Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Foto.lu Bildgreisst? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1361)


Geschrieben von Tomz am 25.09.2009 um 16:41:

  Foto.lu Bildgreisst?

Salut,

Ech hun des lescht op Foto.lu eng Foto bestallt am 30x40, schons beim ukreizen sot en mer bei 30x40 keim d'foto net ganz drop herno. wei ech Foto awa krut war ech verwonnert dass se net an meng Rumm gepasst huet, wei ech nogemoss hun hun ech gemierkt dass d'foto 30x45 ass an se daat jo och um Site unbidden. Do hun ech mol bei der bestellung nogekukt op ech mech net flait geiert hun, mee an der email steet och deitlech 30x40. Lo wollt ech mol froen op een wees wiseu se lo 30x45 ass an wei ech daat eviteiren kann wann et war well bei 30x40 Foto ofgeschnidde ging gin, dass dei nächst dann awa am 30x40 ukennt smile

MFG Tom



Geschrieben von marischen am 25.09.2009 um 17:04:

 

Ech giff an denger Plaatz mol direkt bei Foto.lu nofroen. Emmerhin hun sie ee Fehler gemaach (muss een jo baal unhuelen).



Geschrieben von McQueen am 25.09.2009 um 17:20:

  RE: Foto.lu Bildgreisst?

Ruf do un, ech sin secher, dass sech daat doten einfach klären leisst.



Geschrieben von Tomz am 25.09.2009 um 17:24:

  RE: Foto.lu Bildgreisst?

Ok merci fir den Tipp wärt ech dann mol en Meindeg machen smile



Geschrieben von Shogun am 26.09.2009 um 13:00:

  RE: Foto.lu Bildgreisst?

dee Fall kennt mer bekannt fier.
Mai Pefferkäer:
net jiddere wees datt diermno weieen Chip een an der Kamera huet e Bild entweder am 2:3 Format as oder 3:4 dh diermno wei get ett duerno en 30x40 oder en 30x45.
Wann de site gemeckert huet kann ett net och vlaicht sin datt deng Foto wierklech am 30x45 Fornat war (am 30x40 get dann effektif eppes fort geschnippelt). Ech wees ett net, ech hun de service nach net probeiert.
Op alle Fall wees ech awer datt wann e Buttik deen bessi eppes op sech häellt engem Client den eng 30x40 bestallt huet mee net gemierkt huet datt d'Format net passt, dann awer eng 30x45 print obwuel 30x40 bestallt gin as ebe fier z'eviteieren datt eppes fehlt. Die 5 cm kann ee jo dann am Nachhineien fortschnippelen. Besser sou wei datt de Buttik selwer decideiert waat en da lo forthellt a wei d'Bild recadreiert get.
Wann lo vum Cadrage hier eppes fehlt.. jo dann blaiwt effektif soss naischt wei ze meckeren...

edit.PS: bei engem service den daat iwwert Internet mecht as ett natierlech emmer bessi mei schweier daat sur place ze checken... LOL großes Grinsen großes Grinsen großes Grinsen



Geschrieben von BlueRic am 30.11.2009 um 23:58:

 

Unsech misst een jo mol wessen wat fir en Format deng Foto hat. An du gesaiss jo och op deng Foto elo esou gin as wéis du se eropgelueden hues oder op se eppes eweg geschnidden hun, sou fenns de vielleicht eraus wou den Fehler geschitt as.
An et as jo kloer, dass eng Foto déi 3:2 Seitenverhältniss huet net an eng Rumm passt mat 4:3 Seitenverhältniss. verwirrt


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH