Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- BurgerKing zu Lux ??? (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=901)


Geschrieben von toto am 25.11.2007 um 19:37:

  BurgerKing zu Lux ???

hi eing fro dei mech emmer beschäftegt huet.
fir wat get et keen BurgerKing hei zu letzebuerg ? traurig verwirrt

ech mengen ech wär net deen entzegen deen een hei zu lux. gearen hätt traurig unglücklich



Geschrieben von Kwitchibo am 25.11.2007 um 20:19:

  RE: BurgerKing zu Lux ???

Et get irentswei een gesetz oder esou wou seet das nemmen 2 Fastfood chainen hei zu Letz diefen sin an dei sin jo schon do....

schade well QUICK as net immens...

MARC



Geschrieben von CHAREL am 25.11.2007 um 20:45:

  RE: BurgerKing zu Lux ???

hm ech haat geduercht et wier well burgerking op oppener flaam hier burgeren grillt an daat wier net erlaapt hei an letz. also sou kruud ech daat mol erklährt,



an zielt subway net zu fastfoot?



Geschrieben von toto am 25.11.2007 um 20:57:

 

dat mam open feier hun ech och schon heiren



Geschrieben von the_zipper am 25.11.2007 um 21:05:

 

Ech kennen dei wierklech Äntwert op dei Fro well se mech och schon beschäftegt huet. Ech kennen nähmlech een vun den Responsablen vun deenen groussen Chaine'en hei am Land.

Et ass esou, dass durch Erfahrung an och Martforschung sech eraus gestallt huet dass an den meeschten Länner an an Letzeuerg soumols net mei wei 2 Fastfood Chaine'en existeieren kennen. Et huet neischt mat Gesetzer ze dinn.

Dei Forschung leisst sech beleen durch Frankreich wou et Quick an Mcdonalds get an Burgerking haat och ugefangen Filialen opzemaan, dei leider net fonktioneiert hun well dei aner ze grouss waren an doweinst huet BurgerKing sech zreck gezunn. An Deitschland get et just Burgerking an Mcdonalds an och soss keen dretten. Lo kreien ech emmer ze heieren jo mee den Subway ass jo och Fastfood, richteg, mee den Subway huet en aneren Bereich am Fastfoodmarché well sie verkaafen keng Burger mee eben Sandwichen.

Hoffen daat huet villes beäntwert.

Wei gesot daat ganzt wees ech vun engem wou deen Marché in- an auswendeg kann.



Geschrieben von Johny am 25.11.2007 um 21:15:

 

Daat mam oppene Feier stemmt awer sou wäit ech wees och.

Ech wir nach eischter dofir dass zu Letz kee McDo mei ass an durch Burger king ersat gëtt, wéi de Quick, well de McDo ass definitiv nach méi mies smile

PS: Ech sinn am Moment u Tréier an ginn hei op manst 2x d'Woch an de Burger King großes Grinsen



Geschrieben von toto am 25.11.2007 um 22:03:

 

merci

nee nee quick eraus BurgerKing eran großes Grinsen



Geschrieben von Johny am 25.11.2007 um 22:10:

 

Nach besser: se sollen all quick an all mcdo ersetzen durch burger king smile



Geschrieben von CHAREL am 25.11.2007 um 22:12:

 

geenau



Geschrieben von gloda am 25.11.2007 um 23:10:

 

Ech wonneren mech ëmmer erëm dass dat Konkurrenzschema net innerhalb vun enger Chaine a Kraaft trëtt. Canterbury: Subway 2x, Starbucks 3x, alles 5 Minutten zu Fouss vuneneen ewech.



Geschrieben von yoshi am 25.11.2007 um 23:20:

 

iesst dach mol gesond.....





ps: ech kann och ouni burger king... bzw... kann mech och nemmen vun mcdonalds an subway ernähren Zunge raus



Geschrieben von annemie am 25.11.2007 um 23:36:

 

@Yoshi: HAHA... "iesst dach emol gesond" ... Daat seet dee richtegen :-D

Ech geng en Starbucks vill mei praktesch fannen :-)
Mat deenen "Restoen" wu do sin, kann ech liewen...



Geschrieben von Pelz am 26.11.2007 um 10:37:

 

Also läut mengen Informatiounen, kommen 7 Burger-Kingen hei op Letz. Mais bon, et muss een och net alles gleewen! Mech geing et freen.
Dei Saach mam oppenen Feier hun se iergendswei gereegelt, oder emgaang an maachen hier Burgeren lo aanescht, fier dat se graad daat Gesetz kennen emgoen!
Live long, eat Fast (Food)



Geschrieben von MarcGerard am 26.11.2007 um 11:19:

 

dat eenzegt wat ech weess as dass et 't firma "Burger King Luxembourg S.a r.l." schon emol gett... denken et as iergendwéini esou wäit, wel dat do seet mer jiddereen: "ech well ee burgerking hei am land" großes Grinsen dobäi gehéiert tréier jo scho bal zum land.. dann hu mer jo ee burger king großes Grinsen



Geschrieben von toto am 26.11.2007 um 14:23:

 

wei ass et iwerhaapt mat "ebay" hei am land. dei sollen jo den hapt setz hei hun oder ? fir wat geet et dan keen ebay.lu. wann een ebay.lu a get, get een un den ebay.be verlinkt hmm



Geschrieben von mmphotos am 26.11.2007 um 14:28:

 

ma ebay huet hieren haabtsetzt am land (mengen weinst finanziellen firdeeler (sin mer do awer net secher)). een ebay.lu brengt jo glaat an guer neicht. Eist land as einfach ze kleng, an et geifen net genuch leit epps sichen, bidden an online setzen.



Geschrieben von the_zipper am 26.11.2007 um 15:59:

 

Jo weinst finanziellen Virdeeler ass ebay hei mat Haaptsetz, an Amazon genee esou an och Paypal an nach puer sou grouss Firmen an daat alles weinst den nidregen Steiren hei am Land. Aol geet zwar lo rem senger wee mee dei genee Grenn wees ech net.

Waat Burgerking sàrl hei am Land ugeet hun ech leider neischt fonnt um internet well normalerweis missten dei sachen jo dann registreiert sinn an vir jidereen oprufbar sinn wei bei all aner Entreprise och.



Geschrieben von Kwitchibo am 26.11.2007 um 20:49:

 

ech hun honger geet een mat an den MC smile ?



Geschrieben von toto am 26.11.2007 um 23:05:

 

ech sin dobei. photogen McDo treff großes Grinsen Zunge raus



Geschrieben von patrickr am 27.11.2007 um 15:50:

 

anert beispill: amazon

ech wollt schons desöfteren bei hinnen elektroniksartikele kafen, mee dat geet leider nët wann een se op letzebuerg well liwwere loossen. ech hu si doropshin ugeschwat, mat der begrennung, dass si jo awer um pabeir eng letzebuergesch firma sin. dorops hin hu si folgende grond genannt:

"Aus logistischen Gründen können wir Artikel aus dem Bereich Elektronik nicht nach Luxemburg versenden." wat dat och emmer heesche well.

wann esou firmen eisem staat vill suen erabréngen, da kéint de staat eis jo awer och entgéint kommen, an déi firmen wéinstens zwéngen eis och artikelen ze verkafen wa mier dat esou wenschen.

wat bicher betrefft, do kafen ech bei kengem anere méi, et as zwar schued fier eis librairen, mee bei amazon gin ech net ugegranzt a brauch och keng 2 méint ze warden. ech spuere mer och den traffic well d'buch a ménger bréifkescht läit.

elo zu burgerking: wann et hamburger fastwood soll sin, da vun hinnen!


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH