Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Emfroen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=18)
--- Wee schafft mat GIMP? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1477)


Geschrieben von MarcGerard am 18.02.2010 um 09:25:

  Wee schafft mat GIMP?

hey leit!

as hei een um site deen sech gudd mam GIMP auskennt?
ech giff gäer e GIMP workshop ubidden, mee kenne mech selwer net genuch aus!
also muss een aneren dat man smile oder maër et bäibréngen XD



Geschrieben von McQueen am 18.02.2010 um 09:43:

  RE: Wee schafft mat GIMP?

Salut Marc,

ech hun zwar leider keng Kenntnisser mat Gimp, mais kuck emol >> HEI <<
oder hei um >> Gimpforum <<.

Sorry wann ech dier just e puer internetadressen soen kann.

Steve



Geschrieben von MarcGerard am 18.02.2010 um 09:49:

 

emmerhin....
merci Augenzwinkern

as nach en amateur??



Geschrieben von Lola am 18.02.2010 um 10:36:

 

Ech geif gaeren um workshop deelhuelen, well ech selwer keng ahnung hun Augenzwinkern



Geschrieben von klex am 18.02.2010 um 12:11:

  RE: Wee schafft mat GIMP?

mengen de gloda hat dach emmer gimp nee?



Geschrieben von gloda am 18.02.2010 um 15:25:

 

Ech hat op der Uni en klengen Workshop mat GIMP Portable gin. Eisen Choix war op dee Programm gefall well een deen konnt op den Computeren vun der Bibliothéik "installéieren". Do hu mer awer wierklech just d'Basics duerchgeholl an 3x2 Stonnen mengen ech.



Geschrieben von MarcGerard am 18.02.2010 um 15:31:

 

d.h.?
kanns de eis e workshop halen oder net?



Geschrieben von gloda am 18.02.2010 um 15:41:

 

Ech sin dach nie am Land... Mee ech hun den Workshop hei gehalen nodeems ech mech selwer 2 Stonnen mam Programm ameséiert hat. Et war un sech eng Aféierung an Digital Bildbearbeschtung, ebe just mam GIMP als Programm. Wat un sech interessant as well en eben gratis as.



Geschrieben von MarcGerard am 18.02.2010 um 15:57:

 

eben. ma wann sech soss kee mellt setzen ech mech esou lang dohannert bis ech et kann, an dann man ech de workshop Augenzwinkern



Geschrieben von Olik am 18.02.2010 um 23:17:

 

Ech giff dem Workshop och gären beiwunnen. Ech schaffen zwa mat gimp, mee daat heecht na laang net dass ech mech domadder auskennen.

o.



Geschrieben von Jaqueline76 am 19.02.2010 um 08:41:

  RE: Wee schafft mat GIMP?

salut
schaffen just matt gimp hu keen photoshop
waat wölls de wössen...? vlaischt kann ech der höllefen..?
Documentatiounen hei
Tutorials fönns de der e puer hei
op Flickr Discussiounsronn



Geschrieben von Schlimpitz am 19.02.2010 um 10:04:

 

Get et mettlerweil eng stapelverarbeitung bei GIMP?

Mengen dei läschten keier wou ech mech domat beschäftegt haat gouf et nix sou, oder ech hunn fonctioun net fonnt, daat kann och sinn großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 19.02.2010 um 10:19:

 

http://www.gimp.org/tutorials/Basic_Batch/
smile



Geschrieben von Schlimpitz am 19.02.2010 um 11:01:

 

messi

daat do ass mir schon rem ze komplizeiert mat deem gescripts, ech bleiwen bei PS großes Grinsen


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH