Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Allgemeng OT (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=34)
--- MacBook Pro RAM-Upgrade (problem) (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=891)


Geschrieben von MarcGerard am 09.11.2007 um 13:04:

  MacBook Pro RAM-Upgrade (problem)

salutti
un 't spezialisten!
hei méng situatioun.

ech hun ee macbook pro 1Gb RAM
ech wollt ech mer een zweeten nokafen, se haten awer nemmen nach RAMen vun 2Gb op Lager...
...ech hun deen da gehol, hu mer geduet -grad sou gudd- hun och mam verkeefer geschwat (ech woar am Léiw séngem Häerz-wann der wësst wat ech mengen-) an dee sot dass dat geet...

sou, lo setze ech hei heem hun den "Gb agebaut, den 1Gb läit awer hei niewendrun welle ch feststelle misst dass déi zwee beieneen net gin.

as dat normal? kann ech net 1+2=3Gb agebaut hun? dann hätt ech dach besser AWER op deen 1Gb gewaart an 1+1=2 Gb agebaut amplatz iwwer 't halschend fir 2Gb ze kafen an deen 1Gb kackt hei of an huet keng aarbecht smile


ech hoffen iergendeen weess hei eng méi gescheit léisung!
thx Augenzwinkern
maggele



Geschrieben von Johny am 09.11.2007 um 13:21:

 

Waat mengs de genee matt "dei zwee net beinee ginn"?

Ech hun am iMac 1Gb + 2Gb an am Macbook pro dieft daat och guer kee Problem sinn.

PS: Weivill hues de bezuelt fir den 2GB ?



Geschrieben von MarcGerard am 09.11.2007 um 19:48:

 

....hu ronn 160€ fir 2Gb bezuelt.... 1Gb hätt 60-70€ kascht .. mengen ech ...

wat ech domat mengen? majo et geet net großes Grinsen ech kann se dra man, gesäit och schéin aus mee geet net smile

mee ech hu jo och nach net beim service zréckgeruff...

de problem as souwisou dass 't garantie ofgelaf as, an jo.. sin awer net bereet eppes reparéieren ze loossen.

deen ennerscheed vun 1Gb op 2Gb spierene ch zwar.. gefällt mer.. mee deen drëtten coh nach notzen ze kennen -fir deen ech jo och bezuelt hun- dat wier net iwwel smile



Geschrieben von Johny am 10.11.2007 um 01:29:

 

D.h. en geet guer net un oder wéi? Well "et geet net" keint genee su gutt heeschen dass en, obwuel 3GB dra sinn, just 2 erkennt z.B. ...

Et keint sin dass den een Ram-Slot defekt ass, probéier mol den een eenzegen vun dengen zwee rammbausteener eng keier an den ee slot ze maan an eng keier an den aner ...



Geschrieben von MarcGerard am 10.11.2007 um 02:41:

 

also jo: e geet net un...
de macbookpro huet fir eng LED déi sou un an aus geet.. sou mac-typesch eben.... wann ech déi 2RAMen dran un leeft alles un, mee den display bleiwt aus an déi LED liicht anecht... also méi haart.

ech hu probéiert wats de gesot hues an dat geet.. also et kann net un de slots leien.. un de RAMe laït et jo och net, vu dass se allenzwee gin, mee net beieneen ...

kann dat eppes mat kompatibilitéit ze din hun?

also dass et zwou verschidde marke sin déi net frou madenee sin ?
wier jo blöd, vu dass ech emmer bei deem selwechten akafen, déi missten das wesse wat se verkafen...



Geschrieben von yoshi am 10.11.2007 um 13:33:

 

bjuer, gei op des sait an wiel der dain modell raus, dann kanns de kucken weifill RAM dain verdreit.

http://www.edgetechcorp.com/memory/apple-macbook-pro-memory.asp

ech hun en alen model an bei deem steet zb: comes standard with 1GB of RAM and supports up to 2GB of RAM

bei aneren modeller steet och bis zu 3 oder 4 geifen se aushalen.


PS: falls de deen selwechten hues wei ech, dann geif ech der dain 1GB ofkaafen Augenzwinkern dann wieren mer beid glecklech mengen ech Augenzwinkern



Geschrieben von MarcGerard am 10.11.2007 um 13:49:

 

merci yoshi!
e verdréit nemmen 2 giga.... wonnert an iergert mech zwar ...
ma da gi mer mol kcuken ob ech dat déngens iergendwéi emgetosch kréien Augenzwinkern
thx smile



Geschrieben von Johny am 10.11.2007 um 14:09:

 

Ass zwar komesch well och wann se just 2 GB max hun, da mksst den Apparat awer goen, an e sollt durno just 2GB erkennen. sou ass et emol beim iMac, den huet 3GB Max, wann een do 4GB dramecht da geet en awer un. Komesch .. mee bon.



Geschrieben von yoshi am 10.11.2007 um 14:45:

 

@marc, gett et net mei belleg wanns de mir dain 1GB verkeefs? Augenzwinkern (falls et dei selwecht sin)



Geschrieben von MarcGerard am 10.11.2007 um 23:07:

 

großes Grinsen eventuell mee nemmen dann wann ech en net ze bëlleg verkafen smile


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH