Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Capteur/ Sensor botzen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1825)
Geschrieben von Aetheria am 15.10.2011 um 11:48:
Capteur/ Sensor botzen
Moien
hunn gesinn dass verschidden Leit méngen beim
Mirgain ginn d' Capteuren gebotzt matt Drockloft,
wann's de genau hinkucks mierkste dass een spezielle Kapp deen SAUGT drunn ass an op keen Fall kennt den Capteur domatt a contact.
Et dauert 2 Deeg, kascht vun 20-35€ an déng Batterie muss voll ogelueden sinn.
Geschrieben von gi87 am 15.10.2011 um 13:28:
RE: Capteur/ Sensor botzen
Jo geht mat Drockloft gebotzt, awa just de bannen bereich, dono get de spiegel eropgeklappt an get gebotzt mat den Visible Dust Sensor reinigungsstäbecher.. Hun et och do bei breucht krutt wei en sein sensor selwer botzt. Do ass nix mat Ofsaugen.. Weis du He schreiws.nFro de Fränk mol den seet dat. Vir richteg asset eng sach vun 10 min. Mee e mechdet halt wan net vill Leit am butteck sen wannen seng rou heut dofir.
mfg.
gi87
Geschrieben von Jean-Jos am 15.10.2011 um 13:51:
Also ech hun de Sensor vu ménger aaler 350d wéinstens 6 x beim Frank am Geschäft Mirgain botze gelooss, an et war ëmmer "impecc". Kann ech nëmme recommandéieren.
Geschrieben von Aetheria am 25.10.2011 um 14:49:
RE: Capteur/ Sensor botzen
Hallo
et get awer gesaugt, ech sinn ganz no dobai gesinn et jo oft wei den Franck et mecht et ass jo en extra Kapp drunn.
Genau hien mecht et ganz gudd.
Alles guddes...... :///)
Geschrieben von gi87 am 25.10.2011 um 15:54:
RE: Capteur/ Sensor botzen
Wees zwar net wat dan gesaugt get... ? Da kinnt en jo sougeur mam Staubsauger drun goen ? Also mier heut en dat net gesot an och ganz annecht demostreiert a geleiert... Soit ass mir och egal schluss endlech, e wees weien et selwer richteg mecht mat dem richtegen Swabs an Pinseln, do brauch en op jiderfall keng Drockloft oder ''Aspiratioun'' an et speurt en op lang Zeit vill Geld an, et ass en mei Flexibel wat Deleen ugeht.
Geschrieben von Aetheria am 26.10.2011 um 17:32:
RE: Capteur/ Sensor botzen
De stepps am apparat get gesaugt datt ass enn klengen tube vun 3 mm durchmesser!!! KEEN STAUBSAUGER!!!(Awer och just wanns du am sandkasten den apparat als schepp benotzt hues , soss kann ech mir neemlech net erklaeren wei verschieden Apparaten zu dem zoustand kommen ) lol O.O
hien huet mir daat gewisen ech muss him jo meschtens d'apparaten unhaalen an dono geet hien matt den Sensor swab drun
Du miss dir daat mol ukucken waat een fir dreck an ee apparat dran kritt daat ass net menschen meiglech. Bei sou fäll kriss du jo net alles matt den swaben eraus.
Hunn jo just gepost well verchiede Leit mengen beim Mirgain ginn d'apparaten souzesoen mamm hummer (witz) gebotzt.
Dann fro den franck eng keier wann's du mir net gleews.
alles guddes ;p
Geschrieben von Garry am 27.10.2011 um 00:06:
RE: Capteur/ Sensor botzen
Ech hun vun näischt eng Ahnung.
Wäert dann och näischt mei tippen.
Geschrieben von Fennec am 27.10.2011 um 08:26:
Hello Folks,
ech machen dat vill mei einfach
ech huelen eng Mettwurscht oder Lioner, deemno wat ech am Frigo sou fannen, kann och eng Zossis sin.
Ech klappen den Spiggel erop, reiwen den Capteur domat an, an dann halen ech den Apparat bei meng Kaaz, sie leckt den ganzen Kasten sou blitzblank an duerno as keen Probleem mei, seguer dei festgebaken Stecker gin lass vun der rauher Kaazenzong.
Nee am Eecht, scheckt aer Kamera op Willich (Canon) oder soss an, an fir dei ganz Faerteresch git bei den Frank, hien mecht et gud.
Geschrieben von gi87 am 27.10.2011 um 11:18:
Genau esou Fennec
Geschrieben von Aetheria am 27.10.2011 um 14:37:
hehe
lol Fennec
muss mier wuel oder iwwel och eng Kaaz beschaafen.
op daat just beim capteur klappt keint jo och matt mengen Fensteren doheem klappen??
kennt och d'apparaten bei Nikon/Canon schecken jo mee daat kascht deier wann keng Garantie mei drunn ass
beim Franck kascht et just 25 bis 30€
an et dauert maximal 2 deeg.
Geschrieben von g3ckko am 31.10.2011 um 14:02:
Ech hun de Sensor vun menger 50D och schon beim Mirgain botzen gelooss. Wann et allerdengs haartnäckegen Dreck as, deen och duerch Fiichtegkeet um Sensor festpecht, dann kann och de Mirgain nix dogeint maachen. Ech hun daat wengst mengem Lupenobjektiv gemierkt. Drockloft an Swabs hellefen do iwerhaapt net, da den Dreck vun der Drockloft mol net annähernd bewegt gett an matt den Swabs just vun enger Sait ob dei aaner geschoben gett. Daat eenzegt waat do helleft as den Sensor ausbauen an daat leist een am beschten vun Canon Support maachen, och wann daat eng wahnsenneg Deier gett.
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH