Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- www.rent-me.lu (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1383)


Geschrieben von zia am 04.11.2009 um 09:41:

  www.rent-me.lu

Ech stellen ierch hei, mam accord vun Johny smile , en Projet fir deen ech mat engem Kolleeg amgangen sin opzestellen.

Em waat geet et:
- Um site geet et haaptsächlech fir können sachen ze lounen an verlounen, an daat tescht Privtaleit. Am moment ass et haaptsächlech tescht Privatleit, wann herno interesse do ass kann een daat ausbauen op Professioneller.
- D'idee stamt vun engem Franséichen site, haat eng keier eng reportage gesin op der Telé, an do funktionneiert den system relativ gudd. Mir wollten daat och emol hei testen, mee net nemmen fir Letzebuerg selwer mee och d'Grenzregiounen.

Firwaat esou en Site machen?
- Majo, eischtens hun mer eis geduercht, firwaat net probeiren esou eppes opzestellen, mer hun naischt ze verleiren.
- Zweetens, an daat ass mir öfters passeiert, dann huet een z.B. en Apparat gebraucht fir arbeschten ze machen, an dann wosst een net wou et hierkreien oder fir net all ze deier ze lounen. Oder et haat een eng Party an dann hätt een gäRen Dëscher an Bänken gebraucht, oder nach sou en Zelt etc.
- Drettens, wien huet net doheem am Keller oder soss wou sachen stoen dei een nemmen eng keier am Joer gebraucht an dann leien se do ze versteppsen. A plaatz se do leien ze hun, firwaat se net un aner Leit verlounen dei se keinten gebrauchen.

Voilà plusminus firwaat mer sou en Site erstallt hun.

Elo versichen mer lues an lues Reklamm ze machen fir den Site. Den Site ass funktionsfäheg, och wann mer nach soen et ass en Projet. Et sin just vereenzelt sachen dei nach net färdeg sin, wei e puer texter, oder nach den Logo, am moment ass deen provisoresch bis mer den definitiven kreien. Mee fir den rescht ass den Site färdeg. Et kann och gudd sin dass vlaischt nach Rubriken feelen oder esou, mee daat gesin mer wann dei eischt Annoncen kommen.

Am moment ass nach net vill drop, vu que dass mer en elo mol firstellen, just e puer sachen vun mir. Mee daat ass nach net alles waat ech wärt dropsetzen smile

Voilà, wann dir interesse hudd könnt der jo mol luussen goen wien wees, ierch vlaischt umëllen an schons sachen dropsetzen smile

URL: http://www.rent-me.lu


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH