Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Geht et nach?? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=152)


Geschrieben von Johny am 02.04.2006 um 23:18:

 

Emmer rem iwert Zensuren meckeren ass einfach mee et muss een och agesin dass schlussendlech daat Thema hei opbliwen ass fir ze diskutéieren. Aanescht gesoot, ass do nix mei Zensur an mer hu jo gesin dass muss driwer geschwaat gin also hu mer et si geloos. Ech versti lo net wisou nach dodrop Bezuch gemaach gët.

Et gët soss nemmi vill hei ze soen, et ass äusdiskutéiert. Mee fir dass aanerer daat och gesin misst ech hei closen mee wann ech daat maachen kommen d'Leit rem mat Zensur hei an Zensur do. Et ass näicht aanescht wéi en Däiwelskrees.



Geschrieben von Metti_Spaghetti am 02.04.2006 um 23:34:

 

ech hun net driwwer gemeckert... ech hun gesot wat mir als aussenstehenden opfällt... dat war eigentlech eischter als konstruktiv kritik ze huelen. Wei gesot vlait fällt et iech selwer net op, oder ech sin vlait och zevill sensibel op sou saachen... who knows. Mee t'ass nie gudd wann sou en offenen krigg tescht admin'en an user'en stattfennt... wat net heeschen soll dat keng meenungen ausgetosch sollen gin tescht denen zwou saiten an einfach sou thema'en net zouzeloossen... Ech wees wierklech net wei een do soll fiirgoen als admin oueni d'gesiit ze verleieren.

An mengen net dat dat heiten en daiwelskrees ass :-) loos d'thema mol na op ... an beliew et selwer net mei... ech gin em eng woch dann kennt nix neies mei... mengen d'thema war schon doud eier ech et rem ausgegruewen hat hun dat herno reit bemierkt.. dofiir *sorry*



Geschrieben von zia am 03.04.2006 um 11:32:

 

Hudd dir ierch emmer nach mat deem Thema, ei ei ei!!

Ech verstin ierch zwar, mee ech fannen dass et den Admins hier saach ass ob sie wellen matdeelen firwaat den Lex net mei Admin ass oder net.



Geschrieben von RivanerJoe am 03.04.2006 um 12:12:

 

Et war lo roueg.....



Geschrieben von Johny am 03.04.2006 um 13:36:

 

Zitat:
mengen d'thema war schon doud eier ech et rem ausgegruewen hat hun dat herno reit bemierkt.. dofiir *sorry*


Et sollt een emmer wann een eppes sou liest mol kucken weini daat ganzt stattfonnt huet, mee bon. Su laang net rem aaner Leit kommen mat Argumenter dei keng sin ass et net su wëll.



Geschrieben von redrum am 03.04.2006 um 15:20:

 

Zitat:
Original von Johny
Zitat:
mengen d'thema war schon doud eier ech et rem ausgegruewen hat hun dat herno reit bemierkt.. dofiir *sorry*


Et sollt een emmer wann een eppes sou liest mol kucken weini daat ganzt stattfonnt huet, mee bon. Su laang net rem aaner Leit kommen mat Argumenter dei keng sin ass et net su wëll.


Sorry Johny, mee deng Kommentaren kommen emmer erem op daat nämlecht eraus: Du hues (ouni konkret Argumenter) emmer Recht, di aner wëssen näischt/net genug, huet keng Argumenter an dowéint huet et keen Sënn ze schwätzen. An egal waat di aner Partei seet, nie huet et en Sënn fir driwer ze schwätzen... Komesch nee? Komesch dass di meescht do awer en Sënn dran gesin an dëser Diskussioun...

Ech sin op kengem senger Säit, kennen hei keen perséinlech, an et ass mer och egal ob den Lex derbäi ass oder net, virun allem well mier och nach keen Ennerscheed um Site säitdem opgefall ass...(ausser Diskussiounen...)

D'Meenung iwert Zensur gouff schon oft genuch erwähnt, an do well ech lo net Saachen nei ausbuddelen goen...

Vor dem Gericht sind alle Menschen gleich, nur manche sind gleicher...



Geschrieben von Johny am 03.04.2006 um 20:38:

 

Et geet net em Recht oder Onrecht et geet drem dass hei Leit mengen sech mussen eng Meenung ze bilden dei op näicht baséiert, mei ass et net. An agesin maachen se et net. An an teschen Zäit sin hei méi Leit dei geschriwen huet dass et absolut kee Wärt huet vill ze diskutéieren.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH