Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Emfroen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=18)
--- Photogen, den 1. Androck (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=30)


Geschrieben von JohnyG am 27.09.2005 um 21:04:

 

HM ehc ka jo mol bessen probeiren, mee et ass dach keen Ënnerscheed ob een lo am Ps eng Schrëft dra mëcht, oder per PHP?

@coolpix shell_exec kënnt nët a Fro smile . De Server ass schléisslech nët fier photogen alleng geduet...



Geschrieben von Gixor am 27.09.2005 um 23:52:

 

dach well dad nervt fir leid dei neicht mat photoshop ze din hun an nemmen fotoen machen!



Geschrieben von coolpix am 10.10.2005 um 22:48:

 

Zitat:
Original von Gixor
dach well dad nervt fir leid dei neicht mat photoshop ze din hun an nemmen fotoen machen!


Dei kennen io dann den Gimp benotzen, *hähä". nee mee lo am Eecht, ech fannen Photoshop geheiert zur digitaler Photographie derbäi, an wann een seng aal Photoen just ascannt muss een do och opmannst engkeier den Kontrast verbesseren, kennt een also net em een Bildverbesserungsprogramm erem. Et muss io net direkt Photoshop sinn, et ginn och Programmer fier Léit dei sech eben net wellen domadder beschaeftegen wei den Adobe Elements zum beispill, deen ass och net sou deier...

bis dann



Geschrieben von Gixor am 11.10.2005 um 22:22:

 

jo an der rei. ech well mech jo och net drop stiezen fir dad elo direkt ze hun. natierlech ass et besser am photoshop dad selwer ze machen oder iwerhaapt net an den internet ze stellen, wann een mengt et miss een vollen copyright-schutz op seng foto hun.

bon alleng den php ze scripten mecht bestemmt spass, mais ech mengen dad geheiert net direkt hei bei photogen hin. Zunge raus



Geschrieben von Ritch am 05.01.2006 um 20:53:

 

Alles ass gutt bis ganz gutt mee eppes steiert mech, d'voten missten anoyme sin. Dann gif méi gevote gin an méi objektiv.

Bis geschwënn,

Ritch



Geschrieben von Johny am 05.01.2006 um 23:05:

 

Wen waat gevote huet kann just den Author vun der Foto selwer kucken an d'Admins. Et ass just fier bessen Kontroll ze hun, nët dass ee kënnt, als Kommentar 'bla' schreift an 1 vote z.B. oder 10.



Geschrieben von MadSir am 08.06.2006 um 14:20:

 

Ech wollt eventuell nach eng kéier op déi Saach mam Copyright zreck kommen.

Een deen wirklech net well dass seng Foto kopéiert gedd, deen soll se net an d'Internet setzen. Well et kennt een laanscht all Secherheet (brauch een nemmen d'Musik- an Filmindustrie ze kucken, MP3 ...)

Ob et elo gesetzlech richteg ass, daat steet jo um Site schon drop. Een wou keng Lizenz matt ugedd, do sin d'Droits d'Auteurs déi zielen (am Gesetz firgeschriewen).


Et kann een technëch villes maachen fir engem et méi schwéier ze maachen, do hun ech och schon Ideen am Kapp, mee bon ... kennt een wuel emmer eventuell derlaanscht.

Fir een Copyright matzen an eng Foto ze setzen, verschaisst oft eng Foto. Wann een mengt en misst engem aaneren seng Foto huelen fir dermadd unzegin, deen deed mer leed, an wann et eng kéier bis dodrop ukennt an e soll eng kéier eng uerdentlech Foto maachen, dann henkt en halt (wei z.B. geklauten Fotoen an ee Portfolio setzen fir enger Press oofzegin oder sou).

Ech wollt och nach eng kéier erwähnen ob wéiengem Stand photogen als Site, international steht (am ganzen Internet):

Rank: 98627 (recorded säit Oct. 2005 matt ca. baal 600 Memberen)

Verglach; déi däitsch Community, Fotocommunity lait op Plaatz 2042 (säit Mai 2001 matt ca. 350'000 Memberen)

Als Verhältniss kann een sech Google huelen, déien matt hieren Sites 50% vun den Top 10 fellen.


Wann der mech froot, ass daat eng Saugudd Plaatz! Ennert den éischten 100'000 monitored Sites ze sin, déi am meechten besicht gin!!

Nach weider Sites:
Google.lu: 1101 (säit Oct. 2003)
P&T: 19404 (säit Aug. 1999)
RTL: 14473 (säit Feb. 1997)

Et handelt sech hei em de Rank vun den Most Visited Web Sites ...



Geschrieben von Johny am 08.06.2006 um 14:36:

 

Oh daat am Google haat ech nach net gekuckt.

Also ech wees awer schonn waat ech nach alles änneren fir dass mer do nach méi héich kommen ... Augenzwinkern

Ass awer ganz interessant daat.



Geschrieben von annemie am 08.06.2006 um 23:29:

 

Jo ma ass dach logisch: cool siten gin oft besicht ;-))



Geschrieben von dragon89 am 20.06.2006 um 19:51:

geschockt Oh!!!

Salut,

Oh! Dat ass mein wierklech eichten Androck!

Am verglach zu deenen Photoen dei hei sinn, sinn meng jo absolut Ufänger geschier an dann geseit op aner offfiziellen "Photogragen-Gruppen" Seiten wou ech kriisen bauen wei schlecht dei sinn. Well lo leiwer hei keen Beispill ginn!


Genial dei Seit hei muss mol enner den Leit mei bekannt gemeht ginn.



Geschrieben von Johny am 20.06.2006 um 20:37:

 

Majo freet mech wann et der gefällt. An mam bekannt maachen, daat ass jo deck am gaang, dei ganz Säit ass baal nemmen doduerch bekannt gin dass Leit gesoot hun "gei mol dohi kucken" smile



Geschrieben von Neckel-Paul am 25.06.2006 um 17:30:

 

Oh hun lo mol bessen hei ronderem geschnüffelt, an dest Thema entdeckt.

Ech wees sin schon mei wie een Daag der bei mee egal:

Also fir d'eischt krut ech vun engem Kolleg (den Bobinski) rekommandeiert heihin ze kommen, an wei ech bis ugemellt war, war ech schon begeeschtert.

Obschon meng eischt Fotoen (vleicht och nach dei am Moment) ziemlech mickreg ausgesin hun am verglach zu denen aneren.

Ajo an dann sin ech nach dem Johny dankbar dass heen mech gebremst hott (hat jo een richteschen Ansturm vun Fotoen, dei nit vill gedaacht hun) an och merci fir deng Kommentaren an Tipps.

Also desen Site ass wiklech flott an einsteiger frendlech smile



Geschrieben von suham am 25.06.2006 um 18:50:

 

um unfank hun ech en ofschreckend fonnt well dei meescht fotoen sou professionell ausgesin :-)

waat awer een super effekt ass
sou well een sech net onbedengt mat schrecklechen fotoen blammeiren
an ett denkt een e bessen no

defir ass den system all 20 stonnen 2 fotoen rop lueden och genial


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH