Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Variabele Schärftepunkt (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1792)


Geschrieben von Jean-Jos am 25.06.2011 um 14:58:

  Variabele Schärftepunkt

Op der Foto nodréiglech de Schärftepunkt astellen, wien hätt sech nët schon heiandsdo gewënscht, datt dat méiglech wär.
Lytro, eng amerikanësch start-up schafft do drun.
Probéier selwer emol hei



Geschrieben von gogo am 25.06.2011 um 15:23:

  RE: Variabele Schärftepunkt

Net schlecht.
Waat et awer och fier Saachen gin.



Geschrieben von Johny am 26.06.2011 um 03:10:

 

Naja, et sinn just Beräicher wou et geet, also et geet net op den cm a scho guer net op de mm smile



Geschrieben von gloda am 26.06.2011 um 10:24:

 

@Johny Baséiers de dat op hir Beispiller um Site? Ech denken dat sinn Simulatiounen wou se fir d'Browser bestëmmten Beräicher festgeluecht hunn.
Ech bleiwen awer am allgemengen skeptesch bis ech e fäerdegt Konsumenteprodukt gesinn.



Geschrieben von Metalbambi am 26.06.2011 um 11:29:

 

Mat der Original-Datei misst et zwar méiglech sinn op den mm genau ze refokusséieren.
Mee de Problem wou ech gesinn ass dat d'Gréisst vun den Dateien explodéieren wäert...

Trotzdem en geilen Konzept, sinn gespaant wéini een sou eng Kamera ze testen kritt. smile



Geschrieben von Johny am 26.06.2011 um 12:32:

 

Jo dat ass esou bei hiere Beispiller. Ech hu mer lo net den techneschen Detail duerchgelies Augenzwinkern



Geschrieben von Metalbambi am 28.06.2011 um 00:00:

 

Wanns de dech langweils kanns de hirem CEO seng ganz Dokteraarbecht doriwwer duerchliesen... ass bestëmmt sauinteressant...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH