Emweer smile Konnt dofir lo dei läscht Deeg net esou vill weidermaachen ... hun awer elo grad nach eppes klénges praktesches gemaach, an zwar ginn Links automatesch erkannt an de Kommentarer, an och an de Link emgewandelt, ouni dass [url] derbäi steet etc. (Nee et ass net online um Site, well ech net nach laang an den ale Code wullen wëll goen, data kennt reischt am Newsblog an am Update zum Asaz)



Geschrieben von Jean-Jos am 29.07.2007 um 13:26:

 

ganz gutt esou,
en décke merci vun engem dee munnéchmol Problemer mat dene links huet Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 08.08.2007 um 03:18:

 

Sou den Newsblog wär jo dann emol online smile



Geschrieben von alma am 08.08.2007 um 13:25:

 

ech wees lo net op schon een daat virgeschloen huet,
et wir vielleicht net schlecht wann enert astellungen bei den usergalerie ordner
beim befehl ordner läschen eng warnung geif kommen op een wirklech deen ordner läschen well.
ech war haut bessen seier am navigeieren an hun mir een ordner dommerweis geläscht. ass net tragesch, mee....



Geschrieben von Johny am 08.08.2007 um 14:03:

 

alma daat ass am Update schonn drann. Dei ganz Administratioun vun der Usergalerie hun ech am fong nei geschriwwen an geet elo vill méi einfach, méi séier, an soueeng Bestätegungs dings kennt och Augenzwinkern



Geschrieben von BlackPanther am 08.08.2007 um 17:24:

 

hmm...wollt da gratuleiren fir den upload fum newsblogg!! großes Grinsen
endlösch geschitt epps!großes Grinsen

mee...iergendswei...kann natilisch op sen dass main motzilla motzt:
wann ech op eent fun den themaen klikt(op da startsait fun PG) dann geet KEEN naien tap op an et kent een an da nemlechter fenster (zumindest hai ebn...) och nik mei wierklech zrek(muss een puermol back drkken fir nees bei PG ze landen+hun keen link fir nees zrek font...)^^
wees et zwa lo an haalen dann o sching ctrl gedrekt wansch klikn mee....wansde awa na enka solls loscht op perfektioun hun.......;o)))

messi trossdem fir dArbischt deisde dann lo -endlech- presenteiers!! großes Grinsen



Geschrieben von Masterpii am 08.08.2007 um 18:31:

 

Ech hun och nach een Firschlaag, wier et meiglech bei den Kategorien vun den Fotoen eng fir makro an/respektiv close-up ze maachen, an dann nach ennerkategorien wei INsekten , Blummen an Ojet'en oder sou??



Geschrieben von Johny am 09.08.2007 um 00:31:

 

@Blackpanther: Ass gemaach, geet an enger neier Fënster op Augenzwinkern

@Masterpiigroßes Grinsen aat passt guer net bei d'Struktur vun eise Kategorien. an sws, wéis de wëlls Insekten oofliichten ouni dass et e Makro ass, wees ech net großes Grinsen

Bei Déieren ass eng fir Insekten, hues also do déi Kategorie. Bei Natur gëtt et Blummen an Makro, well ee Blummen och kann oofliichten ounid ass et Makro'en sinn, mee wann et se sinn soll ee se an dei zwou Kategorien setzen (dofir ass daat gemaach matt denen zwou Kategorien!). an bei Objeten hu mer och eng extra fir Makro.


//EDIT: ech hun och nach, waat de Pinocchio soot geännert, d'EMail gesäit een net mei am RSS Feed.



Geschrieben von BlackPanther am 11.08.2007 um 19:11:

 

hey!THX dude! Augenzwinkern
an ennndlech huet PG o dain logo kritt!(an den Tabs an den Favorites...)
daat get gudd! großes Grinsen



Geschrieben von Johny am 11.08.2007 um 22:38:

 

Jo e Favicon nennt een daat Augenzwinkern



Geschrieben von marischen am 13.08.2007 um 19:27:

 

Ech hun hei lo net alles gelies an vlaicht huet schon een daat gefroot. Mee ech giff et flott fannen wann een sech kéint d'Hannergrondfarw aussichen wann een eng Foto roplued. Falls daat méiglech wier smile Also weiss, schwarz oder gro zB.
Ass nemmen su eng Iddie déi mer schon méi lang am Kapp ronderem geet.



Geschrieben von Johny am 13.08.2007 um 22:52:

 

Daat geet net, daat geif net bei de Gesamtdesign passen, wann den Inhalt matt der Foto z.B. dann wäiss wir...



Geschrieben von marischen am 13.08.2007 um 23:36:

 

Mjo stemmt.. ok Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 30.08.2007 um 03:59:

 

Lues a lues geet et weider ... Ech hu lo déi läscht Deeg nach vill Saachen mol ugepasst un den Design, an am Moment sinn ech derbäi dee selwechte System fir d'Kommentarer um Site selwer anzebauen. Hei ass et natirlech bessen méi komplizéiert well een net nemme bei News Comments kann schreiwen do smile

Wann ech dat elo fäerdeh hunn, dann muss ech nach eppes bei de Contests änneren an dann hun ech am fong endlech just nach dei nei Funktiounen firu mer.



Geschrieben von Johny am 24.09.2007 um 12:31:

 

Lo sinn ech rem net sou gutt weiderkomm well ech am Moment vill aner Saachen ze dinn hun. Ech hun puer Saachen bäigemaach gehaat nach bei de Fotos-donnéen, ob Blëtz äusgeléist huet, a wéiengem Programm een war (Time/aperture Priority etc ...), wéivill ënner- respektiv iwwerbeliicht ginn ass, déi 3 Saache ginn automatesch äusgelies wann et geet, an et kann een d'Objektiv nach derbäi uginn.

Ech haat geduet vläit bis Ufank Oktober fäerdeg ze ginn mee daat ass elo onméiglech.



Geschrieben von Kwitchibo am 24.09.2007 um 12:46:

 

wann et herno esou guud get wei ech mengen dann as daat keen stress!! smile



Geschrieben von Pelz am 24.09.2007 um 13:12:

 

Jo Johny, stress dech net. Wann den Update lo reich Muer kennt, ass daat och net schlemm :-)
cya



Geschrieben von Johny am 24.09.2007 um 13:19:

 

Oh ech weilt e geif muar kommen großes Grinsen

Ech verleiren och emmer vill Zäit matt Saachen optiméiren, wou z.B. de Server entlaaschten bessen an och eisen Traffic... Dofu mierken d'User herno leider net direkt vill :/ D.h. et ka sinn dass herno déi Zäit déi ech dofir gebräucht hun, net äusgesäit wéi daat waat d'user als neies gesinn.

Mee bon et ass jo net weiwann PG am Moment net geif funktionéiren großes Grinsen



Geschrieben von nikel am 24.09.2007 um 14:06:

 

Johny mir hunn dach baal keen Traffic um Server Zunge raus



Geschrieben von Johny am 24.09.2007 um 14:13:

 

Säit gescht Owend steet just schéin do "you exceeded your traffic limit" großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH