Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Ausgewandert (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1862)


Geschrieben von WorldTraveler am 14.01.2012 um 00:56:

  Ausgewandert

Hallo!

Ech wunnen seit dem 22 Dezember op der Insel Madeira, am extremen Süden vun Portugal.

Et leit knapp iwwert den kanareschen Inselen! E puer Photogen-User hei woren och schon op Madeira, wei ech gesinn hunn.

Ech sinn wahrscheinlech elo fir e puer Joren oder fir emmer hei!

Sinn ech domat deen Photogen-User, deen am südlechsten wunnt?

Falls engkeier een Photogen-User op Madiera kennt, ech kennen geheim Plaatzen, wou een wonnerschéin Landschaftsopnahmen machen kann!

Gudd Nuecht!

David



Geschrieben von JADE am 14.01.2012 um 04:04:

 

oh ben esou eng Invitatioun léisst een sech nët 2x proposéieren!

ech war nach nie do, awer ët ass eng Insel déi bekannt ass fir net all ze ellen ze sin
lucky you!

(ech muss zougin, ech sin elo emol 10 Minuten lang neidesch, méi nët well soss gëtt een krank)

mir warden dann op Foto-Reportagen fröhlich



Geschrieben von Val am 14.01.2012 um 05:57:

  Madeira

Super David dann kommen ech dech eng kéier besichen,ech war schon 2 x op der Insel dat ass einfach de glanz.
Dat bescht ass awer Klima bal emmer 25 °
MBG Val



Geschrieben von Zodiac am 16.01.2012 um 14:45:

 

Ech kann mer zwar kaum virstellen dei nächst Zeit eng Kéier do ze sin (dofir stinn nach vill aner Platzen mei weit uewen op menger Lescht ;-) ) mee falls ech awer sollt den wee fannen kommen ech secherlech op deng Propose zereck fir dein gehein Platzen verroden ze kréien großes Grinsen



Geschrieben von gloda am 21.01.2012 um 13:00:

 

Do gëtt ee schonn emol neideg, virun allem wann d'Wieder nees esou ass ewéi haut smile



Geschrieben von WorldTraveler am 11.04.2012 um 22:25:

smile Klengen Update :)

Hallo!

Sinn nach emmer zu Madeira. Hunn e klengen Video erstalt vun deem, waat ech hei all Weekend gesinn smile

http://www.youtube.com/watch?v=sSTRrqzNchw

Ech hoffen, dass en gefält! smile

Mfg. David



Geschrieben von gogo am 11.04.2012 um 23:31:

 

Merci, daat sin jo puer flott Andréck vun der Inselchen.

Daat mam Wasser daat vun Uewen erooffaellt daat hu mer och baal all Weekend großes Grinsen DD



Geschrieben von Jeanny am 17.04.2012 um 06:24:

 

herrlech, et mengt een et wier een erem do.



Geschrieben von marischen am 17.04.2012 um 20:08:

 

Schéin Andréck vu Madeira :-) War virun ongeféier 7-8 Joer eng Kéier do (a bestemmt net déi eenzeg a leschte Kéier) an dengem Video no hunn ech nawell vill schéi Plazen nach net gesinn (d'Insel ass zwar kleng, an awer kritt ee se an enger Woch net ganz entdeckt).
Madeira ass wierklech eppes ganz besonneges..

Alles Guddes do ennen :-)


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH