Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1302)


Geschrieben von Tomz am 25.06.2009 um 18:57:

  Waat ass professionell Bildmaterial an waat net? :)

Salut,

Ech wollt mol Froen op een mer bei enger Froo hellefen kann am beschten wier aus perseinlecher Erfahrung. An zuar gin ech den Sonndeg op den Rock A Field zu Reiser an wollt eventuel meng Camera mathuelen. Do hun ech awa mei duerch zeufall gelies dass professionelt bildmaterial verbueden wier. "Professional film, video and photo cameras, as well as any sound recording devices are not allowed inside the festival ground. Small digital photo cameras as well as mobile phones are permitted, of course."

Kennt och hei ganzen Artikel liesen
http://www.atelier.lu/raf/info.php

Kann een mer hellefen? Oder war schon een selwer mat der Camera do?

MFG



Geschrieben von gloda am 25.06.2009 um 19:07:

 

A.k.a. alles wat ze grouss as fir et onbemierkt eranzeschmuggelen.



Geschrieben von BlackPanther am 25.06.2009 um 19:37:

 

hehehehegroßes Grinsen 1:0 fir Gloda Augenzwinkern
geiff o mengn dass -Onopfällechkeet- zentralen Punkt as...een Rucksaak wousde den Apparat am Buedem huet sech schons bei anre Lait an op anre Plaatzen bewärt....an vlait net grad am Emkrees fun 10meter engem Security mam Apparat am Grapp iwert den Wee dämmlen...soss...no risk no fun? Augenzwinkern

(direkt äntwert fir mech an anrer wuel och: alles waat Spiggelfreflex an domat mei grouss wei Kompaktkamera as...dBridge'en wärten wuel sou Grohzone sen...Augenzwinkern )



Geschrieben von Nicon07 am 25.06.2009 um 21:06:

 

Woubei een haut bei muneche Bridge oder CompactKameraen méi Méigléchkeeten huet, wat Zoom an Tele ugeet, nedu?!



Geschrieben von Tomz am 25.06.2009 um 21:08:

 

ok merci fir äntferten also ass et wuel dann keng gutt idde meng D60 mam Kitobjektiv matzehuelen Zunge raus schued fanne ech et eigentlech well eng show ophuelen kann een jo och mat engem 8 mp handy z.b. smile

MFG



Geschrieben von Metalbambi am 25.06.2009 um 21:52:

 

Jo daat stemmt, dan kuck awer mol wei daat ausgeseit an kuck wei et mat der D60 ausgeseit. Kanns oft genuch probeiren, um Blues'n'Jazz Rally an der Stadt kanns de z.B. ob d'Buehm klammen vier d'Fotoen ze maachen ouni iegent en Probleem (selwer gemaach^^). 8MP-Handy-Foto waerts de secher nie verkaafen. großes Grinsen

Ech huelen meng 5MP Panasonic Compact en Sonndeg mat, deen 15x opteschen Zoom dorunner ass schon beises an d'Security ass awer nach zefriden.



Geschrieben von BlackPanther am 25.06.2009 um 21:54:

 

geet et drems een Shooting ze hun oder gudd Musik zu Ouren ze kreien? Augenzwinkern

ech sen keen Fan fun dene milliounen hendien dei an dLuuscht gestreckt gin fir iergendswelech Pixelzoppen festzehaalen...mengn wann den Konzert gudd war brauch een keng Foto als Erennerung!! Augenzwinkern

an wann et just fir dFoto war...huet een wuel z deier fir den Entrée bezuelt....;p

wansde nemmen fir dFotoen dohin wels dann as et gudd wansde dech enzuech engageiers an een Pressebatch odersou kriss...dann hossde deng Rou Augenzwinkern



Geschrieben von Tomz am 25.06.2009 um 22:08:

 

Also gin schons weinst dem Concert an jo keint een jo mol zeit hun puer biller ze scheissen Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 25.06.2009 um 23:00:

 

Ech hun nach ni brauchbar Fotoen vun Konzerten gesin déi aus der Mass mat enger Kompaktkamera geschoss goufen. Mach der e Gefalen a Genéiss de Concert amplatz mat engem Krämpchen am rietsen Arm heemzegoen.



Geschrieben von Dan-D80 am 26.06.2009 um 09:49:

 

Bonjour,
ech ka just aus égener Erfaarung schwätzen, dass et kéng gutt Iddi ass eng Spigelreflex mat op den RAF ze huelen. An der Entrée kriss de vun der Security alles duerchsicht, och wanns du se ganz déif an engem Kuerf verstopps. Bei mir war et eng D80 mat engem 18-200mm, krutt dunn 2 Méigelechkeeten vum Securitiesmännchen ugebueden, entweder ech giff en an der Entrée stoe loossen oder ech giff net era kommen. Sinn dunn erem heem gaang, wunne net wäit ewesch vum Herschesfeld, an dunn eben ouni Dslr eran. Btw et huet guer kee wärt mat deene vun det Security ze diskutéieren.



Geschrieben von Dan am 26.06.2009 um 10:33:

 

Ouni déi néideg Akkreditatioun kënns du net mat SRL eran!
Daat ass op all Concert a gréisser Manifestatioun esou an daat steet an all Info ze liesen (just déi wéinegst Leit liesen déi Augenzwinkern
Erlaabt sin déi Point & Shoot Kamera'en oder eben Kamera'en vum Handy!
Fir Erënnerungsfotoen an net méi geet daat op Concerten duer.
Wéi de gloda seet hunn ech och nach nie bräuchbar Resultater vun sou Kamera'en gesinn!

@Tomz: Huel deng kleng kompakt Kamera mat, mach e puer Erënnerungs-Schnappschëss a fir de Rescht genéiss de de Festival!
Fotoen dovun fënns de der jo och nach genuch.
Och op mengem Site Augenzwinkern



Geschrieben von BlackPanther am 26.06.2009 um 11:15:

 

harharharhargroßes Grinsen genau!firwaat hun mer den Dan? ;p



Geschrieben von patrickr am 26.06.2009 um 13:27:

 

Et passt vläicht e bessen zum Thema. Wéi as et mat Formel 1 oder DTM um Nürburgring? Gellen do ähnlech Regelen fier den normal Stiefleschen oder kann een do mat enger "professioneller SLR" op d'Tribühn?



Geschrieben von Metalbambi am 26.06.2009 um 16:57:

 

Also ob sou Plaatzen sin se net graat sou streng, do sin ech alt och schon mat mengem ganzen Material ragelaatscht an d'huet mol kee gemuckst, se hun just dran gesicht ob ech soss neicht datescht verstoppt haet (an meng Schwester huet souguer den Deo mussen weggehaien XD ).



Geschrieben von deendo am 26.06.2009 um 17:01:

 

Moien,

d'Management vun den Kënschtler wëll hieren Produit esou gudd et geet op den Concerten verkaafen. Dofir ass et eben néideg dass just gudd Fotoen veröffentlecht gin. Aus deem einfachen Grond sin eben just "Profien" mat dem néidegen Equipement an Fachwëssen erwënscht déi daat bescht aus hieren Biller eraushuelen (kënnen). Dobai kënnt nach den kommerziellen Deel. Esou gëtt verhënnert dass den Pitti an den Jhempi den Bon Jovi knipsen an dann Posteren, Taasen, Mousepad'en etc mam Muséker drop verkaafen (-> Merchandising). Mat klengen Kompaktknipsen ass et bis elo nach net méiglech eng uerdentlech Qualitéit fir déi Zwecker ze kréien.

Nët fir naischt ass et bei gréisseren Bands fir den Fotograf Pflicht en Kontrakt ze ënnerschreiwen. Dodran kënnt dann den Numm vum Fotograf, den Datum, d'Plaaz wou den Concert war mat der Auerzait an den Medium fir den den Fotograf schafft. Geregelt gëtt och ob d'Fotoen just an enger Zeitung veröffentlecht gin, oder ob et och erlaabt ass se an aaneren Zeitungen vum selwechten Verlaag ofzedrocken. Dobai kënnt dann nach je no Kënschtler ob se onbegrenzt archivéiert gin dierfen oder ob se no 3 Méint geläscht gin mussen (éischter sollen! well praktesch ass daat baal net anzehaalen).

Dobai kënnt dass den Trend dohinner geet fir net méi wéi néideg Fotografen op den Site ze loossen. An der Regel huet nämlech den Organisator ant Management keen reelt Interessi drun fir nach Berichterstattung nom Concert ze hun. Esoubaal d'Ticketen all Verkaaft sin ass d'Geschäft nämlech gelaaf.

Ech denken dem Threadopener ass domat geholleft d'Kamera doheem ze lossen, och wann et nach esou reizvoll ass fir Staren ze knipsen. Fir am dichten Gewulls (den Rock a Field ass mat iwwer 14.000 Ticketen SOLD OUT!) opt Material opzepassen ass net évident wann een sech och nach amüséieren wëll. An wien huet schon Loscht vum Security Männchen emgedréint ze gin an dann nees duerch de Bësch ze marschéieren, d'Navette ze huelen etc...

Kuck der léiwer d'Fotoen vum Dan an an den Zeitungen un an luuss obs de net selwer op enger ze erkennen bass! :-)



Geschrieben von Schlimpitz am 27.06.2009 um 00:53:

 

Zitat:
Original von patrickr
Et passt vläicht e bessen zum Thema. Wéi as et mat Formel 1 oder DTM um Nürburgring? Gellen do ähnlech Regelen fier den normal Stiefleschen oder kann een do mat enger "professioneller SLR" op d'Tribühn?


Gut Fro, ech wees mol das ech firun Joeren eng keier deck Bullen gemach krutt wei ech probeiert hun en NHL spill ze fotografeiren, hun Kamera missen oofgin.

Zitat:
Original von deendo
Moien,

d'Management vun den Kënschtler wëll hieren Produit esou gudd et geet op den Concerten verkaafen. Dofir ass et eben néideg dass just gudd Fotoen veröffentlecht gin. Aus deem einfachen Grond sin eben just "Profien" mat dem néidegen Equipement an Fachwëssen erwënscht déi daat bescht aus hieren Biller eraushuelen (kënnen). Dobai kënnt nach den kommerziellen Deel. Esou gëtt verhënnert dass den Pitti an den Jhempi den Bon Jovi knipsen an dann Posteren, Taasen, Mousepad'en etc mam Muséker drop verkaafen (-> Merchandising). Mat klengen Kompaktknipsen ass et bis elo nach net méiglech eng uerdentlech Qualitéit fir déi Zwecker ze kréien.


Also daat stemmt sou schon mol net. Dem Management vum Künstler ass et nämlech relatif egal ops de kanns fotoen machen oder net, dei interesseiert sust wei grouss den medium ass fir daats de schaffs. Waat mei grouss waat mei chancen.
Dofir geseit een jo NACH emmer sou idioten am gruef dei mat Kompaktkameras rondrem laaffen.
Ahjo, contacter sin och GAAANZ wichteg smile ech wees do vun waat ech schwätzen hrhr


Iwregens, wann et dech interesseiert, den contract fir fotoen vun Bon Jovi huet 37 seiten smile ))

Zitat:
Dobai kënnt dass den Trend dohinner geet fir net méi wéi néideg Fotografen op den Site ze loossen. An der Regel huet nämlech den Organisator ant Management keen reelt Interessi drun fir nach Berichterstattung nom Concert ze hun. Esoubaal d'Ticketen all Verkaaft sin ass d'Geschäft nämlech gelaaf.


Stemmt sou direct och net. Management vum Künstler well emmer reklamm, firun allem wellen sie no engem Concert heiren wei gut hieren Künstler war.
Aus der siicht vum Organisator hues de recht, deen interesseiert daat duerno an sech recht weineg.

Desweideren get emmer ungehol dass den Organisator Fotopäss accordeiert, daat stemmt net, et ass Management vum Künstler. Wann dei nee soen ass et nee, och wanns de den Grand Duc bass.
Exceptioun sin Festivals, do geet an der regel alles iwert den Organisator (zumindest krutt ech nach bei kengem Festival iergend een contract ennert nues gehal vun iergend engem fir eng spezifesch Band vum Festival dierfen ze knipsen)



Dan : Du muss awer och emmer Reklamm machen smile ))

Tomz : Loss deng DSLR doheem, egal wous de se verstopps, sie fannen se. ass jo och net schwiereg, bei där greisst. Sie wessen souwiesou wou se sollen sichen, weivill Leit mengst de dass do probeiren saachen ranzeschmuggelen?

Obwuel, ech keint der se mat ranhuelen, daat gin dann awer puer pätt smile



Geschrieben von Tomz am 27.06.2009 um 18:07:

 

Ok merci fir är äntwerten^^
@ Schlimpitz ech hun mech lo awa fir dei metod decideiert meng Compakt matzehuelen Zunge raus



Geschrieben von Schlimpitz am 27.06.2009 um 19:33:

 

Ohhh schued, an ech hätt lo gehofft en Beierchen spendeiert ze kreien großes Grinsen



Geschrieben von deendo am 29.06.2009 um 16:31:

 

Lo nom Rock-a-Field kann ech soen das ech just eng eenzeg DSLR ouni Bändchen gesinn hun - wéi deen se eran kritt huet wees ech beim bäschten Wëllen nët.

Jojo, dee Béierchen... wier den TO awer mat 3,5€ eng Deier gin ;-)



Geschrieben von Tomz am 30.06.2009 um 11:57:

 

Jo stemmt war net alt ze belleg Zunge raus mee war trotzdem cool smile mee wi mir rangange sin (haate zuar keen rucksack) sin mer mol net ofgetascht gin

MFG


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH