Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Adobe Lightroom - Beta (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=320)


Geschrieben von mmphotos am 24.09.2006 um 21:51:

 

Nee et get net automatsch gespeichert...also net an der RAW datei selwer. Wanns du deng RAW datei am ps opmess zb as keng aenerung drun. Du muss eng bearbescht Foto exporteieren.Reicht dann as daat waats de geaenert hues och un daer datei. Do hues de eeben den groussen firdeel dass deng originaldatei emmer dei original bleiwt. Einfach bei file- export gon...oder "shift, ctrl E"



Geschrieben von Lensman am 25.09.2006 um 07:49:

 

Net nemmen RAW, mee och all dei aaner enerstetzten Formater bleiwen onverännert. Sou kanns du och eng JPG Photo 10 mol emenneren ouni dass d'Qualiteit drenner leit.

Gespeichert gin d'Verännerungen an Screenshots vun der leschter Verännerung fir den Preview an Thumbnails (an engem bestemmten Folder deen een mat engem Trick och änneren kann).

Gespeichert get et also automatesch, mee du muss emmer erem den Lightroom benotzen an do d'Datei exporteieren.

Lightroom DNG an Bridge DNG verstinn sech am Moment nach net. Daat soll sech awer nach änneren.

EDIT:

Lightroom Beta4 as haut eraus: Link



Geschrieben von Kwitchibo am 25.09.2006 um 14:55:

 

MErci fir den Link kucke ma daat mol un!!smile



Geschrieben von Johny am 25.09.2006 um 15:06:

 

Jo ech haat gescht och schonn d'Meldung per e-Mail kritt dass d Beta 4 räus wir. Ech kucke mer déi mol un an da kann ech jo richteg vergläichen a kucken ob en méi séier ass wéi Aperture smile

//EDIT: Seier mol gekuckt, getest, puer Fotoen ragelueden ... Schéngt emr op den eischte Bléck net vill Ennerscheed ze sin an der vitesse, MEE wou ech bis gekuckt hun weiee Programm mei Ram an CPU bräuch ... also naja. Den Lightroom haat Ram 600 - 800 MB ! an den Aperture knapp 200. CPU war beim Lightroom zimlech äusgelaascht, beim Aperture guer net. An daat wou einfach dei 2 Programmer u waren, an ech näicht dra gschafft hun oder sou.

Ee Virdeel ass mer awer direkt opgefall: Fotoen dei ech s/w schonn an der Cam maachen, weist de Lightroom och s/w. Den Aperture weist mer se all faarwech ... (alles RAW Dateien)



Geschrieben von mmphotos am 25.09.2006 um 22:53:

 

Neien Lightroom...hudd dir och een prob mat den schreften um pc?



Geschrieben von Lensman am 26.09.2006 um 07:55:

 

Wei mengs de daat mmphotos? Ech wees emol, dass verschidden Lait Problemer mat komeschem Text hun wann den Lightroom op Franseisch oder Daitsch leeft.

Wann d'Greisst vun der Schreft an den Menüen ze kleng as, dei kanns de an den Optiounen änneren.



Geschrieben von MadSir am 26.09.2006 um 15:40:

 

Hun Public Beta 4 am Vista laafen, leeft tiptop, ausser d'Kneppecher dei bessi verpixelt ausgesin ass en elo bessi méi séier gin.

Interface hued changéiert, an soss haat ech nach net vill Zait no néien Saachen ze sichen.



Geschrieben von Maggele am 26.09.2006 um 17:48:

 

ech hat de problem och um mac...
(@mmphotos)

also wat ech mengsn: en huet engkéier net gestart, an huet mer gezielt dass em eng schreft fehlt..



Geschrieben von mmphotos am 26.09.2006 um 18:12:

 

Et as deen Problem dass en bei mir op deitsch leeft, wees awer och leider net wei ech daat aenneren kann well en mech ni no enger sproch freet. Haett am leiwsten englech...

bei import steet net import mee zb: ü6ä_import



Geschrieben von Maggele am 26.09.2006 um 18:20:

 

lol, as dach verständlech, oder ?großes Grinsen

also ech hun den engleschen, an en uet mer dat engkéier gesot. dono huet en awer näischt falsch ugewisen. mee ech hat deendo problem och scho mam safari.... as awer rem vum selwen "geheelt" ...



Geschrieben von mmphotos am 26.09.2006 um 18:50:

 

Keen wonner et as jo macZunge raus Zunge raus



Geschrieben von MadSir am 26.09.2006 um 20:41:

 

Um Windows hued den Probleem sech guer net gestallt smile

Mee egal, och matt deenen "Bobo'en" wert ech mer een Mac kaafen. Sin just nach um Rätselen: MacBook Pro oder Mac Pro ... hun a Moment een Laptop, mee esou oft huelen ech en net matt (also en steet haaptsächlech heiheem). Een Desktop ass natierlech emmer besser an méi performant, een Notebook awer méi flexibel *hmpf*

Oder een MacBook an een Mac Pro oder MacBook Pro an een iMac? Kee plang smile Haaptsaach gleich een Mac; firunallem nodeems ech gesin hun waat an den Leopart fir Features drakommen.

Mee wiesou benotz dir den Lightroom? Ass den Aperature net besser? Firun allem well elo jo och d'Versioun 1.5 rauskomm ass ...



A wéi séier leeft den Import an Thumbnail Generation op engem Mac? Bei mir ass en fir 1500 RAW files ca. 1 Nuecht am gaang unglücklich



Geschrieben von Maggele am 26.09.2006 um 20:49:

 

1500RAWfiles beieneen? lolgroßes Grinsen

de macbookpro hun ech mer deslescht kaf. just géi net ouni netzkabel eraus domat;D akku bréngt näischt. obwuel ech en richteg opgelueden hun....

ech hun de lightroom aus engem ganz einfache grond: en as gratis um internetgroßes Grinsen den aperture souwäit ech emol wees net. bon. lightroom as zwar nemmen eng beta, mee et funzt souwäit, an dat as dach flottgroßes Grinsen



Geschrieben von MadSir am 26.09.2006 um 21:23:

 

Jo bon haat och eng keier all meng RAW files importéiert (ca. 7000), an halt nach all meng JPGs, haat vun enger 19000 Dateien am Lightroom, deen ass net méi eenz gin unglücklich Do haat ech d'Saach opgin. Firunallem well meng Lightroom Library dun 10 GB haat.

Aperature kascht $299, sin gespaant waat den Lightroom wert kaschten. Froen muar mol um Adobe Stand op der Photokina no.

Zur Batterie vum Mac Book Pro ... hun een Kolleg deen och sait kuerzem een hued, mam 17" Display, deen hued awer konnten iwert 2h laang Full Screen Filmer kucken (ouni um Netzdeel ze henken).

Daat mam Akku ass jo och esou een Grond wiesou ech esou iwerleen een Mac Pro oder een MacBook Pro ze kaafen oder eng Leisung tescht deenen 2 ze fannen. Ech hun a Moment een Laptop deen permanent um Netzdeel henkt, an do haalen d'Netzdeeler leider net esou laang wéi wann se permanent eidel gesuckelt gin an dann nees opgelueden gin. Ech wees elo net ob daat elo nach esou ass, mee den Akku vun mengem Laptop (deen 3 Joer hued), deen ass net mei waat en waar (en soll mam Media Bay, 8h haalen, waar am Ufank och de Fall, mee elo net méi). Wees net ob haut einfach een System am Laptop ass, dass wann Batterie voll ass, einfach den Circuit geswiched gedd an en sain Stroum dann direkt aus dem Netzdeel hellt, anstatt iwert d'Netzdeel ze fueren.



Geschrieben von Johny am 26.09.2006 um 21:30:

 

Also wanns de Leopard wirklech äusnotze wells, ganz, dann huel am Moment nach kee Macbook, well dei hun nach keng 64bit CPU'en. iMacen an Mac Pro'en hun dei awer lo schonn smile

Also ech sin zefridden bis elo mam Aperture! jpg Files hun ech all geläscht, well déi bräuch ech jo lo net mei all ze haalen well ech d Fotoen och sou ka kucken do, an och am iPhoto. Dofir ass mäin HDD mol bessen mei liicht gin großes Grinsen A wwan ech jpg mol brauch, gi se direkt konverteiert a färdech.

Ech si lo gespaant wann den Update verFügbar ass fir den 1.5 ..



Geschrieben von MadSir am 26.09.2006 um 23:52:

 

Ass eng gudd Saach dass de mech un déi 64 Bit erennert hues, well do hues de natierlech Recht, haat do mol weider net drun geduercht geschockt

Ech mengen dann fenken mer mol matt engem Mac Pro un, wann ech dann mirken dass ech oft een PC ennerwee brauch, dann gedd sech einfach een Notebook nokaaf.

Mee mam Leopard dauert et jo och nach eng Zaitchen. Se kennen deen jo elo nach net rausbrengen, soss kopéiert Microsoft nach Saachen dorauser fir den Vista (wéi den Steve Jobs an seng Crew daat esou léiw gewisen haaten op der WWDC06 smile ) )

Ech wees net ob ech meng JPGs géif loeschen. Ech misst kucken wéi ech mer daat géif obdeelen. Soss hun ech halt emmer matt Filesystem geschafft fir d'Fotoen ze sortéieren, an daat gedd natierlech vill no enger Zait wanns de RAW'n geifs kopéieren.

Elo mam Lightroom ass et schon méi interessant, wells de der Collections kanns maachen. An am Aperture nach méi wells de verschidden Versiounen kanns maachen, esouwait ech daat matkritt hun.

Hun mer och soen geloss, dass den Lightroom eng jet méi séier wert gin mam Vista, wann een eng Grafik Kaart matt DX9 Support hued, well deen Deel vun der Graka sech eleng fir den Interface kemmert, woubai GPU dann eleng dofir zoustänneg ass fir d'Biller. Daat ass néi am Vista (XP hued daat halt nach net an bei Mac ass daat schon laang de Fall, just dass dei halt op OpenGL fueren). An meng GraKa hued just DX8 support matt "nemmen" 64 MB RAM. Géif also gären wessen wéi séier den Lightroom d'Library vun 1000 RAW files op engem Mac Pro matt 2x3GHz Dual Core 2 an 4 GB RAM an der 512 MB GraKa kéint uleen smile

Apropos Grafikkaart ... Gesin Apple hued ganz vill Nvidia ... sin um iwerleen ob ech soll eng Nvidia huelen soll oder eng ATI ? Iergendwelch Rootschlei?



Geschrieben von Johny am 27.09.2006 um 00:10:

 

Ech haat Jpegs nemmen fir dass ech se am Windows am Explorer sou konnt durchsichen. Ech hu mer all emng Fotoen vun 2006 an den Aperture geholl an do agedeelt, theoretesch keint ech lo alles aanescht läschen smile . Spuert vill Späicherplaatz.

Mac Pro, do bass de e batz Suen lass, mee wann een sech et leeschte kann, wisou net smile Ech fannen daat schlemmt jo emmer drun dass de dann en mega gäilen Mac hues, mee den écran ass do net mat am Präis ^^

An jo beim Aperture kann ee verschidde Versiounen maachen. da kanns de suguer eng Foto als Haaptfoto huelen an dei aaner gin souzesoen 'hannendrun' geluecht, soudass de dei verschidde versiounen och net emmer muss ugewise kreien -> besser iwwersiicht. An d'Original Datei ännert heen nie. Du kanns emmer rem wielen 'Make new version from Master' dann kopeiert heen d'Foto eng Kéier sou wéi heen se deemols importéiert haat, an da kann een dru frécklen goen smile Huelen zwar net un dass daat vill aanescht ass beim Lightroom, mee egal.



Geschrieben von Lensman am 27.09.2006 um 11:31:

 

Zitat:
Original von Johny
An jo beim Aperture kann ee verschidde Versiounen maachen.


Den Lightroom huet daat nach net. Daat ass mengen ech daat lescht grouss Feature waat nach feelt. Dono hoffen ech, dass den Programm nach mei schnell an virun allem mei stabil get. Waat ech mei laang dermat schaffen, waat mer mei Feeler opfaalen.



Geschrieben von Johny am 27.09.2006 um 11:41:

 

Waat fir Feeler dann? Mech stéiert am meeschten drunn dass en sou vill RAM an CPU wech hëllt.



Geschrieben von Lensman am 27.09.2006 um 15:44:

 

Zitat:
Original von Johny
Waat fir Feeler dann? Mech stéiert am meeschten drunn dass en sou vill RAM an CPU wech hëllt.


Ma zum Beispill funtioneiert bei mier d'Sich mat Hellef vun Keywords net emmer. Heiansdo sorteierten d'Foto, heiansdo mecht en egal waat.
Ausserdem as den Programm allkeiers oofgestiertzt nodem ech main Managed Photos Folder änneren wolt.
Dann kent nach den Feeler mat der Daitscher an der Franseischer Sproch deem dem mmphotos huet.

Aaner User mellen nach vill vill aaner Feeler. Kucken einfach am offiziellen Lightroom Forum.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH