Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Kuerzfilm iwwert Photographie ? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1706)


Geschrieben von GarrySchroeder am 09.01.2011 um 15:43:

  Kuerzfilm iwwert Photographie ?

Moien alleguerten , ech wollt froen ob dir een Kuerzfilm iwwert photogrphie (+-10 min.) kennt ?
et kann iwwert alles goen oder iwwert een spezifeschen Beraich an der Photographie.



Geschrieben von MarcGerard am 09.01.2011 um 22:41:

 

jo, z.b. den model/photographer vum "sabi" mat enger D90 gefilmt ...
http://www.youtube.com/watch?v=R5TKKbR6hzw

as awer 6 minuten :/



Geschrieben von BlackPanther am 10.01.2011 um 12:40:

 

hmmm... -iwwert- dFotografie lo net direkt (sou forumleiert klengt et wei wanns de no enger Art Tutorial sichs?)

mam THEMA Fotografie dran hun ech der awer puer:

een wuert, TOP: Dark Side Of The Lens

immensgudd gefellt mer och: Validation (16min)

traureg / fictional: Leave Me


et gin der fill...hun se lo nik all beineen mee dei do sen mol flott...an ronderem Fotoen sou...Augenzwinkern



Geschrieben von GarrySchroeder am 10.01.2011 um 16:19:

 

Merci fir des super kuerzfilmer , mä ech sichen eischter een Film den`d Photographie , d`Passioun oder d`Geschicht vun der Photographie erklärt smile

"Validation " ass super blackpanther , huet mech wierklech zum laachen bruecht smile



Geschrieben von MarcGerard am 10.01.2011 um 16:32:

 

kanns du eis verroden virwats de dat brauchs?
einfach just aus interesse, oder virwat grad 10 minuten a.s.w. .. ? well wann et just dorems geet eppes bäizeléieren: youtube & vime & co. si voll mat gudden tutorials a.s.w. ....

... oder brauchs de eppes spezielles? well dann as et méi einfach ze sichen smile



Geschrieben von GarrySchroeder am 10.01.2011 um 16:40:

 

Ma ech brauch et fir`d Schoul well ech während enger Stonn een "Vortrag" iwwert photographie machen wäert , an et ass erlaabt kuerzfilmmer iwwert den Sujet ze weisen.
ech wollt am fong een Video den dei "Passioun : Photographie" un dei aaner Leit verstobar mecht.



Geschrieben von MarcGerard am 10.01.2011 um 16:46:

 

ok, dann deen do video. natiirlech net alles, mee den introspeach vum jarvis as de glanz!!! respekt virun der géigewäerteger photografie Augenzwinkern
klick mech !!!



Geschrieben von GarrySchroeder am 10.01.2011 um 16:51:

 

Den ass gudd , dann misst ech "nemmen " bessen schneiden großes Grinsen



Geschrieben von GarrySchroeder am 10.01.2011 um 18:41:

 

huet keen soss nach eng iddi ?



Geschrieben von Kleent am 10.01.2011 um 22:27:

 

Mhm... also ech hätt hei nach eppes, mee daat ass eng Reportage iwwer Kirchsfotographie... Matstudenten vu mir hunn deen am Seminar "Grundlagen der Fotographie" gemaacht. Zimmlech gutt an interessant wéi ech fannen, mee vläicht lo an dengem Kontext net evident.

Mee en ass net schlecht an interessant, dofir hei de Link: Kriegsfotographie

Ech profitéieren dann nach direkt fir iech nach een aaneren Video ze weisen, deen och vun Matstudenten entstaanen ass am Seminar "Angewandte Fotographie - Der fotographische Film"... saugutt an empfehlenswärt ze kucken!

Hei ass de Link: Die Hofmann-Formel

Ech mengen awer net daat ech dir konnt hellefen... mee ech haat irgendwéi grad loscht déi Linken ze posten Zunge raus



Geschrieben von GarrySchroeder am 11.01.2011 um 13:00:

 

MERci fir den Dokumentar iwwert d`Kriegsphotographie !!
Genau sou eppes sichen ech smile !!
Huet nach een en Virschlo ?



Geschrieben von Gaga am 11.01.2011 um 15:16:

 

Wanns de Krichsfotografen sichs, muss de nom James Nachtwey kucken,
do gin et och eng serie Interviewen oder Kuerzfilmer iwert him, awer emmer eicher "Repostagen" iwert hien, wees net op daat et as waats de sichs !



Geschrieben von GarrySchroeder am 11.01.2011 um 15:36:

 

Wei gesoot , et kann iwwert all Zweig an der Photographie goen smile



Geschrieben von BlackPanther am 11.01.2011 um 15:57:

 

een den genau daat illustreiert waat dem Anouk sain Link iwert -Kriegsfotografie- vun THema uschneid, neemlech dei moralech an ethech Aspekter vun Fotoan an sou Momenter as: ONE HUNDRED OF A SECOND (as keng freeware mee een offiziellen Shortfilm dens de just ma "Gleck" op youtube fens)

op IMDB: LINK (en huet den Manhattan Short Film Festival gewonnen an dauert 6minuten...)

kukenswert well en eng interessant Thematik uschwetzt...



Geschrieben von GarrySchroeder am 11.01.2011 um 17:39:

 

Merci Blackpanther , op den wier ech net einfach sou gefall um youtube ...



Geschrieben von Kleent am 15.01.2011 um 10:29:

 

Ah ma tiptop, ech si frouh wann ech hëllefe konnt, GarrySchroeder.



Geschrieben von suraki am 15.01.2011 um 11:39:

 

merci BlackPanter,
alleng fir deen do Link gewuer ze ginn, ech hunn den "One Hundreth of a second" net kannt,
war et derwäert heihin ze kommen an sech unzemellen.



Geschrieben von BlackPanther am 16.01.2011 um 16:56:

 

haha großes Grinsen freet mech Ed, dass den Site hai sech ENDLECH awer nach gelount huet!!! hrhrhrr ;oP

(den Film guff am Petapixel-blog gepost...well en zum Thema Fotografie as, an een Prais kruut) Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH