Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- ISO-Rauschen (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1700)


Geschrieben von Scorpius am 05.01.2011 um 21:39:

  ISO-Rauschen

Scheinen gudden,

Also ech hun haut mol eng nei Erkenntnis gemeet wat ISO Werter ugeet, fir dei wou et fleicht nach net wossten (di meecht wessen et bestemt schon, me ech reicht seit Haut).

Ech sin bis elo dovunner ausgang, dass wan den ISO-Wert mei heich as, d'Rauschen och mei heich get, souzesoen Proportional as. Me dat as guernet de Fal anscheinend!
Bei enger 7D zum Beispil, as d'Rauschen bei ISO 640 dselwecht wei bei ISO 100, oder das d'Rauschen bei ISO 2500 fill manner as wei bei ISO 2000. An anscheinend as dest Verhaalen bei zimlech allen Cams an där Form remzefannen.

Wisou as dat esou ?

Hei den Test -> http://vimeo.com/10473734



Geschrieben von VeloBen am 05.01.2011 um 22:18:

  RE: ISO-Rauschen

Haenkt och vill vun der cam off, geiff ech soen. Iso 1000 rauscht schon bei der enger cam wéi S.. , bei enger anerer ass nix vun rauschen ze erkennen.



Geschrieben von Gaga am 06.01.2011 um 13:45:

  RE: ISO-Rauschen

jo, an och vum motiv un sech ... wann awer relativ gesin vill Lucht do as, gesait een t'Rauschen net esou wei bei enger laangzeitbeliichtung wou vill schwarz as ...
t'beliichtungszeit as do och en wichtegen faktor ...



Geschrieben von GarrySchroeder am 09.01.2011 um 12:00:

 

hei ongefeier dat selwecht nemmen fir Nikon Benotzer : http://www.kenrockwell.com/nikon/d5000/high-iso-comparison.htm



Geschrieben von Poly am 09.01.2011 um 13:06:

Daumen hoch! ISO-Rauschen

merci fir de link, ganz interessant
fir bildrauschen benotzen ech de heiten software fannen dat ech domat jon e gutt Stéck gehollef kréien;-)
http://www.neatimage.com/


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH