Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Material (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=24)
--- Ultrawäitwénkel (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1423)


Geschrieben von deBaemm am 14.12.2009 um 00:10:

  Ultrawäitwénkel

Nowend alleguer,

Maio ech hun no laangem sichen an iwwerleen mech amfong schon baal fiir en tokina 11-16 2.8 entscheed einfach well ech baal nemmen guddes driwwer gelies hun, ennert aanerem en relativ ausféierlechen test vum kelby andeem gesoot gett et wier mam nikkor absolut op enger héischt a punkto schärft, an haaptsächlech och weint der Blend!

2 Froen dozou:

1. Een en besseren fiirschlag? Augenzwinkern

2. Wou, hei zu lëtzebuerg, kaafen? Evtl. Präis?

Merci am fiiraus smile

Greetz deBaemm.



Geschrieben von Pelz am 14.12.2009 um 10:23:

 

Also ech hun mier virun e puer Meint een Sigma 10-20 1:4-5,6 kaaf an sin super zefridden (obwuel ech et bis elo 3x benotzt hun, ass net meng Zielgrupp lol) Mais t'Qualitéit vun den Biller ass tiptop, focusséiert anstänneg. Ech hun wann ech mech net ieren hun ech 400€ dofir bezuelt.

Bon een 2.8 duerchgehend ass natierlech och ganz interessant :-)



Geschrieben von deBaemm am 14.12.2009 um 11:51:

 

merci fiir deng schnell entfert smile

jo 2.8 ass intressant zumol bei den präisser déi ech fiir den tokina um internet fonnt hun Augenzwinkern

hun jo schon en sigma den 24-70 an sin unsech wiirklech zefridden mat deem, also vun sigma ass net oofzerooden!



Geschrieben von Gaga am 14.12.2009 um 16:45:

 

Zitat:
Original von Pelz
Also ech hun mier virun e puer Meint een Sigma 10-20 1:4-5,6 kaaf an sin super zefridden (obwuel ech et bis elo 3x benotzt hun, ass net meng Zielgrupp lol) Mais t'Qualitéit vun den Biller ass tiptop, focusséiert anstänneg. Ech hun wann ech mech net ieren hun ech 400€ dofir bezuelt.

Bon een 2.8 duerchgehend ass natierlech och ganz interessant :-)



ec hhun daat selwecht an et as mein fav ! hun et ememr fier landschafts an archiopnahmen am asaatz !

Beispill 1

Beispill 2

Beispill 3

Beispill 4


kanns och meng galerie duerchklicken, dei meescht sin mam Sigma gemach !

sin wierklech zefridden fier 375€ een TOP Objektiv ...
(hun beim Fey 30% remise kritt !

Augenzwinkern



Geschrieben von ploro am 14.12.2009 um 18:17:

 

ech hun den 11-16 an fannen d' schäerft an d'blend oniwwertrefflech smile



Geschrieben von mmphotos am 14.12.2009 um 18:21:

 

Zitat:
Original von deBaemm
also vun sigma ass net oofzerooden!


Naja...do kennen ech der awer genuch dei der eppes aanecht zielen kennen.
Ech haat och den Feeler gemaach leiwer mei an en Boitier z'investeieren wei an d'optik, wann ech lo nach engkeier geif zreckgoen haett ech mer D200 mei speit kaaft an dofier keen sigma objektiv mee en nikon...dovun hätt ech lo, no 3 Joer definitiv mei.

Den Tokina WW as zwar effektiv ganz gudd! Vun deem kann ech der och lo net oofroden.



Geschrieben von pol9000 am 14.12.2009 um 19:08:

 

Vu Sigma heiert een dachs et wier eng zimmlech Lotterie, an et misst een et x mol zreckschecken ier een een Objektiv erwescht daat ok ass aa keng zentreierungsfeeler etc huet



Geschrieben von deBaemm am 14.12.2009 um 19:24:

 

et schengt mer jo dann schon baal zimmlech eng entscheedung fiir tokina ze sin,huet zwar en klengen zoomberaich, mee duechgehend 2.8, an fiir lo an en nikkor 12-24 ze investéieren hmmm



Geschrieben von ludiol am 14.12.2009 um 20:53:

  RE: Ultrawäitwénkel

Ech haat en Sigma 10-20 op der D-80, war super zefriddden, hu mer lo den 12-24 vu Sigma kaaf fir D-700, an och deen ass ganz gudd, och wann d'Kritiken gedeelt sin.D'Fro déis du dir muss stellen ass brauchs de bei engem UWW wierklech 1:2.8. Ech mengen net.



Geschrieben von ludiol am 14.12.2009 um 20:54:

 

Zitat:
Original von pol9000
Vu Sigma heiert een dachs et wier eng zimmlech Lotterie, an et misst een et x mol zreckschecken ier een een Objektiv erwescht daat ok ass aa keng zentreierungsfeeler etc huet


Ech hun schons eng Partie Sigma gehaat an nach nie een missen zréck schécken



Geschrieben von galileo am 15.12.2009 um 08:10:

  RE: Ultrawäitwénkel

Zitat:
Original von ludiol
D'Fro déis du dir muss stellen ass brauchs de bei engem UWW wierklech 1:2.8. Ech mengen net.


Dat hängt awer dovun of, wou a firwaat's du et brauchs. Et ass näischt anescht ewéi zB. eng 16mm/2.8 Festbrënnwäit (24mm op FF) fir dobannen - dat ass a verschiddene Fäll schon nëtzlech - mee natierlech nët dat eischt Asaatzgebidd, dat ass scho richteg.

Ech hun den Tokina 11-16/2.8 - am Prinzip sin ech zefridden domat; eppes vläicht just als Info: vun AF->MF geet mam "Focusséier-Rank", deen een no hannen muss zéien, an do verstëllt een sech dann rem de Focus: also mam AF scharfstëllen an dann op MF ëmschalten ass praktësch nët ze machen. Den AF ass och zimlech haart a lues (am Verglach zu Canon), mee dat spillt bei der Brënnwäit hei keng esou eng grouss Roll - t'ass jo keen Objektiv fir Action-Fotoen.



Geschrieben von deBaemm am 15.12.2009 um 08:23:

 

merci fiir d'Infos, wi ass et dann mam Schalter un der Camera, wann ech do op MF leen dann ass deen problem wuel "aus der welt", oder? Als bei mengem Sigma, deen huet och en Rank fiir nohannen ze zeien mam AF/MF, do geet daat ouni Problem!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH