Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Foto-Techniken (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=23)
--- Fotoen machen an der Disco (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1925)


Geschrieben von Daederi am 07.10.2012 um 11:37:

  Fotoen machen an der Disco

Hallo,
Ech wollt wëssen wéi ech an enger Disco ka gutt Fotoen machen.
esou dass Farwen vun de Spotten etc gutt eraus kommen, an dat Belichtung optimal ass ouni Blëtz.
MERCI fir Aer Hëllef
Ciao
Dae



Geschrieben von Schluck am 08.10.2012 um 19:17:

  RE: Fotoen machen an der Disco

Ass am Prinzip d'Selwescht wéi fir Konzertsfotoën ... eng grouss opem Blend, heich ISOën an eng Verschlosszäit sou ëm 1/125 oder méi.

Oder sou Blëtzen dass de nët gesäis dass ët geblëtzt ass .. ass awer nët sou einfach:

http://www.heavymetal.lu/index.php/concert-reports/116686-mounth-stealt-rockhal-eschalzette-23042012

Do sinn der dobéi déi geblëtz sinn (manuel) an awer kommen d'Foarwen nach eraus



Geschrieben von Gaga am 10.10.2012 um 22:30:

  RE: Fotoen machen an der Disco

Genau wei de Schluck seet, just e ganz liichten Bletz fier e bessen Luucht eran ze kreien.

Falls daat net duergeht, respektiv wanns de e bessen mei "dynamik" an Effekt wells dran kreien, probeier mol den Bletz op den 2. Rideau ze setzen (as normalerweis beim Bletzzeechen dann en "rear" markeiert)
Doduerch mechs de eng Foto dei relativ laang Beliicht get (1/2 - 1/40sec, an dann kennt zum Schluss den Bletz fier dei Objetkter dei mei no bei dier sin anzefreieren. Objekter dei mei weit eweg sin oder hell an a Bewegung, gin doduerch verzerrt, t'Bewegung as ze gesin. Fier Disko e ganz passenden Effekt, deen leider op deenen Nightlife-Siten nie oder baal nie benotzt get. Daat gesait dann aus wei op enger Garageparty ouni Stemmung an Lighteffects !


Sou kann daat ausgesin.
Wanns de den Feeling bis eraus hues, kanns de souguer t'Camera ganz ronnderemdreinen a verwackelen, an mat guddem Timing dann de Kadrage richteg hun deen Moment wou den Bletz ausleist.

Hei as e ganz einfacht Beispill fier den Rear Flash :
Rear Flash Flickr

Wanns de den Bletz op Normal stoen huess, mengt een t'Persoun wier hannerzeg gaangen. Dofier eben zum Schluss bletzen, net am Ufank !


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH