Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- PG Update (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=647)


Geschrieben von Johny am 06.04.2007 um 23:16:

 

@Nico: 2 aner Leit hu schonn dee Problem gemellt. Ech wees net worun et läit, mee ech wees wou de Feeler geschitt. an sou wei ech d'Kommentarfunktioun ännere wollt ass dee Feeler dann behuewen. An daat mam Äntweren ass zwar och eng gutt Idee, mee dieft matt dem wei ech et geplangt hu sws mei liicht a séier sinn, och smile



Geschrieben von Johny am 09.04.2007 um 01:51:

 

Ech hun dei läscht Deeg folgendes gemaach:

- PM System bessen nei opgebaut
- Member-lëscht un den neien Style gepasst
- Meng Bäitreech gesinn och lo liicht aanescht äus, an ech hun mol bäigemaach dass een bei de Fotoen en ganz klengen Thumbnail derbäi gesäit.
- Lo grad hun ech Tutorials och geännert do wou een se all kucke kann, een ennert dem aneren.
- Ech hun en Bug (Feeler) am Datumrechnungssystem behuewen, den ech och direkt lo schonn um Site matt verbessert hun...

Ech haat eppes nach vergiess waat och scho gemaach ass: En PG News-blog smile Den ass komplett fäerdeg.



Geschrieben von spako am 09.04.2007 um 09:26:

 

Majo dann! Du gess dech jo richteg drun! ech free mech schon drop wann et souwait ass :-)))



Geschrieben von Kwitchibo am 09.04.2007 um 13:17:

 

emmer weider!!go JOHNY GO!!! Augenzwinkern



Geschrieben von annemie am 10.04.2007 um 02:36:

 

...JOHNY be good ;o))) großes Grinsen



Geschrieben von Johny am 10.04.2007 um 04:00:

 

Sou, lo grad hun ech nach um PM System geschafft. Wann elo iergend e Feeler ass, z.B. huet ee sech vertippt am Nick, kritt een daat direkt ugewisen ënnert dem "Schécken" Knäppchen, suwuel wei och all anere Feeler. An natirlech wann d'PM gescheckt ginn ass Augenzwinkern Ass vill mei userfrendlech, geet mei seier, an gesäit besser äus Augenzwinkern Wann ausserdem d'Login Session sollt oofgelaaf sinn (ka firkommen wann een eng laang PM schreiwt an een ze laang näicht aktiv um Site mecht), dann gëtt beschriwwen waat ee soll maachen dass ee seng PM awer nach ka schecken, e klengen Äustricks-trick Augenzwinkern

Den Bug dass wann een eng PM läscht dei een nach net gelies huet, dës awer emmer nach als ongelies gezielt gëtt, hun ech och behuewen.



Geschrieben von coolpix am 10.04.2007 um 07:38:

 

endlech.. daat copy-paste'n fier op nummer secher ze goen suckt Augenzwinkern

gudd aennerungen.. et geet virun.. weider sou Zunge raus .. also gudd geschafft Zunge raus ...

bjuer aus mexico Zunge raus



Geschrieben von BlackPanther am 22.05.2007 um 16:12:

  meng baitreesch klasseiren

grad as ma na epps opgefall...giff son wier eng klengeschkeet: Augenzwinkern
giff et gudd fannen wann een ennert 'meng baitreech' keint dFotoen klasseiren lossen...zbsp uewen op dViewen klikken an dann gesait een direkt waatfreng am meeschten gegugt guf...
wann nik net schlemm mee wier eng klengeschkeet dei ma giff gefalen...Augenzwinkern



Geschrieben von Johny am 22.05.2007 um 17:03:

 

Ech wees nach net op daat matt den Bäitreeg do sou bleift, well eigentlech kritt een lo aanescht bescheed gesot wann een e Comment krut. Wann et awer sou bleift, dei Lëscht, wärt ech drun denken, merci smile



Geschrieben von Mano am 22.05.2007 um 17:19:

 

Super geschafft schon, freen mech rieseg op den neien sytem smile

wollt och nach eng klengekeet virschloen:
also ech giff et flott fannen wann een fotoen och kinnt no den cameraen zorteieren
wann ech also zb well lauter fotoen gesin dei mat enger Canon eos 400D gema gin
sin dann krein ech dei all ugewisen!

wier zumols flott, wann een hei ass deen sech well en neien fotoapparat zouleensmile

weess net op dat vill aarbescht ass Augenzwinkern



Geschrieben von Annick am 23.05.2007 um 16:54:

 

Jo also dat wat Mano soot, giff ech och keng Schlecht Idée fannen... sinn nämlech och em iwwerleen fir e neien Fotoapparat



Geschrieben von Johny am 23.05.2007 um 17:33:

 

Dei Funktioun war drann, et huet nie ee se gebraucht, dofir hun ech se rausgeholl.

An et helleft guer näicht ze gesinn weieng Fotoen aner Leit matt engem apparat kënne maachen. Ech ka matt menger 30D ganz gutt Fotoen maachen an och ganz schlechter. Waat een fir Kaafentscheedunge brauch sin Testfotoen, an dei gesinn aanescht aus wei normaler an eiser Galerie. an extra dofir wollt ech e Script maachen wou een seng Tests selwer kann drasetzen zu apparater oder Objektiver, an jiddreen kann dann Testfotoen matt derbäi roplueden.



Geschrieben von Alphonse_M am 23.05.2007 um 17:39:

 

Ah dat géif ech direkt ennerschreiwen!



Geschrieben von spako am 24.05.2007 um 17:35:

 

ech hun nach eppes waat ech deck gudd geif fannen, nähmlech dat ee, wann een bei engem seng Userpage kennt do och ee Link fennt wou een all geschriwwe Kommentarer vun deem jeinege geif ugewisen kreien (als Link einfach vun deenen Plaazen)... ech kennen dei Funktioun aus Foren an ech fannen et heinsdo interressant daat ze benotzen... just sou eng Iddi :-)



Geschrieben von Johny am 24.05.2007 um 18:27:

 

Jo ass schonn a menger Todo-lëscht smile



Geschrieben von spako am 24.05.2007 um 18:28:

 

Yuppie :-)))



Geschrieben von Pinocchio am 25.05.2007 um 11:39:

smile

Bien de belles choses en perspective !

Va-tu maintenir les flux RSS dans le nouveau site ?
Si oui, j'attire ton attention sur le fait qu'à l'heure actuelle ces flux mentionnent pour chaque photo l'adresse e-mail de celui qui a publié la photo et cela même si cette adresse est mentionnée comme ne devant pas être publiée dans son profil.



Geschrieben von Johny am 25.05.2007 um 12:08:

 

Den RSS bleift wuel wei en am Moment ass, ech wees net waat sollt bäikommen oder ewechfalen smile

Daat matt der E-Mail: Merci, wärt ech secher nach virum Update änneren, soll jo net sou sinn.



Geschrieben von spako am 25.05.2007 um 17:38:

 

waat vlait och gudd geif komme wier eng Ignore an Favourite funktioun mat daer een bestemmten Useren iwwerwaachen an aawer och ignoreiere keint... mir geifen do sou munnesch uwendungsbeispiller afaalen :-)



Geschrieben von Garry am 25.05.2007 um 17:48:

 

hehe... do sin ech awer och dofier...

misst ee just kucken a wei engem Senn ignoreieren..dh: ob ee keng comments mei vun deem well oder keng pms (waat ech super geng fannen obwuel ech bis elo nach keng uersaach dozou hat...puuh.. ^^).. an jo... daat mat de favs.. do denken ech mer daat erennert den Johnny zevill un dA... mee de Fierdeel dovunner as awer: och Biller dei Mol fierun 1 Joer gut waaren a lo bessi am stock vergammele waerte rem bessi optauchen sou datt och dei rem kenne mei bewonnert gin.. an deem Senn fannen ech daat rem ok ^^ d sieff dann du mengs lo : intern an denem profil bewaachen su datts de just ob nei photoen obmierksam gemaach gess an sou... wees lo net genau :s Augenzwinkern

aaaaaaan daaaan.... : vu datt jo emmer dei eiweg Diskussioun as mat deene comments an hei an do...:
vlaicht eng Funktioun abaue wou ee seht:
ech lee waert ob sou an sou eng Bewaertung zB:
haert Kritik
gesamt Androck/idee
technesch Aspekter
...
da komme mer jidderengem gerecht....
a wann deen dann awer nach Comments kritt dei en net well..tjo...dann as ett awer rem wei emmer: bessi Distanz huelen, lenks ran, riets raus, Saach vergiessen ^^


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH