Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Kritiken an Verbesserungsfierschléi (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=17)
--- Contest Concept (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=297)


Geschrieben von Mogway am 03.07.2006 um 09:31:

 

eischten eischten eischten......(meng Idee..an ech quaele gaer..also schloen ech daat eischt Thema fier,,,hehe..... su eppes am Styl: le passe, le present et le futur d un instant seul....oder: realite, perception et image.... muahhaaaha.. nee... komm... waert scho eppes bessi mei relaxes gin...Augenzwinkern ))
also ech hu meng Idee wei een ett keint maan.

Kuerz: Idee mat enger Sektioun an der Gallerie as top... mee ett misst een och hei d Funktioun ausschalten, d Nimm ze gesin....

Hu lo net vill Zait (mus akaafen, botzen a kachen...),,,

mee den Owend waert ech deen hei editeieren an dann draschriewe wei een ett maache keint...cu folks....Augenzwinkern

freet mech datt der awer e puer dobai sin....to be continued...Augenzwinkern



Geschrieben von ploro am 03.07.2006 um 13:50:

 

also ech gief mol mengen zur organisaioun, hei an desem thread soen mer eis geigensaiteg thema an an engem aneren setzenmer nemmen d fotoen dohinner am stiil:

Titel - Autheur Jempi - Thema vum Josi

XXXX FOTO XXXX

een satz als explicatioun oder sou


..an dann den nächsten sou hunmer se schein beieneen an ouni grousst gewurschtels wann jiddereen et anhält, mir hun jo zum noutfallnach den jhonny den do bessen uerdnung drann brengen kann fall siergenteen mengt en misst offtopic goen



Geschrieben von Neckel-Paul am 03.07.2006 um 20:15:

 

Also dei Idi vun Ploro gefällt mer, mee (ech wees jo lo nit genau bescheed), wann lo deemnächst deen Concours gestart gett, an et fannen sech vill Leit dann kann et jo gutt sin dass dei Kategorie total iwwerfellt gett...An dat giff deen totalen Chaos...



Geschrieben von Johny am 03.07.2006 um 20:17:

 

Dass keen Nick ugewise get huet kee Wärt, Leit wesse jo u wen se weieen Thema weidergin hun.

@Neckel-Paul: Nee wisou dann duergerneen? An wisou Chaos? Muss een halt bei all Foto Thema derbäi schreiwem em waat et gaangen ass, a färdech.



Geschrieben von Neckel-Paul am 03.07.2006 um 20:20:

 

Jop verstin (ech sin komplizeiert, ech wees)

mee wann lo eben vill Leit mat man, dann gett dat jo awer vill aarbescht, an dann hoss du herno do 500 Fotoen an enger Kategorie...(gesin dat vleicht falsch)



Geschrieben von Johny am 03.07.2006 um 20:30:

 

1. maan net sou vill Leit mat
2. Waat ass un 500 Fotoen su schlëmm?



Geschrieben von Neckel-Paul am 03.07.2006 um 20:31:

 

Okok, muss mech beheerschen nit emmer di schlemm Seiten ze gesin, Augenzwinkern



Geschrieben von -Laurent- am 03.07.2006 um 21:28:

 

hei mellen sech 7 leit an mir sin schon am 500 fotoen bereich ^^



Geschrieben von Neckel-Paul am 03.07.2006 um 21:46:

 

Ass gutt Laurent ech wees dass ech liischt iwwerdriww hun ;-) Mee ech freen mech schon, hehe sichen dir een scheint



Geschrieben von -Laurent- am 03.07.2006 um 21:54:

 

ech haenken dach um pott smile heescht daat ech duerf dem pott een sichen?
grrgrr



Geschrieben von Mogway am 04.07.2006 um 22:52:

 

huu.. war lo vill beieneen... smile ))

also d Idee sin all okee..relax.. si mat dobai...
eenzeg regelen:

1. ett daerf ee kee Photoapparat benotzen... ??? nee gell?

okee..

1. Mer leen de Start op een Datum fest, ab deem d Aufgabe gestellt kenne gin. So mer op eng Zaitspann vun 1 Daach wou jiddereen sain Thema kritt mus hun an och eent weider gin huet (Ausser de Leschten...... wann ett ee gett...Augenzwinkern ).. soss aus die Maus fier deen...

2. D Dauer mus nach festgeluecht gin..ech geiff soen 3 Wochen waer relax... (Dier V.... hut jo da Vakanz...grrr...Augenzwinkern

3. D mus wei gesoot och maachbar sin...

Ech mengen daat geht lo mol duer fier bessi Uerdnung ze kreien...

Meng Propose: Start? Ech geiff soen Freides moies um 7 faenkt ett u fier d Sujets ranzegin (sou huet bestemmt jiddereen dh gelies....) an ett mus bis Samstes Mettes 12 Auer alles ra sin.. da lass.... 3 Wochen...

sou stellen ech mer daat lo mol fier.. ... ... technic part...... Jhonnyyyyyyy....Augenzwinkern )))))))



Geschrieben von ploro am 04.07.2006 um 22:55:

 

ok...sen dobai....hulen dannmain knipsapparat mol oder ass den genau sou verbueden ewei foto apparater?
also jiddereen huet 24 stonnen zait vir engem aneren een thema ze gin? stel der vir etmachen mei wei 20 leitmat dann gin jo 3 wochen net duer? Zunge raus oder mussen no 24 stonnen d themen all vergin sen an dono duerf keen mei matman?



Geschrieben von olimi am 04.07.2006 um 23:15:

 

Dann kann ech net mat maan... ech schaffen den ganzue daag... also.. vnu moies bis owes 00.00 oder sou...



Geschrieben von mmphotos am 04.07.2006 um 23:36:

 

An kommen themen lo einfach heidran?



Geschrieben von Mojoo am 04.07.2006 um 23:39:

 

Zitat:
Original von olimi
Dann kann ech net mat maan... ech schaffen den ganzue daag... also.. vnu moies bis owes 00.00 oder sou...


Du hues jo Mëttes Zäit, schaffs jo net riicht duerch vun Moies 8 - Owes 0:00. smile



Geschrieben von -Laurent- am 04.07.2006 um 23:56:

 

vun mir aus soot mir einfach waat ech machen soll an ech machen ett ^^

soulues verwirrt der mech hei voll



Geschrieben von olimi am 05.07.2006 um 00:06:

 

Zitat:
Original von Mojoo
Zitat:
Original von olimi
Dann kann ech net mat maan... ech schaffen den ganzue daag... also.. vnu moies bis owes 00.00 oder sou...


Du hues jo Mëttes Zäit, schaffs jo net riicht duerch vun Moies 8 - Owes 0:00. smile



Ehhmmm... an däer zait schloofen ech... daat sin nemmen 1-2 stonnen... gei du mol bei den steinmetz schaffen...
Den probleem ass, dat et sou usträngend ass, ass dat mer och nach Party-Service hun... an den camion chargeieren, ooflueden... an rem zreck... puuh... ass ustrengend



Geschrieben von Johny am 05.07.2006 um 00:09:

 

Moggy: Waat soll ech dann elo maachen? smile

Wann der daat ganzt em puer Deech verréckelt kann ech nach e Script schreiwen fier bei Contests den daat ganzt direkt vill besser dann administréire kann (emmer nemmen den den drun ass z.B. kann och roplueden, Thema waat en haat get mat ugewisen asw, misst ee just na eng Keier am MSN schwetzen wei mer et genee maachen. (E Freiden ass mäi läschten Examen, dofir smile )



Geschrieben von -Laurent- am 05.07.2006 um 16:33:

 

Dann waarden mer nach puer dech ass jo keen problem :--)
freen mech schon op vakanzarbecht
moies 6-14 schaffen an dann fotoen machen goen ^ ^



Geschrieben von mmphotos am 05.07.2006 um 18:41:

 

dann verpass de dei scheinst zeit...mein as do besser...moies vun 6-8 fotoen maan....dann schaffen gonZunge raus


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH