Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Projet Virstellungen (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=27)
--- Weis Eis Déng Hompage (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=756)


Geschrieben von Sicho am 15.07.2010 um 13:16:

 

ech hun gemengt ech misst och mol een Photoblog maan, et fennt een en ennert http://photoblog.sicho.info

den Photoblog gett een Deel vun enger ganzer "Blogosphere" dei ech mer graad opbauen großes Grinsen



Geschrieben von MarcGerard am 06.08.2010 um 11:59:

 

ech hun rem bessi u méngem site gebastelt.
ech ma méng säit schon éiweg mam iweb an hun elo iframes a snippets vir mech entdeckt a spillen domat. ech hun 't gevill, wann ech esou weider man as et fläit awer besser engkéier alles mam dreamweaver oder sou ze man XD mee gin amfong guernet eenz domat, dovir as iweb relax vir mech. huet awer natiirlech coh séng nodeeler, mee mol kucke wat der dovunner halt.

marc.gerard.lu


neiegkeeten:

uewen as sou een banner-méissegt bild wat bei all refresh a nom zoufallsprinzip eent vu momentan ronn 30 biller lued. d.h. ofwiesslung smile

déi éischt säit as elo den newsblog, mee an engem iframe. problem: et kann ee kengem méi e link schécken op een eenzeelen artikel. dat nervt e bessi. wann ech engem well déi nei galerie vum leschte phototalk weisen, da mussen sech duerch de blog klicken ... kann do een en zaubertrick? mee zënter ech et esou man mech den iWeb-Blog och net méi séng komech mucken, dass e bei der iwwersiicht nemmen déi lescht 3 artikelen uweist, dat as cool!
problem2: den iWeb-Problem, dass en an der iwwersiicht déi falsch domain vun engem links uweist hun ech behuewen andeems ech de link selwer antippen, mee da weist en de ganze spass am iframe un, wat natiirlech blöd as wann uewen an der navi MarcGerard steet, an direkt drenner WorldwidePhotoWalk, oder LookingMyBest smile

bon, soss gesin ech just kommen dass ech demnächst och méng fotogalerie ännere wäert, mee do hun ech nach keng léinsung fonnt déi mer et nach méi einfach sollt man wéi 't galerie am iWeb, déi as neemlech zimlech cool smile

also tips si wëlkom vir déi leit déi sech e bessen auskennen.
a jiddereen as wëllkom sech de blog-rss ze späicheren, ech sin coh bereed mol e blogtausch ze man, vir dasse mer ennereneen e besse view an interessenten austausche kënnen Augenzwinkern



Geschrieben von gloda am 06.08.2010 um 12:06:

 

Dat mam iFrame gefällt mer net esou. Ech hunn en 1900x1200 Bildschirm, dann wëll ech méi wéi 600px an der Héicht gesinn.
RSS ass awer eng fein Saach, ass abonnéiert.



Geschrieben von MarcGerard am 06.08.2010 um 12:13:

 

salut glodt!

ma déi 600 pixel si jo awer och do, wann ech normal ouni iframe fueren. also z.b. wanns de bei video geess. oder bei photo...



Geschrieben von gloda am 06.08.2010 um 12:21:

 

Ok. Mä beim Video gëtt et näischt ze scrollen, an bei den Fotoen klappt et well et d'Thumbs do an "Häppecher" op deelt. Am Blog stéiert et mech well et do vill Contenu gëtt, deen vertikal gestaffelt ass.



Geschrieben von MarcGerard am 06.08.2010 um 12:36:

 

intressant. ech zéie mer dat mol op 't long. a fläit änneren ech eppes smile



Geschrieben von alex am 06.08.2010 um 13:09:

 

Salut Marc,
Wier dann en Wordpress Blog naischt fir dein Site auszebauen? Dann misst du en natirlech just vun vireran nei opbauen. Wor eng Idee...



Geschrieben von Johny am 06.08.2010 um 13:16:

 

De Gilles huet Recht - esoueen iFrame ass eigentlech do ëmmer zimlech Schäiss, virun allem eben fir déi déi e groussen écran hunn. Ech géif bei eegene Säiten ni esou en iFrame asetzen smile



Geschrieben von Focus am 10.08.2010 um 22:50:

  RE: Weis Eis Déng Hompage

Meng Sait as hei:
www.photo.euro.lu
Hope you enjoy



Geschrieben von xaph32 am 20.08.2010 um 10:27:

 

ech sin grad faerdeg gin

www.xaph32.net

hoffen se gefällt



Geschrieben von Johny am 20.08.2010 um 10:39:

 

xaph: Wëlls de se just weisen oder däerf een och Kritik ofginn? Augenzwinkern



Geschrieben von xaph32 am 20.08.2010 um 10:43:

 

Zitat:
Original von Johny
xaph: Wëlls de se just weisen oder däerf een och Kritik ofginn? Augenzwinkern


natierlëch dierfs de kritiséiren ;-)
me komm mer nët matt coden, well ech sin do totalen amateur, an se ass doudsëcher nët propper codéiert ;-)



Geschrieben von Johny am 20.08.2010 um 12:14:

 

Nee keng Angscht, dat huet kee wärt, dat weess ech smile Mee et geet ëm d' Optik:

Courier als Schrëft op Homepagen dat huet ee virun laanger Zäit agesat, mee lo absolut net méi, et gesäit alleng doduerch zimlech al aus, also ale Stil den net aktuell ass, an nach net al genuch fir rem "in" ze sinn smile En plus ass d' Schrëft bëssen grouss, an du hues bei Misc dann beemol Verdana agesat. 2 Schrëften esou ze vermëschen ass net gutt, ech géif an denger Plaz am ganzen Verdana notzen, an méi kleng.

An dann nach eppes éischter subjektives: D' Fotoen op der Startsäit bewegen sech zevill / ze séier, en méi dezenten Effekt wier wahrscheinlech méi flott als Aluedung.



Geschrieben von xaph32 am 20.08.2010 um 12:46:

 

Zitat:
Original von Johny
Nee keng Angscht, dat huet kee wärt, dat weess ech smile Mee et geet ëm d' Optik:

Courier als Schrëft op Homepagen dat huet ee virun laanger Zäit agesat, mee lo absolut net méi, et gesäit alleng doduerch zimlech al aus, also ale Stil den net aktuell ass, an nach net al genuch fir rem "in" ze sinn smile En plus ass d' Schrëft bëssen grouss, an du hues bei Misc dann beemol Verdana agesat. 2 Schrëften esou ze vermëschen ass net gutt, ech géif an denger Plaz am ganzen Verdana notzen, an méi kleng.

An dann nach eppes éischter subjektives: D' Fotoen op der Startsäit bewegen sech zevill / ze séier, en méi dezenten Effekt wier wahrscheinlech méi flott als Aluedung.


Ma merci, ech kucken wat ech do déi nächst deeg nach kann änneren ;-)



Geschrieben von sir_von_sinnen am 22.08.2010 um 10:26:

  Main site ...

www.theme.de.vu ( einfach op dat Bild klicken )

Ech hunn nach keng Ahnung fir en Layout , dofir ass en mol am wais gehalen ...

Kritik ass erwenscht



Geschrieben von gloda am 22.08.2010 um 14:38:

 

Huel d'Musék op der Startsäit nees eraus. Oder, wann se onbedéngt soll dran sinn, gëff dem Visiteur op d'mannst eng Méiglechkeet se auszeschalten.



Geschrieben von sir_von_sinnen am 22.08.2010 um 15:22:

 

ok, leider hunn ech keng Méiglechkeet fir en " aus " Knäppchen ... an der neier Versioun ass se dann eraus .

Merci



Geschrieben von Shantideva am 23.08.2010 um 21:30:

 

Salut Alleguerten,

Ech hunn och elo eng Zäitchen un menger neier Säit gepiddelt. Am September stellen ech zu St. Petersburg aus, an do war et mir wichteg mengem Portforlio een klengen Lifting ze ginn. No vill Gepiddels sinn ech dann endlech mol deels zefridden. Et war mir wichteg dass ech och een klengen CV dobäi hätt.

Hei ass emol déi nei Säit, déi wuel an deenen nächsten zwee Deeg Online geet.

http://www.urbanvisions.lu/

Et ass riets gaangen ëm Musik... Soll ech d'Musik ganz ewech loossen? Se ass erëm am Flash. Ech hunn een Interface bebaut fir d'iPhone, iPad oder iPod. Déi ass schon op dem alen Site aktiv. Do sprengt den Site dann op eng ganz einfach Iwwerfläch eriwwer. Mir gefalen awer bis elo déi Flash Animatiounen ëmmer nach ganz gutt. Villäicht kann ech jo nach eppes verbesseren? Ech free mech op all Feedback.



Geschrieben von sir_von_sinnen am 23.08.2010 um 21:45:

 

Deng Homepage gesäit super aus . !



Geschrieben von Shantideva am 23.08.2010 um 21:52:

 

Villmols merci, dat freet mech! smile Ech muss nach e bëssi Finetuning maachen awer et war mir mol wichteg net ze vill an net ze wéineg drop ze hunn. Leider war ech mat menger aler Säit do e bëssi méi ageschränkt.


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH