Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- iPhone (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=801)


Geschrieben von Johny am 28.10.2007 um 22:50:

 

Wisou solls de net kennen matt denger letz. SIM Kaart wou et dann z.B. den iPhone dofir geif ginn, an DE en aanert Netz huelen? Du hues jo emmer nach déi original SIM-Kaart drann, an et ass déi em déi et geet. Oder hues de do enzwech esou eppes gelies wéiwann daat Problemer geif maachen?



Geschrieben von n0brein am 29.10.2007 um 14:43:

 

ech well jo awer flait eng daitsch sim dran maan wann ech mei laang an daitschland sen an do leit uruffen, roaming gebüren sen jo lo roof gaang mee et ass jo awer na emmer net fier naischtAugenzwinkern



Geschrieben von Johny am 29.10.2007 um 15:17:

 

Okay stëmmt sry smile



Geschrieben von n0brein am 30.10.2007 um 22:05:

 

kp dudeAugenzwinkern

den iPhone ass leider wierklech keen handy fier studenten, reesender oder leit dei hei wunnen an am ausland schaffen oder emgedreint, mee et get gerüchter datt en an frankraich fier mei deier ouni simlock rauskennt, daat wier dann eng legal alternativ dei een an betracht zeie keint, mee dann ass en och secher mei deier:s



Geschrieben von leo10 am 31.10.2007 um 15:08:

 

-Maja, mais du kanns de jo een iPhone ouni simlock kaafen xD
(Get z.B. ab änn Novemer an Frankraich wengst enem franseichen gesetz legal verkaaf, zwar mei deier mais egal. Oder eben duech "hack" den unlock fort maan)

-Apple leist ab 2008 och aaner Programmen ob den iphone: Geff enkeier bai google z.B. an: iphone + drittanbieter ;P



Geschrieben von Johny am 31.10.2007 um 17:01:

 

Also bei Tango wesse se nach net ob sie den iPhone wärten verkafen, d.h. Vox & LuxGSM wessen et och nach net. Ech krut vun Tango selwer gesoot, Ufank 2008 wir warscheinlech, an am Mount vum Dezember normalerweis geifen se et dann ukënnegen, WANN et dann sou geet ...

A lo soot net rem "nee daat stemmt net" blablabla, ech hun extra bei Tele2 nogefrot per E-Mail an se hu mer haut de Moien direkt ugeruff!



Geschrieben von mmphotos am 31.10.2007 um 20:53:

 

Also hei zu breissel steet en bei engem an der fenster fier 888 euro...keint daat eventuell een ouni simlock sin?



Geschrieben von yoshi am 31.10.2007 um 23:09:

 

geschockt geschockt geschockt geschockt geschockt
daat ass dann wahrscheinlech een ouni sim lock an mat verarschung Augenzwinkern



Geschrieben von n0brein am 01.11.2007 um 16:48:

 

ech schätzen na emmer mett 2008 fier den iPhone a letz

@leo10
daat mam iPhone ouni simlock ass just ee gerücht an waat apple ugeet gleewen ech naicht soulaang et net op apple.com steet oder de steve jobs et mier perseinlech seet

daat mam sdk fier den iPhone ass och eng ganz speziell saach, ech kann mer fierstellen datt di programmer dann iwwer iTunes verdriwwe gin, an ech kann mer fierstellen datt et dann net gratis ass, an su cool saachen wei skype oder nes emulator kommen secher net raus...

@mmphotos
et huet kee wärt sech den iPhone fier sou deier ze kaafen, et kann een sech jo een mat simlock kaafen, den unlock programm kritt ee gratisAugenzwinkern



Geschrieben von mmphotos am 01.11.2007 um 16:58:

 

Ech hun een handy fier sms ze schreiwen an ze telefoneierenAugenzwinkern Fier mei brauch ech en och net...also keen iphoneAugenzwinkern



Geschrieben von n0brein am 01.11.2007 um 20:58:

 

jo mee dann kannste keng mails verschecken oder dech fier super cool haalenAugenzwinkern



Geschrieben von Johny am 01.11.2007 um 22:51:

 

Zitat:
Original von n0brein
ech schätzen na emmer mett 2008 fier den iPhone a letz


Mäi läschte post gelies ... ? Daat mecht de Saz iwwerflesseg Augenzwinkern

Zitat:
daat mam iPhone ouni simlock ass just ee gerücht an waat apple ugeet gleewen ech naicht soulaang et net op apple.com steet oder de steve jobs et mier perseinlech seet
do sinn ech ganz denger Meenung. Mee d'Leit mengen wann e Gerücht oft genug widderholl gëtt, dass et da scho baal kee Gerücht méi ass.



Geschrieben von n0brein am 02.11.2007 um 02:07:

 

Zitat:
Mäi läschte post gelies ... ? Daat mecht de Saz iwwerflesseg Augenzwinkern


Ech sen perseinlech och bai informatiounen vun tango, luxgsm an vox ganz skeptech, hun do deelweis schlecht erfahrunge gemaaAugenzwinkern
woubai ech lo net ombedengt deng quell a fro stelle well, an asien soll den iPhone jo schliesslech och ufank 2008 kommen



Geschrieben von Johny am 23.11.2007 um 14:03:

 

Hei ass mäin gehacktnen iPhone Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 23.11.2007 um 14:15:

 

Augen rollen



Geschrieben von Johny am 29.11.2007 um 11:53:

 

Bon also ech war den iPhone gescht hei an DE ukucken. En huet e besseren Handling wei mäin iTouch well en méi deck ass an bessen méi breet. Doduerch sinn ech schonn bessen op de Gout komm elo ... (wee wonnert et?) Hun och kuerz matt der Verkeeferin geschwaat an sie selwer soot och e wir nach relativ deier, a wa sie et scho selwer soen ...
Haut ass op jiddefall déi eischt Phase vun der Affaire tescht Vodafone an der T-Com um Geriicht, mol kucken waat do eräuskennt. Ech hun awer dun äus Firwëtz geschter Owend nach direkt un LuxGSM an VOXMobile geschriwwen. Tango haat ech jo schonn gefrot firun e puer Wochen. VOX huet elo direkt gäntwert haut de Moien:

Zitat:
Här Goerend,

Den iPhone kennt dest Joer net hei am Land eraus.

VOXmobile, als kompletten EDGE Opérateur an via onst Mammenhaus Mobistar zum Grupp Orange France geheiernd ( dei jo den iPhone an Frankreich verkaafen ) wärt natiirlech alles maachen fir kennen desen Apparat zu Letzebuerg verkaafen.

Kaaft weg net den iPhone via Internet vun inoffiziellen Ubidder….wenn dir en ungespaarten iPhone wellt, dannn kaaft en bei Orange. Do hudd dir dann eng 2 Joer Garantie an d’Rouh alles kennen iwert iTunes ze downloaden.


Dassn VOXMobile indirekt Orange ass an domat France Telecom wosst ech guer net. Daat erhéicht d'Chancen vun VOX geif ech soen enorm dass, wann den iPhone heihinner kennt, en durch sie verkaf gëtt.

Op eng Äntwert vun LuxGSM waarden ech nach (wee wonnert daat wuel ... ?)



Geschrieben von yoshi am 29.11.2007 um 23:56:

 

suwait ech daat richteg verstan hun misst den iphone zu letzebuerg wann en aus daitschland riwwer kennt bei luxgsm kommen, nee? ass jo intressant Zunge raus
haaptsaach tango kritt en net ^^
et hätt och mengen ech keen en mei fir dest joer hei erwaard oder??



Geschrieben von Johny am 30.11.2007 um 00:04:

 

Wéi aus Däitschland eriwwer? Wann da kennt en äus den USA großes Grinsen

Ech wees guer net op LuxGSM an Tango en EDGE Netz hun, wa VOX dei eenzeg sinn déi eent hun dann ass d'Entscheedung scho bal gefall.

An nee fir dëst Joer secher net Augenzwinkern



Geschrieben von wuschel_lux am 02.12.2007 um 19:38:

 

Zitat:
Original von JohnyEch wees guer net op LuxGSM an Tango en EDGE Netz hun, wa VOX dei eenzeg sinn déi eent hun dann ass d'Entscheedung scho bal gefall.


Moien,

ma do kann ech dir just soen, dass LUXGSM EDGE am Réseau huet, also dorun soll et nët léien ... Also mol nët sou séier, an waats du nët vergiessen därfs, VOX sachafft ganz enk mat Microsoft zesummen, an den Microsoft an Apple sinn jo déck Kollegen cool

Waat ech just komesch fannen, dass am I-Phone nëmment EDGE dran ass!!!! Do gët et jo schons 3G an HSDPA an .... Me bon, schons en super Apparat (hun och schons därfen dermat spillen) mee wann een jhust als Telefon wëllt... hmm do get et besseres.

Schéinen Bonjour



Geschrieben von Johny am 02.12.2007 um 20:03:

 

Wéis de awer äus dem Bréif kanns liesen, well Vox trotzdem alles drusetzen den iPhone ze verkafen also spillt daat matt MS kéng Roll smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH