Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Helef bei Studio Flash Kit (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1633)


Geschrieben von toto am 04.09.2010 um 15:55:

  Helef bei Studio Flash Kit

salut. ech wollt froen kann een mer een guden Studio Flash kit virschloen.
Et geet mer mei em den bletz die anner sachen wei softbox kann ech separat kaffen mee den bletz so schon een guden sin.
Ech haat am sen 1 bletz an 1 dauer licht oder as et besser 2 bletzer ze hun, die hun jo och dauer luut waat kann gedimmt gin.
Mein Budget leit bei +/- 1000 € ( fir den ganzen kit )

Fotoen die domader gemach sollen gin : portraits, photos de mode , high key, low key

merci schon am viraus



Geschrieben von Laurent76 am 04.09.2010 um 22:33:

  RE: Helef bei Studio Flash Kit

ech hun deen heiten an sin super zefridden dermat.....
http://www.profotshop.de/STUDIOBLITZ-SET-ANGEBOT-D-Lite-4-it-to-go-Set-,art-78693



Geschrieben von toto am 05.09.2010 um 21:02:

 

merci kucken mer daat mol mei genau un



Geschrieben von toto am 06.09.2010 um 22:06:

 

ech hun elo den choix fir 2 modeler.

1. walimex pro vc 400

2. Elinchrom D Lite 4

wei een geift dir huelen oder as besser ?



Geschrieben von Pelz am 06.09.2010 um 22:48:

 

Wanns de den Choix teschedn Elinchrom an Walimex hues, dann secherlech Elinchrom!



Geschrieben von Laurent76 am 06.09.2010 um 22:50:

 

Elinchrom, mee ech sin awer och elo net ganz objektiv....



Geschrieben von toto am 07.09.2010 um 14:44:

 

Fir waat Elinchrom ?
Ech fannen dem walimex seing bedienung besser an an den astellungen 1/16. Elichrom nemmen 1/10.
Elinchrom geseit dofir mei stabill aus.

Kennt een hei en geschäft zu letzebuerg waat die 2 marken huet , das ech mer se op der plaatz kaan ukucken ?

Waat fir Bltzer huet den photogen studio ?



Geschrieben von Schlimpitz am 07.09.2010 um 15:07:

 

Mengen Walimex ass haaptsächlech iwert Foto Walser ze kreien. Steet mol sou an all forum, desweideren spammt en ebay domat voll.
Wees net ops de dei sou an geschäfter fenns.



Geschrieben von Shogun am 07.09.2010 um 15:59:

 

D'Pro-Serie vu Walimex kennt +- op daat selwegt raus wei d'standarts bei Photoflex.
www.photoflex.com
Dei kanns de der bei engem Photogen-Partner am Norden ukucke goen.
Dei hun en Kit do stoe fier ze luusse mee se kreien awer die ganz Gamme vu Photoflex.
Bei hinnen kanns de der den Set och ausleinen fier e puer Deeg ze testen.
ciao

PS: Am Photogen Studio steht och Photoflex.



Geschrieben von Laurent76 am 07.09.2010 um 19:05:

 

net verwieselen, deen een leist sech vun 1/1 bis 1/16 regelen, deen aneren leist sech an 1/10 Schrett regelen, daat eent huet naischt mst deem aneren ze din.
Firwaat Elinchrom, ma well ech deen d-Lite 4 hun an wei schon geschriwwen nemmen iwwert deen berichten kann an deen ass super. Walimex equivalent ass den Pro, groußen Praisennerscheed get et net, Qualiteit ass nie geschenk.
Firwaat hun dei eng Nikon an dei aner Canon. Jiddfereen huet sein Grond an jiddfereen schwiert ob seng Marque



Geschrieben von Schlimpitz am 07.09.2010 um 21:27:

 

Hensel smile



Geschrieben von toto am 07.09.2010 um 23:36:

 

hensel as bessi ze deier smile



Geschrieben von Fennec am 08.09.2010 um 00:28:

 

Calumet huet och nach eng interessant Blitzanlag, hieren Genesis, do as och en Akkupack meiglech fir 160€, geet awer nemmen mat dem 300Ws

an den Calumet as Elinchrom compatibel.

Wanns de nach e bessen Gedold hues, fuer op Photokina, da kanns du dir alles ukucken.

Den Goetzener Photoclub organiseiert eng Busfahrt dohin an erem



Geschrieben von Schlimpitz am 08.09.2010 um 11:25:

 

Zitat:
Original von toto
hensel as bessi ze deier smile


stemmt, ass awa keen scheiss großes Grinsen an och no Joeren kriss de nach vill Geld dofir rem smile

Wei den Fennec soot, geif ech lo op photokina goen an mer dei saachen unkucken, do hues de eng ganz haal nemmen mat studiogeschier. Photokina ass jo lo an 2 wochen oder sou zu Köln.



Geschrieben von Fennec am 08.09.2010 um 21:23:

 

Jo Photokina as vum 21.9 - 26.9.2010 zu Köln

Billjeten onbedengt online kaafen, soss sin se deier.


zu Hensel as net mei daat wat et war, well seit kurzem sinn sie vun enger anerer Boite opkaaf ginn, allerdengs war den Deal esou gelaf dat dei ganz Elektronik net mat verkaaf gouf, dei hat eng aner deitsch Firma behalen, dei die d'Entwecklung vun den ganzen gemach hun, lo as natirlech dei Firma selwer op den Marché komm, ech hun leider den Numm vergiess, awer dat sin dei eigentlech "Hensel", et kann sin dat et Richter as, sin mir awer net secher, sorry



Geschrieben von Schlimpitz am 08.09.2010 um 22:44:

 

Richter war sou weit ech wees en typchen deen bei Hensel geschaft huet an sech hernot selbststänneg gemach huet.



Geschrieben von Laurent76 am 09.09.2010 um 08:12:

 

Kuck emol bei den Annoncen, do get een Walimex Set ugebueden...



Geschrieben von toto am 09.09.2010 um 22:34:

 

merci Laurent sou en set wear ideal.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH