Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Meng Foto as net ugeholl gin - an ech hun d'Nues voll hei! (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1748)
Geschrieben von BerBe am 30.04.2011 um 12:14:
Gellt een Sreen Shot als Concours konform
Geschrieben von meckerfritz am 30.04.2011 um 13:17:
Ec hat d'Nues och Voll, vermessen glad a guer näsicht. Schreiwen dat heiten well stëppele flott as.
Geschrieben von Metalbambi am 30.04.2011 um 18:16:
Eng Ronn Matleed......
Geschrieben von Jean-Jos am 01.05.2011 um 13:23:
Ech stëmmen dem Metalbambi an dem Nagarjuna awer elo mol voll zou!
Ech wollt eigentléch soen: däi Numm ass Programm, awer ech fannen et vill méi elegant, wéi de Metalbambi an de Nagarjuna et ausgedréckt hun, dofir loossen ech mäi Kommentar lo wierklech op der Säit.
Ech wënschen der trotzdem vill Freed um 'Foto kucken' hei.
Geschrieben von Fesch-A am 29.05.2011 um 14:14:
meng 1. Foto as noch net ugeholl gin
mam Kommentar :
Virun der Foto goufen sech net vill Gedanken driwer gemaach wéi een waat hätt kënne besser maachen.
Naja, dierft fir eng Spontanfoto, déi schnell muss gemaach gin well soss de Sujet nët méi do as, ë bëssen schwiereg sin. Mee egal, ech muss dat nët verstoen, kucke mir mol beim 2. Versuch.
Schéine Sonndeg
Serge
Geschrieben von MarcGerard am 29.05.2011 um 14:37:
salut serge.
normalerwies acceptéiere mer déi 1. foto wéi gesot. ech hat gemengt däin nick scho gesin ze hun an hun dofir net an déng galerie gekuckt (déi jo eidel as). ech hun déng foto nodréiglech aktvéiert mee just dass de bescheed weess: sonnenennergäng gi prinzipiell mé streng gekuckt well sonnenennergäng, katzen, hënn a blummen immens heefeg motiver sin déi an de wéinegste fäll acceptéiert gin.
weiderhin vill spass op PG!
Marc
Geschrieben von Fesch-A am 29.05.2011 um 16:46:
Merci
an nach e schéinen Rescht vum sonnege Sonndeg !
Geschrieben von Johny am 29.05.2011 um 17:31:
Deng Foto ass net schlecht, mä wéi de MArc sot gehéiert e Sonnen-ënnergang zu deenen extrem (!) oft fotograféierte Motiver, wat wéineg Kreativitéit iwwreg léisst
Ech wëll just dobäi soen dass de dës Erklärung mat derbäi kritt häss, wann den neien System aktiv wier, wou mer awer leider nach d' Riichtlinnen méi präzis mussen definéieren
E schéine Sonndeg jidderengem.
Geschrieben von ZachOry am 30.05.2011 um 18:28:
verständnis
eppes wollt ech ewer och nach gesoot hon ^^
also mir as et un sech jacke ween wei eng fotoen refuseiert kriit, well et an mengen aan bestemmt een grond dofier waert gin.
MEE, wann ech, als totalen anfänger (deen sech ewer alt schon d'mei gemeet hot vill iwer dgrondkenntnisser vun der fotografie ze liesen, bildopbau an deen ganzen schnickschnack ^^) biller gesin di ropgelueden goufen, di NET refuseiert goufen, verstin ech ewer definitiv verschidden leit di sech opreegen ....
et as egal weem seng biller daat elo waren, as irrelevant (an dei persoun waert sech schon an hierem senn mei gemeet hon). mee ech denken mir einfach dat wann ech, als absoluten anfaenger di fotoen well extrem schlecht fannen, schwetzen elo net vun affaire de gout oder sou, mee well se einfach geint ALL critère verstoussen deen ech bis elo hei op PG kennengeleiert hun waat "d'unhuelen, bzw d'net unhuelen" betrefft... do verstin ech eben dann verschidden diskussiounen di hei emmer erem opkommen.
an eng erklaerung fw "dei" fotoen ungeholl goufen ging mech schon interesseieren (per PN). wann net as et och gudd... wei gesoot, et war just mein pefferkär
LG Zachory
Geschrieben von meckerfritz am 30.05.2011 um 18:51:
Zitat: |
Original von MarcGerard
sonnenennergäng gi prinzipiell mé streng gekuckt well sonnenennergäng, katzen, hënn a blummen immens heefeg motiver sin déi an de wéinegste fäll acceptéiert gin.
|
dat mescht kee sënn, ausser du hues de richtege numm
Geschrieben von Johny am 30.05.2011 um 19:23:
Vu dass dem meckerfritz seng Kommentarer bis elo nëmmen fir ze stëppelen do waren, däerf heen elo mol just nëmmen matliesen, net mat schreiwen
Geschrieben von BerBe am 30.05.2011 um 21:25:
Super Johny !, endlech mol een den en stoppt
Geschrieben von MarcGerard am 31.05.2011 um 00:11:
@ZachOry:
secher, also et gi leit déi schéngen ni bäizeléieren a bleiwen éiweg op engem niveau hänken. mech giff schon intresséiere vu wéienge fotoen (net user) dass de schwetz. giff der gäere soen firwat se ugehol gin. allerdéngs muss ech der schon am viraus soen: mäer aus der jur si keng roboter! mäer benotze ganz dacks net nemmen eist geher, mee och eis gefill. an zweetens: och ech reege mech puermol doriwwer op wat méng koleegen an der jury acceptéieren. an si reegen sech op wat ech sou acceptéieren. dat huet dann erem mat deem éischte punkt ze din (mäer si keng roboter) demnäcsht kënnt déi eng oder naer ännerung. ech sin iwwerzeecht dass dann méi leit zefridde sin wéi de moment.
Geschrieben von TomEwert am 31.05.2011 um 00:15:
wann d'leit nemmen giffen hallef esou vill zeit mat photographéiren wéi mat kregéiren verbréngen dann giffen se duerch déi domadder investéirt zeit schlussendlech méi photos akzeptéirt kréien wéi virdrun ...
daat heiten fenkt jo awer un zu enger farce ze gin ...
Geschrieben von Metalbambi am 31.05.2011 um 00:48:
Wéi ech schon gesot hunn, et ginn Leit déi ni selwer vir hier 'Feeler' verantwortlech sinn, mee ëmmer déi aner.
Geschrieben von Miisamm am 01.06.2011 um 00:18:
Dass nach keen sech opgereegt huet dass seng Foto ugeholl gin ass?!
Geschrieben von Johny am 01.06.2011 um 09:07:
Zitat: |
Original von Miisamm
Dass nach keen sech opgereegt huet dass seng Foto ugeholl gin ass?!
|
Geschrieben von Mexx am 01.06.2011 um 09:39:
Subaal een eng negativ kritik zu senger Foto kritt ass et der Jury hier Schollt, well se d Foto jo accepteiert hun
Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH