Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- [Foto] Rendez-vous (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=30)
--- Esch Belval (Arcelor) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=138)


Geschrieben von gloda am 09.02.2006 um 00:02:

  Esch Belval (Arcelor)

Den Belval Site get lues an lues ofgerappt, fir Enn Februar as mengen ech nees en weideren Démontage um Programm.
Wann ech richteg verstanen hun dat den Lex eppes gesot wi wann een als Grupp op den Site kéint Accès froen?
Wann jo giff ech mech freeen wann een dat emol kéint machen iert net méi vill vum Patrimoine iwwreg as.

Also ech hun nach 2 Wochen Vakanz großes Grinsen



Geschrieben von yoshi am 09.02.2006 um 00:47:

 

Ech wier usech dobai, wollt na emmer eng Kéier op deen Site Fotoen maan goen. Ech sin lo leider ab en Méinden (13. Feb) 5 Deeg fort, firdrun geet jo kaum eppes wéinst Grupp zesummenstellen an sou. Also wann et nom 18. Feb ass, géif ech matgoen!



Geschrieben von Johny am 09.02.2006 um 01:46:

 

Jo also vu dass ech och lo Vakanz hun geif ech do och gär matgoen. Nodeel: De Lex liest baal nie de Forum. Mee wann en eng Keier online ass am MSN dann soen ech em bescheed e soll mol hei laanscht kucken.



Geschrieben von RivanerJoe am 10.02.2006 um 12:59:

 

Jo, do géing ech nawell och matgoen.



Geschrieben von mmphotos am 12.02.2006 um 23:49:

 

Ech waer och derbei. Demno weini et as!



Geschrieben von DiGGi-Team am 13.02.2006 um 09:09:

 

Jenodeems wéini dir goen, wär ëch (resp. mir [2 Teammemberen] och derbei.



Geschrieben von kola am 14.02.2006 um 09:29:

 

Géif mëch och interesséieren, hänkt awer och dervun of wéini ët ass !



Geschrieben von Lex am 14.02.2006 um 14:02:

 

Hmm, dann hues de awer eppes falsch verstannen... ech ka mech obschiddefall net erenneren soueppes gesoot ze hun! Normalerweis kenns de do net eran, mee froen kann jo awer nie schueden Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 14.02.2006 um 22:31:

 

Méng Mamm sot du häss dat gesot wi si d'Carmen eng Kéier sichen komm as.
Huet een eng Ahnung wou mer eis dann elo hin wennen kennen fir eng Autorisatioun ze kréien?



Geschrieben von Lex am 15.02.2006 um 18:24:

 

Kéint sin, soot awer net dat do jidfereen kann eragoen... ménger meenung no bräuchs de iergentwou eng autorisatioun! Ech wéisst awer net wou een déi kéint hierkréien.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH