Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Kino (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=564)


Geschrieben von annemie am 10.03.2008 um 00:29:

 

sweeny todd: bloody...an iergendwei...krank...mee tonnengeil!!! großes Grinsen

mee mol eng ganz aaner Froo: lount et sech den Asterix kucken ze gin? großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 10.03.2008 um 00:34:

 

großes Grinsen jo großes Grinsen

an ech komme grad vum "no country for old men" et woar iergendwéi "damn"-spannend !!!

derwäert vir rem e kooup gudd schauspiller ze gesin! (idem: there will be blood)



Geschrieben von Johny am 10.03.2008 um 00:36:

 

Gin dem toto absolut Recht waat den jumper ugeet, war den e Samschden, zum speziellen Event den Dag, kucken großes Grinsen (Wen fennt eräus waat den Event war? harhar)



Geschrieben von annemie am 10.03.2008 um 00:43:

 

@Johny: uuuuuuups... happy dann großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 10.03.2008 um 22:45:

 

leschte mount bestätegt: den " cannibal holocaust" gett als dee beschten horrorfilm vun allen zäite gewielt. ech hun en nach emmer net gesin, mee genre-lovers wäerten sech freen dass nächst joer e remake gemach get.

de film as an iwwer 50 länner verbuede gin (as also quote-méisseg e flopp), mee soll vun der intelligents hier aus anerer horrorfilmer erausstiechen. nom SAW- an Hostel-sequal wäert 't zenséierung wuel kee problem méi in, an een 1:1 emsatz mat moderner bildqualitéit méiglech sin!

ech si gespant!

http://imdb.com/title/tt0078935/



Geschrieben von Mojoo am 24.03.2008 um 23:37:

  U2 Doku

U23D ass net nëmmen duerch d'3D Erlierwnis absolut kuckenswert mee och duerch den gelongenen Zesummenschnëtt vun den verschiddenen Concerten. http://www.u23dmovie.com/



Geschrieben von toto am 25.03.2008 um 01:12:

 

wär cool wann daat och anner artisten geifen machen.



Geschrieben von MarcGerard am 25.03.2008 um 01:35:

 

U2 huet 't de frick dozou ;D



Geschrieben von Surf-republican am 27.03.2008 um 11:15:

  Die Welle

een Film deen jidfereen onbedengt muss gesin hun ass deen neien "Die Welle"
wierklech en -genielen- film
deen weist engem dass en autoritärt regime vill mei akut ass wei een eigentleh keint mengen...an dass mer guer net sou "onbeanflossbar" sin wei mer eigentlech emmer denken!

war schon een deen kucken??



Geschrieben von Johny am 27.03.2008 um 11:59:

 

Jop, war e kucken, an du hues, muss ee gesinn hun, ass absolut top. Oft sinn zwar däitsch Filmer éischter schlecht gemaach, mee desen ass suwuel vum Inhalt wei vun der Emsetzung tiptop.



Geschrieben von MarcGerard am 27.03.2008 um 12:06:

 

jop!
ech hu mech zwar geftot ob esou eppes schon an enger woch méiglech as. dat as eng intressant fro, ech weess net méi wéi lang et am buch gedauert hat ... mee fannen e super emgesat.



Geschrieben von Johny am 27.03.2008 um 19:33:

 

Jo daat huet d'Lydie sech och scho gefrot ...

Ech denke schonn dass et méigleg ass, bessen "Zoufäll" si secher derbäi, mee dei ginn et jo oft genug iwwerall, wisou och net grad hei.



Geschrieben von Mojoo am 09.04.2008 um 16:02:

  The Love Guru & Wanted

Wiem den Austin Powers gefällt wäert eventuel och un dësem Film Gefaalen fannen:

http://www.apple.com/trailers/paramount/theloveguru/

Och den néien Film mam Angelina Jolie an mam Morgan Freeman gesäit ganz flott aus:

http://www.apple.com/trailers/universal/wanted/



Geschrieben von JADE am 05.05.2008 um 20:06:

 

Geet iergendeen vun iech op d' "Nuit des publivores" den 9.5. an d' Rockhal ? smile



Geschrieben von MarcGerard am 06.05.2008 um 01:52:

 

kennen ech net.. erziel großes Grinsen



Geschrieben von JADE am 06.05.2008 um 07:59:

 

seriö? ... mëchs den Geck, gell? ...
ech denken ët ass eppes fir dech ... youtube- an funfreak ... großes Grinsen

fir déi aaner dann ... = een triple Marathon vun "Reklamm" Clips ... fröhlich

http://www.nuitdespublivores.com/

ët muss een schon Ausdauer an Sëtzpolster hun ...
all X Stonnen gin Drénk- an Iesspausen gemach ...
an duerno kann een 3 Méint lang keng Pub méi gesin ... fröhlich

tickets ...
http://www.rockhal.lu/fr/program/2008/05/09/nuit_des_publivores/index.php



Geschrieben von MarcGerard am 06.05.2008 um 09:04:

 

heeeyyy! dat as DAAAT! XD
fannen dat cool, mol kucken ...



Geschrieben von MarcGerard am 06.05.2008 um 13:31:

 

apropos kino: hei mäi review zum ironman!

ech woar en 2 mol hannerenee kucken, d.h. dass ech e gudd fannen großes Grinsen

also, bon ok.. et as eng marvel-interpretatioun, a mäer hun dee's scho genuch, ech weess. an alt neess e marvel-held vun deem ech zwar héieren hun, mee mech awer ni domat ausernee gesat hun. doduerch as méng kritik op getreiheets-basis wertlos.

besetzung fannene ch genial, net nemme well 't charaktere passen, mee och well se alleguer eenzel einfach super-talenter sin!

effektméisseg: also e computerfreak giff sech fläit opreegen well alles e bessi iwwerdriwwen as, mee et as marvel, et as e film, et as hollywood! dacks verdréint een 't aa'en bei deenen onméigechste computertechnologien, mee boff großes Grinsen vir de recht fannen ech 't effekter grad esou simpel wéi wierksam. !

story: jupp! kënnt un, mecht sënn.
't sorry spillt sech alledéngs zur halschend am ironman séngem atelier of, am ufank vum film as eng onendlech lang höhlenzeen wou den held sech säit éischten ironman-prototyp baut. langweilech get et allerdéngs net ...

also fazit: ech roden de film jidderengem. also marvel-fans an actionfans. ob en elo comic getrei as iwwerloossene ch de spezialisten, dat as mer emmer relativ egal großes Grinsen



Geschrieben von BlackPanther am 06.05.2008 um 14:33:

 

hmmm....Ironman wier nawell gudd nach ze gesin...^^



mee hun do nach een anren am Aan: Twighlight-Trailer

wees nik op IERGENDEEN dei Bicher gelies huet...se haaten dei aner Sait fum groussen Pull mol ZIMLECH FILL succes an ech perseinlech fannen se apsolut genial!!
sen wierklech gespaant op den Film



Geschrieben von MarcGerard am 22.05.2008 um 01:05:

 

woar geschten ee spezielle film kucken! ech mengen e leeft net méi lang, dovir macht ierch bäi!

also jiddereen deen e bessi u filmer intresséiert as déi net reng ennerhalen, mee och eng eegen nei interpretatioun opweisen: GEI DEE KUCKEN!! großes Grinsen

ech schwetze vun Funny Games U.S.

also ech verroden net vill, dat get soss langweilech, mee vir ewech: de film as als horror/triller agestuft an handlet vun 2 jonke psychopaten déi eng eng famill kidnappen an droen se emzebréngen.

mega-cast, mega kamera, MEGA dialog!

an als iwwerraschung nach eng sach déi immens seelen as vir de genre vu film: deen ee psycho schwetzt heiansdo mat der kamera/publikum! dat as einfach ee genoss!

de film as iwwregens ee remake vun 1998. dat as een däitsche film gewiecht an en as quasi schnëtt vir schnëtt; wénkel vir wénkel selwecht.. hei spillt den ulrich mühe mat dee jo 't lescht joer gestuewen as ...

ok, hei nach den trailer, de film musst der awer selwer kucken!
http://www.youtube.com/watch?v=Ec-70W_K77U


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH