Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Reprise Material (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2095)


Geschrieben von Sirius am 19.04.2018 um 16:43:

Augenzwinkern Reprise Material

Hallo,

Ech wollt froen ob een Erfahrung hued mat Reprise vun Fotomaterial hei am Land.

Verschidden Butteker bidden daat jo un (nennen lo keng Nimm,Schleichwerbung :-) )
falls een nei Material (System Wiesel) bei hinnen keeft.

Fro as eben ob een do fair Praiser gebueden kritt oder een besser hued sain Material selwer ze verkaafen.

merci an mbg



Geschrieben von Metalbambi am 23.04.2018 um 18:58:

 

Leider keng Ahnung, mee géif mech awer och mol interesséieren!



Geschrieben von Bob76 am 10.05.2018 um 11:08:

  RE: Reprise Material

Hallo,

Hunn vun Nikon D7000 op Fuji X-T2 gewiesselt. Mirg... an der Stadt hat mir een Preis gemach fir all eenzelt Deel, an och dobeigesot wat ech am Privaten dofir geif kréien. Dat hunn ech mega fein an transparent fond. Ech hunn dunn privat verkaaf bis op een Objektif wat ech dunn bei hinnen verkaaf hun. Ech fannen esou eng Astellung gutt well een de Sérieu erkennt vun dem Geschäftsmann, an dat mecht Vertrauen. Dat ass elo mein neien Buttek!
Gronsätzlech ass et emmer mei lukratif privat ze verkaafen. et muss een jo den risiko vun dem Geschäftsmann verstoen deen hien dreit wann en dein Material zreck hellt. Mee wann een presséiert ass, an et kennt net op 10% unn, dann kanns de een interessanten Deal machen wous de op eng Kéier dein ganzen aalen Dengens lass bass (ausser Bicher, Gurten a.s.w., déi maachen am privaten Verkaaf vlait mei Sënn well se fir een Néieinsteiger méi Wert hunn.)
Hoffe geholfen zu haben.

Bob



Geschrieben von Sirius am 28.05.2018 um 09:41:

  RE: Reprise Material

Hallo Bob,

Merci fir deng Reckmeldung,

Sin och vun Nikon ob Fuji gewieselt :-)

Hun een Deel vum Material privat verkaaf an een Objektiv per Ebay....den Recht hun ech beim Fototrade an Reprise gin. Do hun se mir gesood dass se ob engem Objektiv keen guuden Prais keinten maan well se daat schon 3 x als Occasion haetten an daat hun ech dun ob Ebay verkaaf. Do hun ech och een realisteschen Prais kritt.

Den Keefer as souguer direkt no der Aktion vun Köln bei mech gefuer fir Objektiv sichen ze kommen....den war presseiert an wollt net ob Post warden :-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH