Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Den Ech-Läuschteren-Grad-Thread (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=451)
Geschrieben von GarrySchroeder am 24.01.2011 um 18:03:
ptu9rTU" target="_blank">LONG NIGHTS
EDDIE VEDDER - LONG NIGHTS
EINFACH FANTASTESCH !
Geschrieben von Nagarjuna am 24.01.2011 um 21:39:
grrrr! Merci JADE! Elo geet mir dat Lidd net méi aus dem Kapp an ech wäert wuel dës Nuecht an mengen Dreem Frampton lauschteren.
Allez hep... Nach een drop!
http://www.youtube.com/watch?v=_QiwDk7oL58
Geschrieben von JADE am 24.01.2011 um 22:14:
uuuuh laaaaa ... elo waert ech dovunner dreemen
... quoique ech schloofen jo baal net
Geschrieben von Nagarjuna am 25.01.2011 um 17:42:
Ech wollt eigentlech The Wall vun Pink Floyd lauschteren well ech déi op der Aarbecht ugelauschtert hat an wou ech "The Wall" an menger iTunes Librairie agetippt hunn ass ënnert den 152 Resultater och folgendes erauskomm...:
Kansas - The Wall (vun Leftoverture 1976)
http://www.youtube.com/watch?v=vHk_Emakefg
Jo an elo lauschteren ech Kansas... (Leftoverture war eigentlech och meng éischt eegen Plack déi ech 1976 vun mengem Brudder geschenkt kritt hunn)
Geschrieben von Nagarjuna am 30.01.2011 um 12:11:
Merci Maimonides! Ech lauschteren den Stivell immens gären (sou wéi keltesch Musik am groussen Ganzen) an hunn elo grad gesinn dass hien 2009 een neien Album erausbruecht hat.
Hei eng Coverversioun vun dësem Lidd:
http://www.youtube.com/watch?v=zoPp69wxLEI
Geschrieben von Nagarjuna am 30.01.2011 um 21:42:
Nach een Cover vun "Tri Martolod". Eigentlech hätt ech net geduecht dass ech haut gierf Eluveitie lauschteren, awer et huet gehollef mir meng Wunneng e bëssi ze raumen. Dat war een richtegen Energieschub.
Wien net frou mat melodeschem Death Metal ass, dem wäert wuel dësem Cover vum Alan Stivell sengem "Tri Martolod" net sou gefalen. Ech sinn awer den ganzen Dag op dëser reizender Schwäizer Folk / Death Metal Gruppe hänken bliwwen.
Eluveitie - Inis Mona
http://www.youtube.com/watch?v=iijKLHCQw5o
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH