Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Emfroen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=18)
--- Photogen Update - Emfro (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1176)


Geschrieben von Johny am 10.01.2009 um 16:03:

  Photogen Update - Emfro

Ech wéilt hei mol gär wëssen wéi d'Leit iwwert den PG Update denken, mat deem ech am Moment jo rem gutt viru kommen, an ech plangen et online ze hun am März. Denkt der einfach dass dat genial gëtt, oder sidd der der Meenung et ass alles gutt wéi et ass, oder hudd der Anscht dass et kéint eng "Verschlëmmbesserung" (also dass alles geännert gëtt, mee zum schlechten hin fir d'User) ginn?



Geschrieben von Mojoo am 10.01.2009 um 16:28:

 

Ech freen mech ob den Update well ech mir domadder erhoffen dass ech erem aktiv um Site deelhuelen wärt.

Den Update brengt secher vill flott néi Funktiounen, zum Gonschten vum User, mat sech, soudass et een groussen Schratt noo fir dierft sin. Ech sin iwwerzeegt dass dess Wéiderentweckelung den Site firun brengt an ech sin gespaant ob d'User d'Aarbescht ze schätzen wessen.



Geschrieben von gloda am 10.01.2009 um 16:44:

 

Ech freen mech drop, vun deem wat ech bis elo vum Update wees schéngt et mer wéi wann déi meescht Saachen wou ech oft benotzen méi einfach gin. respektiv dass et Saachen wou ech gär hätt iwwerhapt mol gin.
Ech sin just net sou begeeschtert vum neien Header, mee dat as affaire de gout, an dorun soll et net hänken.



Geschrieben von Johny am 10.01.2009 um 16:48:

 

Mer haate jo eng Zäit d'Leit gefrot fir Header fotoen erop ze lueden, an déi manst hätte wirklech gutt gepasst. sin awer emmer nach op fir neier smile



Geschrieben von BlackPanther am 10.01.2009 um 17:39:

 

meng Meenung zum Update: sen gespaant waat et get an mengn vertrauen Johny waat dBenotzerfröndlechkeet ugeet...Augenzwinkern fun dohier: positiv!go go go Augenzwinkern

mat den Headerfotoen....kiinsde do na enka soen WOU dei hinkommen mussen?haaptgallerie oder wei war daat?weieen Format mussen se hun? (dann giff ech o mol kukn opsch epps fannen....^^)



Geschrieben von Johny am 10.01.2009 um 17:50:

 

D'Galerie ass nach do mee hun rem ausgemaach dass een der kann eroplueden, well aner Leit hun déi kleng Dimensiounen zevill mëssbraucht fir vill ze kleng Fotoen eropzelueden. Schéck mer se per email op johny@photogen.lu, an Dimensioune sinn 662 x 116



Geschrieben von BlackPanther am 10.01.2009 um 18:11:

 

kay thanks! smile
kukn waat ech fannen!



Geschrieben von marischen am 10.01.2009 um 19:52:

 

Majo wann een sou direkt gefroot gett... smile

Ech war éierlech gesoot e bessen entäuscht no den éichten Previews déi mer vun daer kruuten Johny, ech haat erward dass sech déi nei HP vlaicht geng iwert déi ganz Sait erstrecken (gin lo vun deem aus wat ech gesin hun), vue dass Bildschirmer matt héigen Opléisungen schon baal Gang und Gebe sin.

Wat weider Funktiounen etc ugin sin ech awer ganz gespaant an och secher dass daat tip top gett smile Ech freen mech firun allem op den daischteren Hannergrond Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 10.01.2009 um 21:45:

 

marischen, dat mat den héigen Opléisunge stëmmt, mee et ginn och ëmmer méi déi "Netbooks" verkaf, also déi kleng Laptopen fir bëlleg Geld, an do ass dann rem eng immens kleng Opléisung drop. An dofun ofgesinn wir et vill Aarbecht geweecht de ganze Site op eng nei breet ze setzen an sou ze maachen dass dat anstänneg géif klappen, dofir kënnt fir de Moment soueppes mol nach net smile



Geschrieben von marischen am 10.01.2009 um 21:56:

 

ok smile



Geschrieben von annemie am 10.01.2009 um 22:00:

Daumen hoch!

März??? ... woohoo!!!
*trommelwirbel*
Jop, daat gett souuuu cool! Preview ass natierlech emmer interessant, mecht der allerdengs bestemt nach mei Aarbecht, vun dohier.....März ass cool!
cheers



Geschrieben von Metalbambi am 11.01.2009 um 00:48:

 

Waat ass mei staark, 'Mega - ech kann et kaum erwaarden' oder' Ech sinn sou gespaant dorop, ech wëll all Woch en neien klenge Preview!'...? großes Grinsen
Den deichteren HG, dei nei/verbessert Funktiounen,.... kann et kaum nach erwaarden AN weilt regelmeisseg Previews gesin!!! (All Woch ass vleit bessen iwwerdriwwen, solls jo och mol dru schaffen an net nemmen Previes maachen. Zunge raus )



Geschrieben von Johny am 11.01.2009 um 00:54:

 

OK, wärt dann regelméisseg Previews weisen, mee net grad all Woch Augenzwinkern



Geschrieben von Metalbambi am 11.01.2009 um 01:24:

 

Juhu!^^



Geschrieben von annemie am 11.01.2009 um 10:14:

 

Johny du bass en Held :-))



Geschrieben von BlackPanther am 07.04.2009 um 14:29:

 

wei wir et mat enger naier emfroh?wien riff dILRES un? :p



Geschrieben von Johny am 07.04.2009 um 17:17:

 

Ech géif nach bessen waarden, bis d'Leit sech besser drop remfannen an alles getest hunn Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH