Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Allgemeng (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=16)
-- Technik-Diskussiounen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=33)
--- Kallibreierbaren Monitor (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=1623)


Geschrieben von ludiol am 18.08.2010 um 20:04:

 

Bei mir war et den Contraire, ech hun op 2 Computeren 3 Samsungen laafen, a keen ass an de Faarwen an an der Hellegkeet sou präzis wéi den Eizo



Geschrieben von Laurent76 am 19.08.2010 um 00:18:

 

@ludiol
Nee, daat hun ech effektif nach net. sin bis elo gudd eens gin, mee loosen mech awer gäeren beleieren. Waat fir eng Spann hues du dann an wei oft muß te daat maachen? Hues du och een iMac.
Trotzdem muß ech awer soen daß ech bis elo tiptop gefuer sin....!



Geschrieben von claudedh am 19.08.2010 um 09:49:

 

Prinzipiell, egal ob Mac oder Pc, sin d'Faarwen ëmmer falsch. Den normalen Computer ass nu eben éischter vir Spiller a Buros Applicatiounen ausgeluecht. Daat heesch vill ze hell an zevill kontrast asw...
Eng kleng Sonde, egal wéi eng Marque, geet masseg duer vir e Schierm ze kalibréieren an e Faarwprofil ze erstellen. Daat fonctionnéiert mat enger Sonde vu manner wéi 100€ graat esou gudd ewéi mat enger vun 500€.
Den Groussen ënnerscheed zum Laurent76 sengem system ass datt se moosen geet, an ee net no engem subjectiven empfannen sai Schierm astellt.
All di methoden wou een visuell astellt, egal ob Mac oder PC, kënnen nët korrekt sin wäll all Mensch d'Faarwen aaneschters gesait. Froo 10 Persounen vir de glaichen Schierm anzestellen, no den glaichen Kriterien, an du kriss 10 verschidden Resultater!
Vum Budget hier mussen 100€ och vir jiddereen dra sin. Et ass mol nët de Prais vun enger gudder Täsch.

Hei nach e Link mat de Basics iwwer Faarwmagaement:

http://www.adf.de/wiki/index.php/Hauptseite

Den Basis text ass zwar e bessi Aal, me un de Grondprinzipien huet naischt geännert.
Vill Spaas beim Liesen
Ciao



Geschrieben von ludiol am 19.08.2010 um 10:10:

 

@Laurent:

Ech schaffen zanter méi wi 16 Joer mat Mac, hun am Moment 3 richteg Macen doheem an en Hackintosch (en PC op deem den OSX an W7 drop leeft).

Ech schaffen mat eng Spyder 3Pro a si ganz zefridden domat. D'Express Versioun ass net ze rekommandéieren well di ass net vil mi belleg, kann awer net sou vill. Elite brauchs de net onbedengt.

Ech haat mäin Bildschirm an der Zäit och mam Mac Software Kalibrator kalibréiert, me wi ech dun d'Spann agesaat haat war daat en Ennerscheed vun Dag an Nuecht. Sou wi den claudedh seet: zimmlech subjektiv.

Ech kalibréieren op mannst e mol de Mount.



Geschrieben von Laurent76 am 19.08.2010 um 10:15:

 

@claudedh
Merci fir d'Infoen. Klengt un sech logesch waars de schreifs et et liicht mir och an.....

An daß mir elo net laanscht eneen schwätzen, du mengs jo esou eppes oder?
http://www.amazon.de/Globell-B-V-S2EL100-Spyder3Elite/dp/B000X4X35C/ref=sr_1_1?ie=UTF8&s=ce-de&qid=1282205323&sr=8-1



Geschrieben von Laurent76 am 19.08.2010 um 10:19:

 

@ludiol

dei heiten mengs du?
http://www.amazon.de/Globell-B-V-Spyder3Pro-Multilingual/dp/B0011V9J6I/ref=sr_1_3?ie=UTF8&s=software&qid=1282205882&sr=8-3

Och dir Merci fir deng Informatiounen....!



Geschrieben von claudedh am 19.08.2010 um 10:35:

 

@Laurent76:
z.b. Just de Shop gefällt mer nët Augenzwinkern . Mengen dat's de sou saachen och bei de Photogen.lu Partneren ze kaafe kriss.
Mat gratis Demo a beroodung.



Geschrieben von Laurent76 am 19.08.2010 um 11:09:

 

Den Shop war jo elo just fir mech ze vergewesseren ob mir vun deem selwegten Apparillo schwetzen... ;-)



Geschrieben von ludiol am 19.08.2010 um 15:28:

 

Jo et ass di dooten déi ech och hun, et gin awer nach aanerer, me ech mengen daat ass déi di am meeschten bei den Leit verbreet ass.

Dobäi kennt dass bei mir 5 Bildschirmer domat kalibréiert gin an zwar regelméisseg kascht mech daat knapps en 1 EUR den Mount op 2 Joer gesin. En plus léinen ech mengem Kolleg se régelméisseg.


Di deier X-Rite a Kompagnie sin fir den Hobby User net néideg.

Den Shop gefällt mir awer ganz gudd :-)

Eis Sponsoren si gudd (kréien ech lo 10% op alles? großes Grinsen ), ech hun och schons do bei deem engen oder aaneren genug kaaf, mee wann wéi z.B. mäin Eizo hei zu Lëtzebuerg mol locker 15% méi deier ass (net Sponsor Buttek) wi bei genanntem Online Versand dann kann een sech daat awer mol 2 Mol iwwerleeen.



Geschrieben von claudedh am 19.08.2010 um 17:17:

 

X-Rite ass mol guer nët sou vill méi Deier ewéi Datacolor.
Den Eye-One Display 2 ass fir 201.25€ TTC ze kréien.
Den Pantone Huey Pro vir 129€ TTC (och vum X-Rite).
Wann ee lo eng solutioun sicht di souwuel vir de Schierm wéi och vir den Printer ass, dan ass den ColorMunki vir 375€ HTVA secher méi ze recommandéieren ewei den Spyder3 Studio vir 449€ HTVA.



Geschrieben von Sicho am 24.08.2010 um 12:16:

 

Zitat:
Original von ludiol
@nokie.

Also ech hu mech jorenlaang vun Samsung a Co blenden geloos, mat hieren soit-disant Wide Gamut Faarwechten Ecranen.

Ech ka just eppes dozou soen.

Meng Fotoen waren mam Samsung emmer ze däischter, well deen blöden TFT souguer bei 0% Brightness nach ze hell war an d'Spann mer daat och gesoot huet. Mat engem Backlight LED gess de menger Meenung no net frou well deng Fotoen herno ze däischter sin wells de um ultra hellen Ecran d'impressioun hues du misst se e bessen mi däischter maachen.

Réischt den Eizo huet mer daat richteg gemeet. A meng Spann huet net vill missen verbesseren.


Eng kleng Klaamer:
ech well just drop hinweisen, dass eng enorm grouss Majoritéit vun all den Panelen op der Welt an den TFT'en, LCD an TVs vun Samsung sin ... verschiddener nach vun Hitachi. Dei weinëgst Marken maachen selwer Panels, an den Eizo'en sin baal emmer Samsung Paneler verbaut. D'Technik, dei noom Panel kennt, ass eng aaner, mee den Panel selwer ass ganz ganz oft Samsung.

Bei LCDs ass d'Majoriteit vun den Panelen vun S-LCD ... waat een JointVenture vun Samsung an Sony ass.



Geschrieben von ludiol am 25.08.2010 um 08:58:

 

Zitat:
Original von Sicho
Eng kleng Klaamer:
ech well just drop hinweisen, dass eng enorm grouss Majoritéit vun all den Panelen op der Welt an den TFT'en, LCD an TVs vun Samsung sin ... verschiddener nach vun Hitachi. Dei weinëgst Marken maachen selwer Panels, an den Eizo'en sin baal emmer Samsung Paneler verbaut. D'Technik, dei noom Panel kennt, ass eng aaner, mee den Panel selwer ass ganz ganz oft Samsung.

Bei LCDs ass d'Majoriteit vun den Panelen vun S-LCD ... waat een JointVenture vun Samsung an Sony ass.


Et ass net den Panel deen eleng Entscheed mee och d'Elektronik di dran ass, an do verbaut Samsung net emmer Guddes. Ech hun och schons op engem Syncmaster erliewt dass Samsung net hier eegen Panelen drabauen.

An och bei den Panelen vun engem Hiersteller gin et Ennerscheeder. Et ass jo awer kloer dass bei engem Ecran vun 150 EUR net dee selwechten Panel agebaut get wi an engem vun 850 EUR. Schon eleng vun der Fehlerklass an den Pixelen an an der gläichméisseger Ausbeliichtung vum Ecran bestinn do Welten.



Geschrieben von Sicho am 25.08.2010 um 15:11:

 

woor just eng Klaamer well z.B. vill Leit net wessen, dass an engem Fernshe Marque XY dann een Samsung Panel dran ass ... woor mei "for your information" ewei lo wierklech eppes zuer Diskussioun bäidroënd Augenzwinkern

an d'Elektronik hannert dem Panel haat ech erwähnt Augenzwinkern


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH