Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PhotoTV (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1422)
Geschrieben von mikE am 11.12.2009 um 11:45:
PhotoTV
Moien,
den Marc an de Klex (oder de Klex an de Marc) moderéiren jo PhotoTV "vun Photogen" (gin mol dovun aus dass daat sou ass...). Um Site vu Photogen fannen ech awer keen Link deen dorop hinweist dass et PhotoTV iwwerhaapt gett. Wor duerch Zoufall drop komm...
As et meiglech daat op Photogen z'intégréieren (An der Catégorie "Tutorials" eventuell?) oder ass do eventuell schon eppes an Aarbecht?
Wär schued di gudd Aarbecht vun der PhotoTV-Equipe net hei um Site ze weisen!
Cheers,
mikE
Geschrieben von Johny am 11.12.2009 um 11:58:
Et ass scho laang geplangt dass et integréiert gëtt, mee an engems soll et als Podcast ugemellt ginn am iTunes, an dat soll dann sou als ganzt présentéiert ginn. De Marc muss do awer mol nach Videoen erop lueden op de Server an verschidde Saachen derzou uginn (Stechwieder, Titel etc) fir dass et gutt integréiert ka ginn an als Podcast ugemellt och.
Geschrieben von mikE am 11.12.2009 um 12:23:
okidoki
Allez de Marc! Allez de Marc!
Geschrieben von Charly am 15.12.2009 um 14:26:
Heescht daat et kinnt een se nëmmen iwert den iTunes kucken?
Geschrieben von Johny am 15.12.2009 um 14:57:
Nee, mee och iwwert iTunes...
Geschrieben von MarcGerard am 16.12.2009 um 00:28:
PhotoTV rullt. mäer hu just nach emmer technescht on-kenntnis vir deem ganzen eng fléissend routine ze gin. de klex an ech (an d'roxane
) man dat ganz elleng, an et as net eis welt. also deen techneschen deel. ech mierken dat all dag méi
mee mäer gin eis méih deem ganze genuch jus zu gin an et propper a simpel ze halen. nach e bessen a mäer hun de ganze stoff dran
dat mam iTunes klappt geschwenn. och do musse mer nach e bessi studéieren. theoretesch gi mer mam release vun der nächster episode och bei iTunes aktivéiert.
Geschrieben von Pelz am 26.12.2009 um 22:53:
An net vergiessen. Huelt een externen Mikro!!!!!! :-)
Geschrieben von Charly am 27.12.2009 um 11:09:
Äh, domm Fro: Wou fënnt een dann PhotoTV, ausser op iTunes ...
Geschrieben von Johny am 27.12.2009 um 12:23:
Am Moment: Op Youtube
Geplangt: iTunes als Podcast an op PG och mat agebaut
Geschrieben von klex am 27.12.2009 um 13:28:
Zitat: |
Original von Pelz
An net vergiessen. Huelt een externen Mikro!!!!!! :-) |
mer hun en externen micro, sait der 2. episode
Geschrieben von Charly am 27.12.2009 um 17:15:
Zitat: |
Original von Johny
Am Moment: Op Youtube
Geplangt: iTunes als Podcast an op PG och mat agebaut |
Merci!
Geschrieben von Pelz am 27.12.2009 um 21:32:
Zitat: |
Original von klex
Zitat: |
Original von Pelz
An net vergiessen. Huelt een externen Mikro!!!!!! :-) |
mer hun en externen micro, sait der 2. episode |
Dann setzt der en leider falsch an. Den Toun ass extrem schlecht fannen ech. Ech muss soen, dat ech schon alleng weinst der Tounqualitéit net keint 10 Minuten noläuschteren... :-(
Geschrieben von MarcGerard am 27.12.2009 um 21:36:
bei däer leschter geet et zwar fannen ech. mee et get elo besser
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH