Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- ->eBay!<- (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=644)


Geschrieben von Maggele am 28.03.2007 um 23:50:

  ->eBay!<-

ech well emol probéieren een e-bay thread op zeman.
esou geet et:
wann een eppes flottes (wat mat foto ze din huet) bei e-bay gesäit einfach ee link mat enger kuerzer erklärung eraposten. w.e.g. keen OT, dat wier fläit gudd fir 't iwwersiicht;D
natiirlech as jiddereen ageluede séng eege sachen dran ze posten (soulang wéi dat kee spam as natiirlech)

man mol een ufank mat enger klenger auktioun déi jiddereen intresséiere kéint! http://cgi.ebay.com/ws/eBayISAPI.dll?ViewItem&rd=1&item=130093876815&ssPageName=STRK:MEWA:IT&ih=003



Geschrieben von Knolles am 29.03.2007 um 13:43:

  RE: ->eBay!<-

ob daat eng gudd Idee as, sin mir nët sëcher.
do keint den site hei awer mol ganz seier - iwwerschwemmt - gin , oder nët ??
Vleicht hun ëch daat och lo falsch verstaanen.

dein Link, déen as an mengen Aaën intressant, mais schon mol - nët gudd - .
Liwwerong nëmmen an Kanada oder USA !!!!



Geschrieben von ApplEric am 29.03.2007 um 13:51:

 

Hmm, Maggele, keng schlecht Idee, mee dat och nemmen bei Artikelen vun "Sofort Kaufen", vun Geschäfter, dei mei op Stock hun...
Ech well nämlech net datt een mer d'Objektiver virun der Nues wegsteet dei mech intresseiren... :-)
Net datt sech hannenno PG-User op eBay em Bletzer, Objektiver, etc. zerklappen... :-)



Geschrieben von -Laurent- am 29.03.2007 um 23:15:

 

hmm also ass schon flott hun mein 24-70 2.8L och bei ebay kaaft an haut war ech en dun op aachen sichen großes Grinsen



Geschrieben von Maggele am 29.03.2007 um 23:19:

 

majo, dann macht emol einfach nach e puer besser links, amplatz ze soen dass dee link net gudd woar. wann et net rullt kann ee jo nach emmer ofbriechen ;D



Geschrieben von gloda am 06.05.2007 um 20:27:

  Zevill Gudd?

eBay Link: Zevill bëlleg fir wouer ze sin
Normalerweis gesin ech op eBay ëmmer zimmlech séier wat un engem Artikel lusch as wann en bëlleg as, zB en Handy deen un en Netzwierk gebonnen as, oder eng Playstation déi nëmmen eng Foto vun enger Playstation as. Mee hei? Wee ka mer weisen wou den Hoken as? Soss géif ech do vläit bidden.



Geschrieben von coolpix am 06.05.2007 um 20:53:

 

"Please note that this is the full version not a time-limited trial/demo or beta version and comes complete with easy-to-follow install instructions - Does NOT come with a box/manual etc."

Do ass iergend eng schief geiw ech soen.. vläit steet den Aktiveierungs-Key och am Manual selwer dran...



Geschrieben von gloda am 06.05.2007 um 20:59:

 

Ech hun den Verkeefer kontaktéiert an ënnert anerem gefrot ob et eng legal Verisoun wier. En huet geäntwert 'no timewasters' an 'buy from someone else'. Ech hun den Artikel bei eBay gemellt.



Geschrieben von Johny am 06.05.2007 um 21:58:

 

Jo hee ka jo daat verkafen, steet neirens dass en ENG LIZENZ verkeeft. Waat hee verkeeft ass eng DVD matt 2 Programmer drop, wann ee selwer keng Lizenz huet kann ee maximal 30 Deeg Trial gebrauchen.



Geschrieben von gloda am 06.05.2007 um 22:02:

 

Dach ënnen steet et wier d'Vollversioun, keen Trial.



Geschrieben von Johny am 06.05.2007 um 22:09:

 

Daat ass genee dee selwechten Installatiouns programm smile Wanns de en awer starts gëss de no enger Serial gefrot, wanns de keng hues, hues de 30 Deeg Trial. Also ass en net falsch, wann ee seet et wir eng Vollversioun well de Programm ass wirklech kapabel eng Vollversioun ze sinn Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 06.05.2007 um 23:04:

 

't giff mech nawell wonneren wann et legal wier d'Testversioun fir Suen ze verkafen, sou oder sou huet et näischt op eBay verluer.
Mat der Testversioun as och sou eng Saach, ech wollt den Programm wierklech testen iert ech en kafen mee en léisst mech net, do as iergend eng schief gelaf. Nuje.



Geschrieben von Johny am 07.05.2007 um 00:09:

 

Wann heen daat sou kaaf huet, an et lo weiderverkeeft just ouni d'Lizenz respektiv Serial, wees ech leider net waat illegal sollt dru sinn :/ Just wann heen et selwer sollt gebrannt hun oder sou, dann natirlech.



Geschrieben von -Laurent- am 07.05.2007 um 14:57:

 

ett ass legal testversiounen weiderzeverkaafen, ze verschenken ... nemmen lizenz en benotzen ze duerfen muss vun der firma aus verkaaf gin, computerzeitungen duerfen jo och souvill trials weidergin wei se wellen

an fier d arbescht den trial opt cd ze brennen blechs de eben ^^

also mein papp an ech mir hun lo em dei 250 ebay transaktiounen, sin nach nie rangefall, geht nemmen drem dadd een sech d mei micht fier alles duerchzeliesen



Geschrieben von MarcGerard am 19.01.2008 um 13:42:

 

http://cgi.ebay.de/Adobe-Photoshop-CS3-Extended- Vollversion_W0QQitemZ130189533053QQihZ003QQcategoryZ154109QQssPageNameZWDVW<br /> QQrdZ1QQcmdZViewItem

iergendeen amateur?
ech woar ze séier an hu vill méi vir mäin ausgin.. dat doen as manner wéi 't halschend vun deem präis deen ech gin hun ...



Geschrieben von gloda am 19.01.2008 um 22:59:

 

469€ as awer och kee Schnäppchen. Déi ënnert ierch wou studéieren kënnen och vun der Studenten Editioun profitéieren. Ech krut d'CS3 Student Design Standard Edition (Ps, Ai, ID, Br, Acrobat Writer) fir ronn £160 op amazon.co.uk. Vläit hun se en mëttlerweil och op den aneren Amazon'en an ähnlechen Shops.



Geschrieben von Mika am 20.01.2008 um 01:27:

 

Ma gloda, hunn beim däitschen Amazon nogekuckt, an do kascht et 209 Euro...mee weivill ass dann do vum "richtegen" Photoshop iwwerholl? Well den Präis ass wierklech verlockend großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 20.01.2008 um 12:59:

 

Et as den selwechten Programm. Du muss eben just d'Bedingunen erfëllen an hinnen eppes schécken dat weist dass de Student bas, an méngem Fall eng Kopie vun ménger Studentenkaart.



Geschrieben von gloda am 14.03.2010 um 14:50:

 

Ech duecht mer et kéint een den Thread vläit ausbauen an amplatz just eBay allgemeng gudd Affairen dra setzen?
Op Amazon UK kritt een den Canon EF 75-300mm f/4.0-5.6 III Lens fir 119£. Link.



Geschrieben von gloda am 06.01.2011 um 22:53:

 

Aperture 3 kascht grad nëmmen 62,99€ um Mac App-Store. Accessibel mat Mac OSX 10.6.6. (via mydealz.de)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH