Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Emfroen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=18)
--- Save (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=560)


Geschrieben von CANON am 30.01.2007 um 19:40:

Lampe Save

Wie mach dir äre safe...op Externe HD oder DVD...1X oder Doubel...E mol an der Woch oder am Mont...oder gouer keng...

Merci



Geschrieben von ploro am 30.01.2007 um 19:42:

 

also momentan hun ech alles nemmen 1 mol um externen hard disc awernemmen well mer d platz knapp get sos hätt ech alles och nachengker um pc selver!
mee am leiwsten hätt ech 2 externer vun 300gb an dann gief ech op denen 2 dat glaciht drop hun
mee du mess dach well eiweg fotoen du muss dahc well eng gigantesch unsammlung hun wei hos du et dann selver bis elo gemach?



Geschrieben von -Laurent- am 30.01.2007 um 20:25:

 

hmm ech backupen all haleft joer alles vum pc op mein externen harddisk daat ass fir mech genuch Augenzwinkern



Geschrieben von ApplEric am 30.01.2007 um 20:35:

 

Also, ech hun baal all meng Fotoen um internen Harddisk an der iPhoto-library. Mee ech back-upen all meng fotoen sou ee mol am Moment op mein externen Harddisk, soudass ech se 2 mol hun, falls eppes geschitt. An meng Fotoen vun 2003 bis 2006 hun ech lo all op CD-Rom gebrannt. (senn der zimlech vill) mee DvD fannen ech net sou gudd, firun allem leeft dat mei lues an de computer krett et oft net gelies. Vun dohier maachen ech nach alles op CD-Rom.



Geschrieben von ploro am 30.01.2007 um 20:44:

 

mais rohdaten op CD dann gief ech blödZunge raus jo an dvd trauen ech onet



Geschrieben von ApplEric am 30.01.2007 um 20:49:

 

Archiveiren mer dei ganz Kollektion vu Fotoen jo och... Hu lo em dei 20 CD-Roms matt nemmen Fotoen vun 2003 bis 2006... Froe mech well, weivill ech der fir 2007 brauch... :-)
Mee dat bescht ass nach emmer, et hudd een d'Fotoen op 2 Harddisks. (menger meenung no...)



Geschrieben von Johny am 30.01.2007 um 22:26:

 

Harddisken sin an teschen zäit esou belleg ginn ... 87€ hun ech bezuelt fir eng extern 250GB. Dei hun ech mer kaaf fir de Leopard an säin Time machine smile

Also am moment hun ech all meng Fotoen just am RAW an der Library vum Aperture, an an dem kann een wielen dass en en "Vault" (iwwersaat heescht daat Bunker) enzwech mecht, z.B. op engem externen HDD. An wann een dann op de Knäppi dreckt fir ze aktualiseiren dann kopeiert heen d library wei se grad ass rem an de vault, d.h. ass eng eegen arderweis ze backup'en. an genee sou gutt keint ech eben daat ganzt zreckhuelen, wann meng Library eng keier futsch wir.
Daat wir et och schonn smile



Geschrieben von ApplEric am 30.01.2007 um 22:36:

 

Wow, dat ass jo mega praktesch... Mengen ech komme laanscht den Aperture net mei laanscht... Den iPhoto hudd mengen ech keng sou Funktioun. (oder?)
Back-Upen meng Fotoen vu menger Library emmer via Automator riwwer op meng extern HD. Geet och gudd, dauert just bessen, well en alles checke muss fir keng duebel ze hun, etc.



Geschrieben von Johny am 30.01.2007 um 23:04:

 

Nee den iPhoto huet daat net. Gutt daat hei bräuch och emmer e bessen mee et geet awer nach ... smile



Geschrieben von FranzMacN am 02.02.2007 um 18:07:

 

Hi,

1) all 2-3 Wochen e Backup vum ganzen HD op en Externen-HD.

2) ech hun all meng Fotoen an verschidde iphoto Librairies. All Joer gin dei op DVD kopeiert an duerno meeschtens net mei modifizeiert. Also z.B Vakanz_2006 get jo net mei am Joer 2007 veraennert.

3) dei bescht Fotoen gin erausgeprint (Belle-Etoile, etc) an an den Album gepecht.

mfG
Franz



Geschrieben von Charly am 18.04.2007 um 11:17:

 

Also ech gin esou vir:

1. Photoe maachen (do kënnt ee jo nët derlaanscht ...)
2. An de Computer eran liesen
3. Sortéieren an embenennen
4. Internen disk mat externem disk 1 synchroniséieren

1x am Mount: externen disk 1 op externen disk 2 synchroniséieren deen soss ausser Haus (op der Aarbecht an engem coffre-fort) gelaagert gët

Ech haat mat 2 Kopien op DVD ugefaang, mee mat de Präiser vun den Disken an der Gréisst vun RAW, TIFF, PSD, Panoramas, ass daat nët méi praktikabel.

Ah jo, ech formatéieren méng CF-Kaarten (4x1GB + 1x4GB) eréischt wann ech se nees gebrauchen. Bis dohin sin d'Biller och nach do drop.



Geschrieben von Gismo am 15.05.2007 um 01:27:

 

Ech hun meng dei neisten Foton ( dei leschten 5GB) ob mengem Laptop, meng komplet Foton sin ob dann nach engkeier ob mengem PC 2 ob 2 verschiden HDDs gespeichert, an nach engkeier all halleft oder all Joer ob DVD.

Ech hun engkeier meng Foto durch en defekten HDD verlur dat geschitt mer net nach engkeier smile

aus Fehlern soll een jo bekanntlech leiern Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH