Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Support (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=21)
-- Misc (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=25)
--- Copyright - Konferenz / Diskussioun (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=2012)


Geschrieben von Schlimpitz am 22.01.2009 um 17:10:

 

Deendo, ech nennen der an deem heiten fall lo keen numm well daat mat deem Medium lo geklärt ass.
Ech hun an sech den Topic sust opgemach fir ze wessen wei zb eng plainte geif an der praxis ooflaaffen.
Well iergend wann klaut jo rem een eng großes Grinsen


Zitat:
Ech kann der just soen dass eng Zeitung keng Suen mat enger Foto verdingt. Déi gin einfach just geholl fir d'Saiten e bessen méi opzelockeren. An esoulaang grad déi Foto och nët op der Titelsait ass gleewen ech kaum dass extra een wéinst dénger Foto d'Zeitung keeft *grins*


Do gin ech der recht, dass keen d'Zeitung keeft sust lo weinst menger Foto, ausser ech natierlech smile An ech sin och net sou naiv ze gleewen dass dei lo domat richteg vill suen verdengt hun. Well daat ass net den Fall.
Bei mir ass daat eng Saach vun Prinzip.

Mee wann een lo zb den Fall vun der Wort geif huelen, all dei leit dei ech kennen an Biller an hierer Freizeit fir sie machen, sief daat Sport, Kultur oder waat och emmer, kreien hier Foten bezuelt
Kanns zb en Naturknipser froen großes Grinsen

Zitat:
Ech kann der just soen dass eng Zeitung keng Suen mat enger Foto verdingt. Déi gin einfach just geholl fir d'Saiten e bessen méi opzelockeren.


An genau do ass den punkt, wann mer eng klauen, kennen mer jo direct ganz ausgab mat geklautenen fotoen machen großes Grinsen an dann geseit daat ganzt schon rem bessen anschtes aus, oder?
Mengen do gess de mer awer recht?



Geschrieben von greenman25 am 03.05.2010 um 16:13:

  model release formen an copyright Gesetz

Moien,
Ech hun eng fro iwert d'copyright gesetz zu Letzebuerg, an zwar genau iwert portraen. Wees flaischt een wou een kann copyright an model release formulairen kreien dei zu Letzebuerg gelteg sinn? Ech sin een fotograf an schaffen an England, do fennt een dei sachen vill mee ech faenken zu Letzebuerg un matt portraen an hun do keng ahnung wei daat do ass. All hellef ass haerzlech welkomm.
Merci!



Geschrieben von gloda am 03.05.2010 um 16:32:

 

Den Release deen s de dohanne benotz wärt hei héchstwarscheinlech och gëlteg sin wat d'Model Release Dokumenter ugeet. Wat mengs de mat Copyright? Deen as u sech "duerch d'Gesetz vum 18.4.2001 iwwert d'Droits d'auteur geregelt" wéi et schéin hei um Site steet.



Geschrieben von greenman25 am 03.05.2010 um 16:41:

 

Merci,
Jo daat mam Copyright ass schon kloer. Et ass mei fir een model release ze fannen deen op Franzeisch ass. D'saach ass dei dass ech fir dei portraen een kontrakt muss zesummen setzen deen den client kann ennerschreiwen wou alles dran steht dass den copyright dem fotograf geheiert, droit d'auteur etc.
Et wier mei einfach wann et daat faerdech als document schon gett sos muss ech daat selwer zesummen setzen.



Geschrieben von m-otiv am 03.05.2010 um 17:38:

 

jop...ech wier och preneur :-)



Geschrieben von greenman25 am 03.05.2010 um 17:50:

 

Ma jo, ech muss daat souwisou irgendwei zesummen setzen. Ech gin daat dan ganz gaer weider well et schon wichteg ass esou eppes ze hun.



Geschrieben von greenman25 am 03.05.2010 um 17:56:

 

Hei ass een link vun der AOP mat formulairen dei immens praktesch sinn. Wann esou eppes fir zu Letzebuerg haett oder fir Europa daat wier wonnerbar.

http://hub.the-aop.org/Legal_Business_Forms



Geschrieben von Shantideva am 03.05.2010 um 18:36:

 

Ech hun Modelreleasen op Franséisch, Deitsch an Englesch fir Erwuessener an Kanner. Ech hun se hei eropgelueden:

http://www.luxurbex.com/tmp/modelrelease.zip

Gär geschitt! Augenzwinkern



Geschrieben von greenman25 am 03.05.2010 um 18:51:

 

Merci villmools fir daat! Hei ass och nach een link wou ech formulairen font hun:

http://contributors.gettyimages.com/article.asp?article_id=991



Geschrieben von Shantideva am 03.05.2010 um 18:55:

 

Daat ass jo och eng flott Sammlung... Merci och... smile



Geschrieben von m-otiv am 04.05.2010 um 08:41:

 

super...dei Aarbecht manner ;-)



Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 16:44:

  Droits d'auteur

Moien,

Ech hun eng fro zum Copyright, hei am Forum as schon doriwer geschriwen gin, masi net iwert dei Situatioun de ech elo hun. (net direkt, mais eng frenndin)

Et as eng Foto publizeiert gin, ob engem Plakat fier eng Ausstellung, wou eng Loftopnahm vun engem Terrain gemach gin as.

Meng Frenndin huet dei Foto vun sengem Papp, deen e ganzt Archiv huet vun Fotoen vum Kirchbierg, vun 1950-2011...

No der Publicatioun huet sech elo den Auteur gemellt an well wessen wou hat dei Foto hier huet.

Dat hien am Recht as dat dei Foto net hätt dierfen benotzt gin, as fier mech logesch. Mais wien as am Fehler?

Menger Frenndin sein Papp, oder hat?
A la limite keintn een jo och soen, wann den Auteur, firun 20 Joer, engem dei Foto "gin/geschenkt/verkaaf" huet, ouni detailleiert en (C) derbai ze hun, huet hien iwerhaapt nach usprech op sein droit d'auteur? (normalerweis as deen jo onvergänglech)

Wei gesait t'Rechtslaag do aus?

Kann een mer do villeicht weiderhellefen, daat wier fein. Merci

MfG



Geschrieben von Johny am 21.11.2011 um 17:05:

  RE: Droits d'auteur

Zitat:
Original von Dafty
A la limite keintn een jo och soen, wann den Auteur, firun 20 Joer, engem dei Foto "gin/geschenkt/verkaaf" huet, ouni detailleiert en (C) derbai ze hun, huet hien iwerhaapt nach usprech op sein droit d'auteur? (normalerweis as deen jo onvergänglech)

Nee dat ass net richteg smile . Nëmmen well een engem eng Foto gëtt déi ee selwer gemaach huet, gëtt een engem domat net automatesch och all Rechter zu der Foto. No eiser Rechtslag muss een do och keen (C) drop hunn oder ähnlech (Deen huet souwisou eigentlech ausserhalb vun den USA guer keng Bedeitung). D'Rechter sinn direkt per Gesetz geregelt an do gëtt dann keen Zousaz gebraucht fir dat nach eng Kéier méi genee fest ze halen. Eng Foto däerf nëmmen verëffentlecht ginn mam Averständnis vum Auteur, respektiv vun dem deen d'Rechter um Bild huet. Wann an dësem Fall deemols net ausdrécklech den Auteur d'Rechter un der Foto mat verkaf/verschenkt huet, dann däerf déi ganz sécher net verëffentlecht ginn.

Denger Frendinn säi Papp ass net an der Schold esou wäit wéi ech et hei gesinn, well hien d'Foto jo geschenkt krut, d.h. den Auteur huet domat säin Accord ginn dass däi Papp d'Foto a sengem Besëtz huet (wat jo streng gesinn eng Kopie vu sengem Konschtwierk ass), an do ass jo och näischt derbäi am fong smile . Falsch ass dann dee jeenechen deen déi Foto hëllt an verëffentlecht, also an dësem Fall deng Frendinn.

Ech hoffen ech konnt der bëssen hëllefen smile



Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 17:18:

  RE: Droits d'auteur

Merci Johny fier dei schnell an kloer Äntwert.

Leider wert se menger Frenndin net esou gefaalen.

Just nach eng kleng Fro : Dat den Auteur, en Gebei geknipst huet waat jo och en droit intellectuel vum Architect huet, as keen Argument, oder?



Geschrieben von Johny am 21.11.2011 um 17:25:

 

Dat spillt fir dëse Fall guer keng Roll.



Geschrieben von mmphotos am 21.11.2011 um 18:51:

 

Just nach eng kleng Fro : Dat den Auteur, en Gebei geknipst huet waat jo och en droit intellectuel vum Architect huet, as keen Argument, oder?

-> wann den Auteur net um Terrain vum Gebei stoung, dann kann heen souvill Fotoen maachen wei heen wëll.



Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 22:49:

 

merci.

ech haat nach vergiess ze soen dat hat awer beim Bild geschriwen huet : Auteur: Archive M. XY.

Daat wert awer naischt änneren. Ech hun graat epes fonnt, awer et nach net geliess, et huet mech och gewonnert dat et desen link nach net hei am Forum gin as, well t'Thema awer schon oft diskuteiert gin as :

http://www.legilux.public.lu/leg/a/archives/2001/0050/a050.pdf

villeicht kann jo een deen besser eenz get ewei ech daat op eng mei gescheit plaatz setzen?



Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 22:58:

 

Art. 10. Lorsque l'Å“uvre a ete licitement rendue accessible au public, l'auteur ne peut interdire:

1° les courtes citations en original ou en traduction, justifiees par le caractere critique, polemique, pedagogique, scientifique ou d'information de l'œuvre a laquelle elles sont incorporees.
Les utilisations visees a l'alinea ci-avant ne peuvent etre faites sans l'autorisation de l'auteur que pour autant qu'elles soient conformes aux bons usages, qu'elles ne poursuivent pas un but de lucre et qu'elles ne portent atteinte ni a l'Å“uvre ni a son exploitation.
Le nom de l'auteur et le titre de l'Å“uvre reproduite ou citee doivent etre mentionnes s'ils figurent dans la source.

2° la reproduction et la communication au public d'œuvres a titre d'illustration de l'enseignement ou de la recherche scientifique et dans la mesure justifiee par le but a atteindre et sous reserve qu'une telle utilisation soit conforme aux bons usages.

3° la reproduction et la communication au public, dans un but d'information, de courts fragments d'œuvres ou d'œuvres plastiques dans leur integralite a l'occasion de comptes rendus d'evenements de l'actualite.

4° la reproduction d'une œuvre effectuee a titre gratuit par le copiste et pour son usage strictement prive, non destinee a une utilisation ou a une communication publiques, et a condition que cette reproduction ne porte pas prejudice a l'edition de l'œuvre originale.

5° le stockage temporaire,y compris le telechargement sur un support electronique,d'une œuvre protegee acquise licitement, si cette operation n'a pas d'autre but que de rendre l'œuvre perceptible par celui qui la pratique ou qu'elle est accessoire a un processus technologique.

6° la caricature, la parodie ou le pastiche qui a pour but de railler l'œuvre parodiee, a la condition qu'ils repondent aux bons usages en la matiere et notamment qu'ils n'empruntent que les elements strictement necessaires a la caricature et ne denigrent pas l'œuvre.

7° la reproduction et la communication d'œuvres situees dans un lieu accessible au public, lorsque ces œuvres ne constituent pas le sujet principal de la reproduction ou de la communication.

8° les actes officiels de l'autorite et leur traduction officielle, ...

9° les nouvelles du jour et les faits divers qui ont le caractere de simples informations de presse.

10° les enregistrements ephemeres...



Geschrieben von Dafty am 21.11.2011 um 22:59:

 

daat betrefft jo dann all Foto dei een online setzt?
Ech mengen ech muss mer daat emol ganz genau duerch huelen, ech hun e puer onwichteg sachen gestrach, also artiklen, dei wichtegst sin geschwärtzt.



Geschrieben von Cypress am 23.07.2014 um 06:30:

  Copyright - Konferenz / Diskussioun

Moien,

Hunn eng Fro zum Copyright, déi vläicht och schon hei am Forum gestallt gouf...

Wann ech en Event fotograféieren matt x Leit drop, an zum Schluss drécken ech engem Aneren den Apparat an de Grapp, fir selwer op enger Foto vum Event drop ze sinn, ween huet dann de Copyright fir des Foto?

Ech, well et mäin Apparat ass? Oder deen aaneren, deen ofgedréckt huet?


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH