Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Reflektor: Gold/Selver oder Gold/Weiss?? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1557)


Geschrieben von Lola am 23.05.2010 um 12:15:

  Reflektor: Gold/Selver oder Gold/Weiss??

Bonjou,

ech well mer en Refelktor zouleen an ech wees lo awer net ob ech een mat Weiss oder mat Selver huelen soll. Deen mat Selver reflekteiert deitlech mei wei deen Weissen mee ech froen mech ob dat weisst net duer geet? Wat meng dier?

LG,
Lola



Geschrieben von dr_kim_veis am 23.05.2010 um 18:53:

 

am beschten du haess dei zwee. waiss as heiansdo och praktesch fier schied ze spenden. mam selwrechen kanns de mei wait ewech goen vun dengem sujet well en mei reflekteirt. waat ech ob bewoelkten deeg ganz praktesch fannen as en schwaarzen. Vu dass reflekteren net souvill kaschten geing ech dei zwee huelen. Am leiwsten sou grouss wei meiglech...



Geschrieben von m-otiv am 24.05.2010 um 09:39:

 

Also ech hun een 5 in 1 (gold, selwer, schwaarz, waiss an softboxmaisseg duerchsichteg) am 110cm fir mengen 25€ kritt...sin och ganz zefridden....et ass een system matt tiretten...



Geschrieben von Pelz am 24.05.2010 um 10:56:

 

Ech geing wei den m-otiv maachen.
Ech hun och een 110cm Reflektor vun Lasolite. Deen huet eng Tirette wous de t'Faarwen kanns änneren. dh Gold, Selwer, Schwarz, Wäiss an een Diffusor. Ass tiptop.

Mat der gëllener Säit kriss de eben een gëllenen/warmen Toun op däin Motiv, mat sëlwer hälls de däin Motiv op, mam Diffusor schwächs de t'Luucht oof resp mess et mei douce.
Schwarz schleckt Luucht an wäiss reflektéiert ganz liicht. (ech hoffen hun daat sou richteg erklärt Zunge raus )



Geschrieben von m-otiv am 24.05.2010 um 12:46:

 

du hues et op jidwerfall besser ewei ech erkläert :-D (jo deen truck do mam maschin softboxmaisseg tralalala)



Geschrieben von Lola am 24.05.2010 um 18:07:

 

villmols merci alleguer smile

wann der mer lo nach soot wou ech sou eppes fannen dann ass et perfekt Augenzwinkern



Geschrieben von ludiol am 24.05.2010 um 19:12:

 

E bellegen fenns de bei Amazon, en deieren vun Lastolite kanns de z.B. iwwert den Lecuit bezéien. Deen ass um Howald an der Z.I wou och Coca Cola ass



Geschrieben von Schlimpitz am 25.05.2010 um 10:36:

 

Zitat:
Original von ludiol
E bellegen fenns de bei Amazon, en deieren vun Lastolite kanns de z.B. iwwert den Lecuit bezéien. Deen ass um Howald an der Z.I wou och Coca Cola ass

Naja sou deier ass Lastolite och alt rem net.
Kuck preiser mol eng keier vun California Sunbounce, dann sinn dei vun Lastolite geschenkt smile ))

Dei reflektoren kriss de tonnen ob ebay fir 3 mol neischt. mengen dei 5 in 1 denger do kaschten mol keng 20 eur.

kanns se och beim brenner bestellen dei hun der och vill am angebot.
http://www.alles-foto.de/



Geschrieben von arwa am 25.05.2010 um 12:59:

 

guck su, sou gesinn dei aus : http://www.amazon.de/walimex-5in1-Reflektoren-Set-107cm/dp/B000LW5DM2



Geschrieben von gloda am 25.05.2010 um 19:31:

 

Ech krut sou een wéi den Armand verlinkt huer fir 12£ op eBay. Fir dat wou dat hei Geschier maache muss, wou fir déi Manéier wéi ech schaffen net vill Afloss op d'Bildqualitéit huet, war et mer net wichteg fir den nec plus ultra ze kafen.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH