Photogen.lu Forum (http://www.photogen.lu/forum/index.php)
- Offtopic (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=26)
-- Multimedia (http://www.photogen.lu/forum/board.php?boardid=28)
--- Apple iPhone (http://www.photogen.lu/forum/thread.php?threadid=522)


Geschrieben von ApplEric am 09.01.2007 um 21:27:

großes Grinsen Apple iPhone

Laang guff spekuleiert, laang guff gerätselt weini e kennt. Lo hudd Apple en firgestallt an en ass do.
Den iPhone.

iPod an Telfon an Organizer, anananan... :-)

Kuckt eech dat dengens mol nemmen un...

http://www.apple.com/iphone/



Geschrieben von Johny am 09.01.2007 um 21:31:

 

Jojo, schonn alles gelies a gesinn, ech hun Live d News gelies waat firgestallt gouf vum Steve Jobs smile

Schued just dass en réischt am Juni soll erlaabt sinn, an soumat ass e reischt fir d 4. Quartal hei an Europa. Mee waat se do gemaach hun ass einfach gäil.

Waat awer nahc gehirlos interessant ass: Den Apple TV, Codenumm iTV. Daat fannen ech selwer nach e Stéck méi interessant Augenzwinkern An den ass schonn am Februar erhältlech.



Geschrieben von ApplEric am 09.01.2007 um 21:35:

 

Hmm, jo, hu mer nach net ugekuckt wat et ass. Klengt no TV um Computer. Mee ech kucke souwisou net vill Fernseh. Nemmen d'Simpsons an dann heiandsdo mol e film. ee ech kucke mer dat mol un.

Mee ech soe mer: Hätt ech mer an der Summervakanz nemme keen Motorola V3i kaaft..., da kinnt ech emr lo den iPhone kaafen.
Mee bon, hu jo lo en Motorola an en iPod shuffle, do brauch ech keen iPhone. Mee 4-8 gb senn evrlockend. :-) Ass scho richteg geil wat deen telefon kann. En kleng Mac fir d'Täsch.



Geschrieben von Johny am 09.01.2007 um 21:41:

 

Den Apple TV ass genial .. ech wosst bis firgescht och net waat et sollt sinn. Et ass en kleng Box, dei Netzwierk uschloss huet fir normale Kabel an WLAN, et kann ee se normal un de fernseh schléissen (digital HDMI oder standard ausgang ...) an da kanns de en mam itunes syncen, genee wei den iPod, an dei Filmer dann um Fernseh kucken. D.h. all déi 130GB Filmer dei ech hun um Harddisk, brauch ech endlech net mei um Laptop odr Mac ze kucken .. Apple Tv bei den TV, sync, zack kann ee kucken, méi einfach geet et net.



Geschrieben von ApplEric am 09.01.2007 um 21:45:

 

as scho praktesch. Kann een dann och d'Mp3-kollektion iwwert den iTV laafe lossen? Wann een eng flott Anlach an der Stuff stoen hudd, wirr dat praktesch. Well Filmer hun ech eigentlech baal keng um Computer. Do bleiwen ech bei den DvDen. Do krett ee jo well fir 5 €uro gudd Filmer.
Mee ech mengen, brauch keen iTV. Dei suen spueren ech fir mer en Objektiv ze kaafen. großes Grinsen



Geschrieben von Maggele am 09.01.2007 um 21:47:

 

johny, ech fäerten dat as nemmen theorie großes Grinsen et as wéi e mac: macintosh as genial, mee nach emmer NEMMEN ee computer. ech denken dass een sech net ZEVILL driwwer freen däerf, soss as een herno enttäuscht ;D an dat welle mer jo net..



Geschrieben von Johny am 09.01.2007 um 21:53:

 

@ApplEric: Kloer kann een och seng Musik läuschtren driwwer, och Fotoen kanns de kucken ... großes Grinsen

@Maggele: Nix Theorie, steet jo alles schéin do an alles waat se schreiwen stëmmt och, daat war nach nie aanescht Augenzwinkern



Geschrieben von Maggele am 09.01.2007 um 22:03:

 

hu mer deen iPhone elo mol bessi méi no ugekuckt!
(fir beim thema ze bleiwen ;D )

gesäit zimlech stramm aus. hun se eppes iwwert de präis gesot?

en as just e bessi méi grouss wéi ech mer dat gewenscht hun unglücklich



Geschrieben von ApplEric am 09.01.2007 um 22:10:

 

Iwwert de preis hun ech nach naischt gesot, ka mer awer firstellen, datt en sou deier gett wei den 80gb iPod. Mee beim iPhone hudd een awer weesentlech mei Funktiounen, an et ass ipod matt telephon.



Geschrieben von Johny am 09.01.2007 um 22:18:

 

De Präis kann ech ierch soen ...

4Gb modell: 499$
8Gb Modell: 599$



Geschrieben von gloda am 09.01.2007 um 23:27:

 

Uh, gesäit ganz interessant aus, souguer fir mech deen guer näischt mat Mac um Hutt huet... an mäin T630 fällt soulues vun eneen.



Geschrieben von Ochiniwa am 09.01.2007 um 23:34:

 

Deen well ech and deen kreien ech!



Geschrieben von yoshi am 10.01.2007 um 08:31:

 

*sabber*
sou souz ech schon gechter owend do, wou ech den live text gelies hun, an sou sou ech an der nuecht do wou ech den video gekuckt hun an lo setzen ech na emmer sou do großes Grinsen

ech well, ech well, well!!!

just eng saach wou ech mer gedanken maan:

4GB wann esouvill drop ass, dann mecht een och vill domat, gin 4GB dann na duer?

oder vir stolzer 100$ mei 8GB? ass et der wert? waat mengt der?



Geschrieben von Penguin am 10.01.2007 um 14:37:

 

Ups, deen Comment haat ech iwwersin, pardon. Ech hun daat selwer och net gär, wann alles puer Mool an engem Forum steet. Lösch en , wann daat geet.

// UPDATE by Johny: Done matt eisen 2 Augenzwinkern



Geschrieben von mmphotos am 10.01.2007 um 15:54:

 

dei preisser dei den johny ugin huet sin mat 2 jores handy kontrakt...ouni kontrakt also lockker 200 euro mei



Geschrieben von gloda am 10.01.2007 um 16:01:

 

traurig Dat wier jo ze schéi gewiercht...



Geschrieben von -Laurent- am 10.01.2007 um 17:33:

 

hmm apple rechent dollar an euro jo och een zu een em hmm fir den 8 giga modell wieren daat dann emmerhin 800 euro ^^
do giff ech dann zwar eischter een laptop dovunner kaafen 800 euro ass vill geld an mengen aan Augenzwinkern



Geschrieben von ApplEric am 10.01.2007 um 17:34:

 

Matt der Zait gett dat och mei belleg. Opschons, den iPhone ass lo schons 5 Joer mei weit an der Technik wei aaner Smartphones. Do krett een och eppes fir seng suen, wat fonktioneiert. Wann ech do u Sony-Ericsson an Nokia zreck denken, do klappt villes net mei matt der Zait.

Mee ech mengen net datt dat 200€uro mei deier gett, well wann ech mer d'aktuell preiser ukucken, do kascht den Handy mam Abo emmer 100€ manner. Vun dohier lossen ech mech iwwerraschen wat e lo tatsächlech kascht.

Mee ech perseinlech brauch lo keen iPod oder neien Handy, doweinst waarden ech nach puer Joer, an dann senn se secher scho mei preiswert, well d'Konkurenz wei Motorola, Nokia an Sony-ericsson schleift net. Mee menger Meeung no kreien naischt besseres wei Apple. Souguer Sony hat scho versicht en iPod-Killer rauszebrengen, ouni Erfolleg. Apple Produkter senn einfach Kult!

Ech weess zwar net op dei Preiser net awer ouni Abo senn, well hei steet nix dovun:

http://www.tagesschau.de/aktuell/meldungen/0,,OID6282924_REF1,00.html



Geschrieben von Neckel am 10.01.2007 um 17:46:

 

Geilen Apparat ... hm hätt en nemmen suen zevill unglücklich



Geschrieben von mmphotos am 10.01.2007 um 19:17:

 

Op der keynote war eng powerpoint presentatioun wou deen vum johny genannten preis stoun an hannendrun mat 2 joer kontrakt...


Powered by: Burning Board 2.2.2 © 2001-2004 WoltLab GmbH