Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- Weihnachten (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=236)


Geschrieben von Pletsch am 18.05.2006 um 19:24:

 

dann huet deen Madell keen Problem. Mais ech hun dei mai mol no e puer Meint gesinn K750i do huet d'Tastaur gequietscht an se ass och net mei richteg gaangen, schon guernet den Joystick. Den joystick ass dei deckst Schwächt vun sony ericsson. Mais ech mengen och deen deens du do hues haat och keen. oder?



Geschrieben von ApplEric am 18.05.2006 um 19:30:

 

Also, hun och heiren, den Z600 wirr besser. Well en keen Joystick huet. Also, olimi, wann Sony-Ericsson, da keen Joystick! Mee ech mengen, deen W900i ass och kee schrott. mee et gett awer och den W810i, deen anscheinend och gudd ass, mee ech mengen deen ass och matt joystick. mee ech mengen den W900i huet UMTS, wats de eigentlech guer net brauchs.



Geschrieben von Pletsch am 18.05.2006 um 19:35:

 

Ech fannen datt alleguer dei sony ericsson mat UMTS esou sperreg grouss sinn wees elo net wei grouss den heiten elo ass mais gesait zwar och net grad kleng aus. Do gett et jo deen een selverechen do fiir opzeklappen dat ass wieklech een Koloss. ech hun do schon heieren datt den Bildschirm do bei puer Handyen beemol net mei geet wann een deen opklappt. An daat selwescht bei Samsung wou e beemol net mei gaangen ass an domatten och net D'kamera



Geschrieben von olimi am 18.05.2006 um 20:48:

 

stemmt.... desen hai ass och grouss... mee vue que dat main am moment emmer vun den aaneren als wäschmaschin oofgestempelt get, huelen ech mol un, dass d'greisst keen problee wier, well ech daat jo da schon gewinnt sin^^
Non... ass mer och opgefall dat sony erissson eck kolosser huet... mais bon.... desen hai klappt een net op, mee mecht een saitlech op... also... op dreien zur sait...



Geschrieben von Pletsch am 18.05.2006 um 23:55:

 

Also desen kinnt besser sin eben well keen Joystick drop ass.



Geschrieben von olimi am 20.05.2006 um 11:18:

 

Jo... bon.... merci fer äer äntferten an proposen... ech wäert mer den W 900 i kaafen.... ech wäert en aus rumänien kreien... den fierdeel?? Mjo kreien en 200€ mei belleg^^ daat heescht 260€...

Merci na eng keier!



Geschrieben von faragerri am 20.05.2006 um 12:12:

 

Also dann hätt ech zwar gleich op den 950 gewuart, deen huet weinstens nach en geilen Touchscreen.



Geschrieben von ApplEric am 20.05.2006 um 13:04:

 

Mee deen ass dann rem direkt vill mei deier. Ech giff souwisou net mei wei 300 €uro fir en Handy ausgin.



Geschrieben von Pletsch am 20.05.2006 um 13:20:

 

Jo ech och net. An wann een dann waart bis en mei belleg ass dann ass erem een neien raus



Geschrieben von olimi am 22.05.2006 um 12:56:

 

Also daat eenzegt waat nai ass, ass touch screen... ech gesin nemmen fierdeeler... keen joistick, ze deck fangeren, keen umts



Geschrieben von Pletsch am 22.05.2006 um 18:29:

 

jo also et gin natiirlech och Sony ericsson dei gudd qualiteit sin mais ech hat dann wuel nach keen esou een an der Hand



Geschrieben von olimi am 23.05.2006 um 01:11:

 

sorry... hun mech verschriwwen... en huet nemmen noodeeler den 950

En huet keen joystick, an et muss een also alles per hand maan... an wann een o ze deck fanger huet.. aie aie aie... mee och mat engem bick gesait dono alles verkrotzelt aus... mat deenen suen erwaarden ech mer emmerhin eng kamera... awa nee... hun se och mol net... en ass nemme sou daier wengs dem touch screen...



Geschrieben von Pletsch am 23.05.2006 um 06:30:

 

Jo dofir wär et och net rodenswert esoueen ze kaafen. Och wann en mei belleg gett ass schon een neien eraus



Geschrieben von ApplEric am 23.05.2006 um 08:26:

 

Also, menger Meenung no ass den Treo 650 deen beschten Handy matt touchscreen deen et am Moment gett. En ass zwar deier, mee e ka vill, an en huet alles ausser UMTS. Mee eierlech gesot, UMTS renteiert sech net. et kascht d'aan aus dem Kapp a firwat solls de deem aaner seng domm binett gesinn wanns de em uriffs? :-)



Geschrieben von Pletsch am 23.05.2006 um 13:53:

 

Jo gudd fro. an dann muss een fiir den Blöldsin och nach ziemlech deier bezuelen.



Geschrieben von olimi am 23.05.2006 um 21:09:

 

Hehe... stemmt... mee haiansdo ass et och netzech... siehe werbespot: D'mamm oder papp ass an der vaanz an daat klengt kand vermesst den eltrendeel... dann ass et fier daat kand gudd sain eltrendeel rem ze gesin...

Mee weivill kascht iwerhaapt UMTS??



Geschrieben von Pletsch am 23.05.2006 um 21:33:

 

Da musst te bei een Betreiber goen an deen froen ech giff emol soen do sin d'Praiser vun Betreiber zu Betriber aneschters. Dann misst te dat nofroen



Geschrieben von ApplEric am 23.05.2006 um 22:30:

 

Also, bei Tango kascht et: mam abonnement Twist: 0,29 €uro a mam abonnement Max och 0,29 €uro d'Minut. (vun Tango op en aaner provider)
Vun tango op tango war et lo gratis bis den 1. abrell, mee mein prospekt ass nach aus dem märz vun dohier steet do kee prais. Mee tango ass souwisou, darf ech mol behaapten, dee beschte provider a letzebuerg.



Geschrieben von olimi am 23.05.2006 um 23:03:

 

Jepp... stemmt.... doofier nerven mech dei lait mat 021 oder 061 (ech hun zwar 061, mee daat war wou ech eng keier bei vox wor, an schnell rem bei tango gewiesselt sin, an d'numer gehaal hun) ;-)
Mee... den UMTS... geet daat gudd wann een UMTS benotzt vun Sony Ericsson op Nokia z.B?



Geschrieben von ApplEric am 24.05.2006 um 16:03:

 

Normalerweis däft do kee problem senn, well et net direkt vum handy oofhängt, mee et jo e service vum provider ass. Ech mengen net, dass do irgendsee problem sollt senn. Menges wessens ass souwisou vun Nokia op Sony-Ericsson kee problem well dei 2 hun de Symbian OS betriebssystem.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH